Search

You may also like

Nice… den Dag duerno
Neiegkeeten

Nice… den Dag duerno

Gëschter huet moies kuerz no 9 Auer en 21 järegen

Zackeg ënnerwee: Den Dylan Pereira ass Autosportler vum Joer 2019
Neiegkeeten

Zackeg ënnerwee: Den Dylan Pereira ass Autosportler vum Joer 2019

Ze rennen, wéi ee Biischtebënner huet sech fir verschiddener vun

E „Sans-abri“ ass a bleift ee Mënsch
Neiegkeeten

E „Sans-abri“ ass a bleift ee Mënsch

Datt mir als Gesellschaft virun Aarmut a Misär d‘Ae verschléissen

An Trauer: Covid-19-Stierffall an der Famill vu S.A.R. der Groussherzogin

An Trauer: Covid-19-Stierffall an der Famill vu S.A.R. der Groussherzogin

A grousser Trauer deelt de groussherzoglechen Haff mat, datt den Här Victor Batista Falla, Monni vu S.A.R. der Grande-Duchesse a leschte verbleiwende Brudder vun hirer Mamm, op Ouschteren um Covid-19 verstuerwen ass.

Als Resident vu Madrid wollt den Här Victor Batista Falla no iwwer 60 Joer nees säi Gebuertsland Kuba besichen. Am Alter vun 87 Joer ass hien um Sonndeg dunn um neiaartege Coronavirus gestuerwen.

Hie gëllt als unerkannten Editeur a gehéiert zu de grouss Mäzenen vun der kubanescher Literatur am Exil.

Fir déi ganz Famill vu S.A.R. der Grande-Duchesse bedeit dësen Doudesfall ee grousse Verloscht. D’Redaktioun vu Moien.lu deelt hiert häerzlecht Bäileet mat a wënscht vill Courage.

Fotoen © Cour grand-ducale

Related topics Coronavirus, Covid-19, groussherzoglech Famill, Kuba, S.A.R. d'Groussherzogin Maria Teresa, Stierffäll, Victor Batista Falla
Next post Previous post