Search

You may also like

What the Fakt – De Gebuertsdag vum gefréissege Garfield!
Kultur Neiegkeeten Stories

What the Fakt – De Gebuertsdag vum gefréissege Garfield!

Dës Kaz ass gefréisseg, déck an ëmmer op der Sich

surprise
Wat dir ëmmer scho wësse wollt
Kultur Neiegkeeten Stories

Wat dir ëmmer scho wësse wollt

Et kléngt wéi eng „alternativ“ Pressematdeelung, oder zumindest mat en

Editorial: Keng Panik!
Kultur Neiegkeeten Stories

Editorial: Keng Panik!

A China ass en neiaartege Coronavirus (2019-nCov) ausgebrach, an deen

Vianden Tattoo Convention 2019: Wëllkomm op der Ink-Party!

Vergaangene Weekend hunn zu Veianen am Kulturzentrum Larei nees Tätowéier-Maschinne gesummt, t’ass Tënt ass gefloss a Konschtwierker bewonnert ginn. Natierlech schwätze mir hei vun der 22. Editioun vun der Vianden Tattoo Convention. Wärend zwee Deeg huet sech d’Stad mam bekannte Schlass ganz der Kierperkonscht zougewandt.

Samschdes a Sonndes huet den Avishai Tene vun den Ink Junkies nees op seng grouss Party – Vianden Tattoo Convention –  invitéiert. Jo dir héiert richteg! Fir hien ass dëst artistescht Evenement nämlech net einfach mat Kucke, Bewonneren a bëssi Wéi verbonnen, mee een risegt Treffen ënner Kollegen, déi all eng gemeinsam Leidenschaft deelen.

Wärend engem ganze Joer huet de geckegen Tätowéierer, nieft senger normaler Aarbecht, d’Nuechte mam Plangen an Opbaue vun der Convention verbruecht. D’Resultat krute viru kuerzem endlech ze gesinn: Vum Flyer, iwwert d’Kënschtler bis hin zur Ënnerhalung a Restauratioun hat den Avishai sech de Visiteure wierklech opgeaffert.

Iwwer 50 Artisten hu sech op de Wee an dat molerescht Veianen gemaach. An dobäi konnt een international Gäscht begréissen: Dem Organisateur säi Choix huet sech op ee weltwäite Repertoire u Bekannten a Kollege bezunn, déi souguer aus den USA, Russland an Neiséiland ugereest sinn. Natierlech hunn dës villfälteg Stänn mat hirer Diversitéit u Stiler och hir Plaz benéidegt, wouduerch all Zentimeter vum Gebai fir d’Convention genotzt ginn ass.

Vianden Tattoo Convention

Hei ass se, déi geckeg Nudel Avishai! © Shari Pleimelding/moien.lu

Dat goung ënnert d’Haut!

Besonnesch opfälleg waren am grousse Sall 4 Artisten, déi ganz der aler Traditioun vum tätowéieren no de sougenannten Ta Moko Tatau presentéiert hunn, woubäi per Hand dem mënschleche Support d’Motiv ageklappt gëtt. Wéi d’Maori huet een Artist beispillsweis mat enger Aart Hummer an Nol d’Tënt ënnert d’Haut bruecht. Esou sinn d’Tätowéierer selwer och zum „Ausstellungsstéck“ ginn, wann een dat emol esou nennen dierf.

Mat senger oppener frëndlecher Aart konnt den Organisateur aus Neiséiland den Te Kaha vum Ngai Thuoe an Ngati Kahungunu Stamm op Lëtzebuerg bréngen, deen de Gäscht den Haka-Danz bäibruecht, eng sougenannt Kava Zeremonie organiséiert a Geschichten, Legenden a Wäisheete vu sengem Vollek vermëttelt huet.

Vianden Tattoo Convention

De Brent McCrown schafft ganz der aler Traditioun no © Shari Pleimelding/moien.lu

D’Kombinatioun aus Musek vum DJ Eduard El Camino a Konscht vun The Lost Boys, dem Eric Bel, Mano an dem Sam Jakobson huet de Weekend perfekt ofgerënnt. Tëschenduerch huet een ëmmer nees Verkeefer vu Begleedung a Piercinge fonnt, ganz wéi een et vun Tattoo Conventions gewinnt ass.

Als ofschléissend Wuert sollt een nach ervir hiewen, datt dëst familiäert Treffen zu Veianen wuel mat kenger anerer Tattoo Convention zu Lëtzebuerg ze vergläichen ass. Deem engen oder anere wäerten d’Raimlechkeete vläicht net esou gutt gefalen, allerdéngs muss een och hei nees soen, datt den Avishai de Weekend quasi eleng op d’Been stellt a säi ganzt Häerzblutt dra leet. A wien bis emol an ee Gespréich mat dëser geckeger Nuddel verwéckelt ass, dee wäert sech häerzlech empfaangen, super opgehuewen a gutt ënnerhale fillen!

Notéiere sollt ee sech och scho vir dat nächst Joer den 10. an 11. Oktober. Do steet nämlech déi 23. Editioun vun der Vianden Tattoo Convention un.

Related topics Avishai Tene, Ink Junkies, Larei, Tattoo, Veianen, Vianden Tattoo Convention
Next post Previous post