Search

You may also like

taxx.lu – Esou ass d’Steiererklärung easy gemaach
Neiegkeeten

taxx.lu – Esou ass d’Steiererklärung easy gemaach

Esou einfach a schnell war d’Steiererklärung nach ni erleedegt. Mam

De pure Live-Genoss: Eng gelonge Première vum Culture Forest Festival
Neiegkeeten

De pure Live-Genoss: Eng gelonge Première vum Culture Forest Festival

Mam Culture Forest Festival huet d’Stad Esch-Uelzecht net nëmmen e

Erneierung vum Kollektivvertrag mat John Zink International
Neiegkeeten

Erneierung vum Kollektivvertrag mat John Zink International

Um 28. Mee 2020 hunn den LCGB an den OGBL

Staatsrot mat wéineg Versteesdemech fir Denunzianten

Staatsrot mat wéineg Versteesdemech fir Denunzianten

Am Gesetzprojet 7738, deen haut de Mueren an der Chamber vun de Koalitiounsparteien a wuel och der CSV wäert ugeholl ginn, haten sech déi der Demokratie an dem Rechtsstaat verflichte Juriste geduecht, datt de System vun de Gielemännercher ënnert dem Naziokkupant dach keng schlecht Iddi, an zudeem ganz praktesch an der Uwennung war.

Dat huet fir eppes Gedauschs gesuergt, an esouguer de Staatsrot – dee keng formell Oppositioun zum Text virgeluecht huet – huet de Prinzip u sech denoncéiert. Et ass am Kontext vun de ville Covid19-Gesetzer och wichteg nach emol drop hinzeweisen, datt bezunn op d‘Urgence an de kuerzen Zäitraum, deen en wäitreechenden Avis guer net ausgeschafft gëtt an ee sech duerch déi komplementar Erklärunge wulle muss, fir d‘Awänn opzespieren.

Gesondheetskommissioun

De Passage „16ter“ ass dann och gëschter an der Gesondheetskommissioun vun den Deputéierten nees aus dem Gesetz gestrach ginn. Datt esou eppes iwwerhaapt säi Wee an ee Gesetz fonnt huet, wou de Premierminister nach am Summer vun dësem Joer drop higewisen hat, datt hien net an engem „Denunziante-Staat“ liewe wëll, ass bedenklech. Woubäi, wann ee berécksiichtegt, datt de Xavier Bettel d‘Rechtsstaatlechkeet à la Orban toleréiert…

Esou denkt ee wuel och am Staatsrot, well eng formell Oppositioun géint dëse Passage huet dësen explizitt net virgeluecht. Hei gëtt virun allem gefaart, datt dëse Passage d‘Vertraue vun de Leit an den Tracing-Management kéint schwächen, a Mënschen déi „positiv“ getest ginn/goufen duerch dës Dispositioun belaascht géifen. Si hu geroden de Passage aus dem Gesetz ze sträichen. Erstaunlech: och d‘Deputéiert vun der Majoritéit war fir eng Sträichung.

Halt op un der Auer ze dréinen

Am Avis vum Staatsrot ass och déi virverluechte Spärstonn – vun elo 23 op dann 21 Auer – op de Leescht geholl ginn. D‘Spärstonn ëm 2 Stonne virzeverleeën, ass jo laut Gesondheetsministesch „een effektiivt Mëttel den Infektiounstaux ze reduzéieren“. U wat si dat festmécht, a wou si déi wëssenschaftlech Erkenntnisser hierhëlt?

Denunzianten

Et ass ee „Bauchgefill“, oder wéi et de Fraktiounschef vun der DP, Gilles Baum, mengt: „et muss ee just iwwert d‘Grenze kucken, fir mat eegenen Aen ze gesinn, datt et eng Wierkung huet“. Bei esou Aussoen, versteet sech nees firwat am Gesetz d‘Leit sollten ugehale ginn, Denunzianten ze ginn. Wéi och ëmmer, de Staatsrot an d‘déi consultativ Kommissioun vun de Mënscherechter (CCDH) proposéieren, dës Ännerung falen ze loossen.

Argumentatioun ass alles

Beim Verbuet „Alkohol am ëffentleche Raum“ ze konsuméieren, freet ee sech am Staatsrot, wéi en ëffentleche Raum gemengt ass? Gehéieren dozou och „privat Parkingen“, déi juristesch net zum ëffentleche Raum ze ziele sinn. De Staatsrot weist och drop hinn, datt den Horesca-Secteur keng Clienten empfänke kann, an datt Versammlunge strengsten encadréiert ginn. Hie wéilt scho wëssen op dat der ëffentlecher Gesondheet déngt.

Denunzianten

Mee de Staatsrot huet Versteesdemech, datt et méi streng Oplage brauch, an dat net nëmme wéinst der grousser Zuel un Infizéierten. Och déi héich Kierperschaft ass iwwerzeegt, datt d‘Leit sech iwwert d‘Feierdeeg net ze behuele wëssen an et doduerch zu engem héijen Infektiounstaux iwwert d‘Feierdeeg ewech komme muss. De Staatsrot gëtt ze bedenken, datt et ëmmer méi Absenteismus am Gesondheetssecteur och Moossnamen erzwéngen.

Wat dann elo um Enn vun dësem op en neits héich kontrovers diskutéierte Gesetz iwwreg wäert bleiwen, datt wësse mir an den nächste Stonnen. Et ass dovunner auszegoen, datt d‘Majoritéit un der Spärstonn ab 21 Auer wäert festhalen, esou och beim Alkoholkonsum am ëffentleche Raum. De Rapporter Mars di Bartolomeo, weess jo wéi een de Konsens erbäiféiert an dierft nach emol iwwert sech erauswuessen, wann hien d‘Gesetz presentéiert.

Illustratioun: Den neie „Pro-Rechtsstaat“ Logo vun der Lëtzebuerger Regierung – Gergely Racz / Pixabay

Related topics Avis, Covid19-Gesetz, Gesetzprojet 7738, Gesondheetskommissioun, Protest, Staatsrot
Next post Previous post