Search

You may also like

De Chômagetaux fält nees op 6,1%
Neiegkeeten Sport

De Chômagetaux fält nees op 6,1%

Fir d‘Entwécklung vum Aarbechtsmaart ze analyséieren, vergläicht d‘ADEM seng aktuell

THISISFOREVERMORE: Dëse Samschdeg an der Kulturfabrik
Neiegkeeten Sport

THISISFOREVERMORE: Dëse Samschdeg an der Kulturfabrik

Um kommende Samschdeg, den 21. September invitéiert d’Kulturfabrik zu Esch

No der Ukrain, den Eclat wéinst der Syrien-Politik
Neiegkeeten Sport

No der Ukrain, den Eclat wéinst der Syrien-Politik

Beim treffen tëscht den Oppositiounsleader an dem Donald Trump ass

D‘Damme vum VFL Bochum op Besuch beim SC Beetebuerg

En interessante Frëndschaftsmatch zur Virbereedung op d‘Championsleague

Huele mir d‘Resultat direkt an de Grapp: SCB 0 – 7 VFL, fir et dann och nees séier ze relativéieren, well och wann do Zuele stinn, esou sinn déi net wierklech aussokräfteg, wat dem Kontext vum Match geschëlt ass. Sécher, och eis Damme vum SC Beetebuerg hätten et virgezunn d‘Renconter als Gewënner ze beschléissen, mee gëschter huet et aner Prioritéite ginn.

Eis Damme vum SCB hunn sech mam Meeschtertitel fir d‘Championsleague qualifizéiert, an do wäerten si et richteg schwéier gemaach kréien. Et muss sech also méi wéi jee virbereet ginn. Gutt virbereet muss sech ginn, an datt sech d‘Damme vum VFL Bochum (3. Bundesliga) sech bereet erkläert hunn op Beetebuerg ze kommen, ass einfach fantastesch a war jo och net vu Muttwëll.

Opstellung vun den Equippen

VFL Bochum: 1 Antonia Soce, 3 Jennifer Brinkert, 4 Vanessa Beyer, 5 Chantal Meißner, 9 Akane Yatsugi, 10 Gizem Kilic, 11 Lynn Olgemann, 12 Celina Jürgens, 13 Elisa Kschiedel, 17 Ann-Christin Frank, 20 Valentina Vogt. Reserven: 7 Nisrine Zerioul, 8 Magdalena Bigdon, 14 Nina Breuer, 22 Marima Pawlica, 23 Angelina Becker, 19 Lucy Schmidt. Team: Willi Wernicj, Paul Müller, Thorsten Brendel a Regina Müller.

VFL Bochum

D‘Damme vum VFL Bochum. Si waren net komm fir et hire Géignerinnen einfach ze maachen an hunn entspriechend zougeschloen. © Martine de Lagardère/moien.lu

SC Beetebuerg: 1 Lena Krier, 88 Amenis Coreia, 9 Sadine Correia, 12 Tamara „Tammy“ Aniset, 6 Sarah Witry, 16 Senada Ceman, 25 Lea Pizzimenti, 20 Kate Thill, 11 Anouchka Bech, 14 Stessy Musseleck, 18 Marie-Amelie Albrand. Reserven: 22 Sheila Hoja, 17 Rita Garcia, 7 Martha Pires, 5 Kim Ney, 77 Melissa Teixeira Muacho, 23 Nancy Serrano Ferreira, 10 Hanna Thill, 19 Louana Testi, 13 Bisa Ceman. Team: José Marin, Daniel Nunes, Romain Weber.

VFL Bochum

Déi komplett Ekipp vum SC Beetebuerg, esou wéi se sech fir d‘Championsleague opgestallt huet. © Martine de Lagardère/moien.lu

Stëmmen zum Spill

Nom Spill huet eis vum VFL Bochum d‘Valentina Vogt (20) eppes zum Spill an zur kommender Saison an der Bundesliga gesot. Esou konnte mir gewuer ginn, datt et och fir si am Hibléck op déi nächst Saison, dëse Frëndschaftsmatch e gudden Test war. Si hätten dëse Match genotzt fir emol ze gesinn, wou et nach en Defizit gëtt, deen am Training méi staark muss berécksiichtegt ginn. Wat déi nei Saison betrëfft, esou ginn d‘Damme vum VFL éischter zouversiichtlech drop duer an hunn och kloer den Usproch den Opstig an déi 2. Liga ze packen. Gefreet gëtt sech schonn op den Derby mat Recklinghausen.

Vum SC huet sech d‘Martha Pires (7) zum Dag geäussert. Datt d‘Spill mat 0:7 verluer gaangen ass, geséich nëmmen um Tableau brutal aus. An de leschten Deeg a Wochen hätt ee sech beim Training an éischter Linn op déi physesch Konditioun konzentréiert. Déi misst fir Championsleague top sinn soss riskéiert et eng Tortur ze ginn. Technesch muss sech wuel nach a verschidde Punkten eppes méi ugestrengt ginn, mee do wier een um gudde Wee. D‘Martha a seng Ekipp wëllen an der CL e puer Goaler schéissen, wat jo bis ewell och nach kenger Lëtzebuerger Mannschaft gelongen ass. Dofir gëtt da vu „Vakanz“ Abstraktioun gemaach, an sech voll op d‘CL konzentréiert.

Kleng Remark

Mir sinn eis duerchaus bewosst, och wa mir eis dat natierlech anescht wënschen, datt dës Ekipp déi mir eng Saison laang begleede konnten, scho ganz vill Gléck misst hunn déi éischt Ronn an der CL ze iwwerstoen. Anersäits si mir awer dovunner iwwerzeegt, datt si net nëmme prächteg Sports-Ambassadrice fir d‘Gemeng an de Club wäerte sinn, mee och d‘Landesfaarwe wierdeg vertriede wäerten. Um haitege Samschdeg waren si awer emol relax mat den neie Frëndinne vum VFL en Tour an d‘Stad maachen an hu bei engem Mëttegiessen de Besuch ofgeschloss. D‘Redaktioun dréckt dem SC fir d‘CL d‘Daumen a wäert si dann och an der Saison 29/20 journalistesch begleeden.

Foto: De Kolléisch vun den Arbitter mam Assistent-Coach vun de Beetebuerger Dammen. Mir kënne versécheren, datt och wann d‘Stëmmung fantastesch war, eis „Men in Black“ d‘Renconter tëscht béide Fussballsequippe ganz eescht geholl hunn. © Martine de Lagardère/moien.lu

Related topics Championsleague, Dammefussball, SC Beetebuerg, VFL Bochum
Next post Previous post