Search

You may also like

Holland huet säin zweete Shutdown
International Neiegkeeten

Holland huet säin zweete Shutdown

Zanter Mëtternuecht sinn eis hollännesch Frënn am krasseste Lockdown deen

De Wollef wot den Danz am Pandabier
International Neiegkeeten

De Wollef wot den Danz am Pandabier

Kaum ee Mënsch op der Welt dierft wësse wien den

Fir begleedend Sécherheetspersonal an ëffentleche Verkéiersmëttel!
International Neiegkeeten

Fir begleedend Sécherheetspersonal an ëffentleche Verkéiersmëttel!

Zënter der Aféierung vun der Maskeflicht an den ëffentleche Verkéiersmëttel

Gëtt et a Frankräich eng populistesch Revolutioun?

Nom Debakel bei de Regionalwale sicht d‘Marine Le Pen den oppene Schlagaustausch mat de Macronisten an d‘Victoire bei de Presidentiellen 2022

Gëtt et a Frankräich eng populistesch Revolutioun?

An néng Méint sollen eis franséisch Noperen sech en neie Staatschef wielen. Ob se da gebrauch vun hirem Walrecht maachen oder sech nees den Tockskapp weisen, wäert wuel och vill domat ze dinn hunn, wat hinne vun der Politik gebuede gëtt. Dat ass jo aktuell éischter net erfreelech, an ëmmer nëmme „géint eppes“ Stëmme kann sech op Dauer jo och net opgoen.

Dat weess esou och d‘Marine Le Pen, déi beim Nationalkongress vum Rassemblement National zu Perpignan mat 98,35% bal een esou gudde Score wéi den nordkoreanesche Kim Jong-un, mee een däitlech bessert Resultat wéi den Alexander Lukaschenko a Wäissrussland, erziilt huet. D‘Affekotin huet um Kongress erkläert datt si ab September an de Walkampf geet, an d‘Zil d‘Presidence ass.

Zilsetzunge sinn dat eent, mee si kënnen net doriwwer ewechtäuschen, datt och de Rassemblement National bei de Regionalwalen zolidd ofgestrooft ginn ass. Déi sougenannt „Unhänger“ haten esou och de Comptoir vum Wiert léiwer wéi d‘Walkabinn an hu mat Ofwiesenheet geglänzt. Dobäi war an de Sondagen, de Populisten eng „grouss Zukunft“ versprach ginn. Sondagen eben…

Kampfuso un de Macron

Zu Perpignan, virun ee puer honnert ausgewielten Delegéierten huet d‘Marine Le Pen déif an de Rhetorik-Regëster gegraff, fir hir Politmilizen op de Kampf virzebereeden. Et geet ëm net manner wéi d‘Presidence vu Frankräich, an der RN-Presidentin hiren drëtten Ulaf soll endlech den erhofften Erfolleg bréngen. Dat geet awer nëmme mat vill Ënnerstëtzung an enger héijer Walbedeelegung.

Marine Le Pen© RN

Mee wien net kämpft huet bekanntlech scho verluer, a Kampfrhetorik enthält grondsätzlech eppes Zouversiicht: „Mir wäerten dës Victoire ustriewen. Mir mussen d‘Fransouse vun der Wichtegkeet vun dësem Termin iwwerzeegen, deen si op kee Fall verpassen dierfen“, esou d‘Parteicheffin zum Kongressofschloss. D‘Richtung wier also kloer an den RN soll weider „deradikaliséiert“ ginn…

D‘Marine Le Pen wëll net méi zum radikale „Front National“ zeréck, sicht sech eng Plaz an der Mëtt vun der Gesellschaft, fir ee gréissere Wielerspektrum ze erreechen. Si féiert elo zanter engem Joerzéngt d‘Geschécker vun der Partei, an d‘NAZI-Nostalgie vun hirem Papp, Jean-Marie Le Pen, déi zwar vill Unhänger bruecht huet, ni awer d‘Presidence, soll definitiv der Geschicht gehéieren.

Si kënnen net aus hirer Haut

Streng soziologesch betruecht huet sech dann awer bannent dem Rassemblement National, just den Ausdrock, net awer déi grondsätzlech friemefeindlech a schonn eppes un déi faschistesch Ideologie ugeleente politesch Ausriichtung verännert. D‘Marine Le Pen huet hire Frënn an Unhänger nach an Erënnerung geruff, datt de Rassemblement National och international Allianzen agaangen ass.

Marine Le Pen

Wann een sech an der franséischer Ëffentlechkeet méi zentrumsorientéiert statt rietsradikal wëll weisen, esou dierf dat net bedeiten, sech vu senger Gesënnung ze trennen. Esou gëtt drun erënnert datt ee sech mat der Lega Nord vum Matteo Salvini, an och der Fidesz vum Viktor Orban op eng Allianz vun der Vernonft agelooss huet. Eng Unioun déi gemaach ass fir Europa ze schützen.

Zil vum Marine Le Pen bei dëse Presidentiellen, falls si da beim drëtte Versuch net méi sollt kënne verhënnert – jo a Frankräich gëtt generell net „fir eppes“ mee eigentlech traditionell „géint eppes“ gestëmmt, firwat wuel och kee méi esou richteg Loscht huet – ginn, ass ee Referendum betreffend Immigratioun ofzehalen, eng Regierung vun der nationaler Eenheet opzestellen an dem Hexagon nees zu biergerlechem Fridden ze verhëllefen. D‘Autoritéit vum Staat muss nees hiergestallt ginn.

Dat gëtt kee Spadséiergank

Wann een elo dierf iwwerzeegt sinn, datt d‘Marine Le Pen nach ëmmer de Kampfeswëllen an sech dréit a selwer iwwerzeegt ass, d‘Presidentin vun de Fransousen, also deene richtege Fransousen ze ginn, esou ass och bannent dem Rassemblement National net alles Gold wat blénkt. Esou huet et jo awer eppes Zweiwel ënnert den Delegéierte gehat. D‘Regionalwale ware schonn eng an d‘Sabbel…

Esouguer den erkläerte Faschist, Parteigrënner an onséilege Papp vum Marine Le Pen, huet sech mat sengen 93 Joer nach emol missen „abréngen“. De Jean-Marie Le Pen huet gefuerdert, der Partei nees hir Männlechkeet zeréckzeginn a zu fréiere Grondsätz zeréckzefannen. Op seng Meenung nach interesséiert, wou hie scho viru Joren op d‘Ofstellgleis gestallt gouf? Éischter net, an awer.

Do huet et jo och nach ee weideren Dapp um politesche Spillfeld: de Fascho-Journalist a Pseudo Auteur Éric Zemmour. De publizisteschen Held vun der konservativer Postille „Le Figaro“ well anscheinend och President oder Sonnekinnek vu Frankräich ginn, ganz kloer ass dat nach net. De Zemmour huet tatsächlech Chancen, dem RN seng brong Ideologen, fir sech ze gewannen.

mat indymedia/pgf

Foto: „Well mir u Frankräich gleewen a well mir un d‘Intelligenz vu senge Kanner gleewen, wësse mir datt Frankräich a sech déi Ressourcen dréit, déi et fir seng Zukunft brauch“, seet esou d‘Marine Le Pen um Nationalkongress vum Rassemblement National zu Perpignan. © RN

Related topics Faschismus, Marine Le Pen, Populismus, Presidentiellen 2022, Rassemblement National, RN
Next post Previous post