Search

You may also like

D‘Eisebunner stellen sech um Kierchbierg den EU-Transportminister entgéint
Neiegkeeten

D‘Eisebunner stellen sech um Kierchbierg den EU-Transportminister entgéint

Laut eiser Police, waren et ronn 250 Eisebunner aus Lëtzebuerg,

money
Black Friday: Deem enge säi Leed ass deem aneren seng Freed
Neiegkeeten

Black Friday: Deem enge säi Leed ass deem aneren seng Freed

D‘Annonce gëschter vum Premierminister an der Gesondheetsministesch d‘Betriber aus dem

Kanns de op meng Planzen oppassen? Kee Problem!
Neiegkeeten

Kanns de op meng Planzen oppassen? Kee Problem!

Wien fir eng länger Zäit an d’Vakanz geet, kennt de

Hausdéier: Opgepasst beim Kaf oder der Adoptioun am Ausland

Hausdéier: Opgepasst beim Kaf oder der Adoptioun am Ausland

Wëll ee säi Liewe mat engem véierbeenege Begleeder beräicheren, sollt een sech an den nationalen Déierenheemer ëmkucken. Net fir näischt heescht et „don’t shop, adopt!“, genuch léif Schnuffe waarden op en neit Doheem. An dësem Kader réit d’Veterinärsverwaltung vun enger Adoptioun, respektiv dem Kaf vum Hausdéier am Ausland of. Besonnesch vun Hond, Kaz a Co. déi aus der Géigend Russland, Wäissrussland an Ukrain kommen, sollt een d’Fanger loossen.

Oft hu si net genuch Antikierper géint Tollwut an och zuelräich aner sanitär Risike kënnen op een duerkommen. Esou gëtt recommandéiert Uecht ze doen, d’Dokumenter an d’Pabeiere vum Déier genee ze kontrolléieren a méiglechst en Hausdéier aus den Nopeschlänner ze kafen, respektiv ze adoptéieren, wann een net op national Déierenasyler an -ziichter duergoe wëll.

Opmaacherbild: © A Cruikshank / Unsplash

Related topics Adoptioun, Déierenheem, Hausdéier, Import, Kaz, Landwirtschaftsministère, Veterinärsverwaltung
Next post Previous post