Search

You may also like

Michael Cohen: Den Affekot vum Däiwel?
International Neiegkeeten

Michael Cohen: Den Affekot vum Däiwel?

Wann een awer net emol méi sengem Affekot vertraue kann…

De „REVIS“ geet der Caritas net wäit genuch
International Neiegkeeten

De „REVIS“ geet der Caritas net wäit genuch

Bei der Caritas ASBL ass ee mam Gesetzprojet, deen aus

What the Fakt – de Matbegrënner vum Impressionismus gouf virun 178 Joer gebuer
International Neiegkeeten

What the Fakt – de Matbegrënner vum Impressionismus gouf virun 178 Joer gebuer

Hien war ee franséische Moler, Matbegrënner an Haaptvertrieder vum Impressionismus.

Éischte juristeschen Intermezzo fir den Austrëttsvertrag

Éischte juristeschen Intermezzo fir den Austrëttsvertrag

Bréissel huet wéinst brittesche Verstéiss géint Brexit-Sonnerreegelen an Nordirland ee Verfare géint London an d‘Wee geleet. D‘EU-Kommissioun werft de Britte vir d‘Vereenbarungen eegemächteg ze änneren, an esou géint den Accord vun 2019 ze verstoussen. London gesäit dat anescht…

Eigentlech haten d‘Vertragspartner sech drop verstännegt, datt fir Nordirland eng ganz Rei Reegele vum EU-Bannemaart weider Bestand sollten hunn. Sënn an Zweck dovunner: eng fest Landesgrenz op der irescher Insel verhënneren. Dat awer bréngt mat sech, datt et eng „Grenz“ tëscht Nordirland an dem Recht vum britteschen Empire huet. Importer aus Nordirland mussen dedouanéiert ginn.

Interessanterweis, war et gelongen sech op eng Aart Schounfrist mat verréngerte Kontrollen ze verstännegen, woubäi d‘Politik wéi esou oft net Ëmsetzt wat a grousse Riede verkënnt gëtt. Elo huet et an Nordirland „eidel Regaler“. Dobäi sollt déi éischt Iwwergangsphas jo awer eréischt Enn Mäerz op en Enn goen. Gesondheetszertifikater fir animalesch Produkter, déi vu Groussbritannien un Nordirland geliwwert ginn, wieren also fréistens am Abrëll virgeschriwwe gewiescht.

Nordirland

De Boris „King of the World“ Johnson a seng lëschteg Gesellen awer, schéngen et wierklech drop ofgesinn ze hunn, d‘Bezéiunge mat der Unioun nohalteg a laangfristeg ze schiedegen. London braddelt eppes vun „iwwerméissege Konsequenze vum Nordirland-Protokoll“ an huet Moossnamen ergraff. Ee vun de ville EU-Kommissiounsvizepresidenten huet de Britte Vertragsbroch virgeworf.

Wann et net ëm de Goss géif goen…

De Slowak Maros Sefcovic (zanter iwwer 10 Joer Member vun der Kommissioun, eigentlech ee Kommunist, aus politeschen Opportunismus elo Sozialist, trotzdeem en erkläerten Homophob) werft also de Britte Vertragsbroch vir, esou och déi iresch Regierung. De Brexit-Beoptraagten David Frost mengt sengersäits, datt déi brittesch Mesuren noutwenneg a rechtméisseg sinn.

Et géif sech, esou den Englänner, hei ëm temporär operativ Schrëtter handelen. Wat domadder gemengt ass? Eigentlech brauch et dozou keng Erklärung, vu datt et Texter huet déi dat am Virfeld sollten ofgekläert hunn. Béis Zonge behaapten elo, datt déi souwisou belaaschte Bezéiung tëscht Europäescher Unioun a Groussbritannien, bewosst weider deterioréiert soll ginn. Dat ass gewot.

Nordirland

Déi iresch Insel hat jo am Kontext vum Brexit eng besonnesch Bedeitung zougemooss kritt. Et wollt ee bei de Verhandlungen dofir Suerg droen, datt et op der Insel net méi zu enger fester Grenz kënnt, wëll sech da Katholiken a Protestanten nees géifen d‘Käpp aschloen. Dat ganz besonnesch am vun den Englänner besaten Nordirland. Eng Wiedervereinegung schéngt jo kloer ausgeschloss.

Anersäits ka sech London et politesch net leeschten, datt déi iresch Kolonie duerch eng intern Grenz vum Empire ofgekoppelt gëtt. Bréissel kann et sengersäits net zouloossen, datt Nordirland keng Douaneskontroll fir Importer aus dem Empire duerchféiert. Hei kéint de „fräie Wuereverkéier“ an der Unioun gestéiert ginn, wann d‘Britten Irland als „Hannerdier“ fir illegal Aktivitéiten notzen.

mat indymedia/bfs/dub/lon/bru

Illustratioun: © Nong Vang / unsplash

Related topics EU-Bannemaart, EU-Kommissioun, Groussbritannien, Irland, Maros Sefcovic, Nordirland
Next post Previous post