De Videoconcours „Ram“ ass lancéiert

1078
Video
© Jakob Owens/ unsplash

Déi 11. Editioun vun der nationaler Competitioun „Ram“ ass lancéiert. Dës gëtt vum Service national de la Jeunesse (SNJ), esou wéi dem Centre National de l’Audiovisuel organiséiert.

Dës Competitioun, déi all Joer am Kader vum Lëtzebuerger Film City Festival stattfënnt, dréit den Numm « Concours Crème Fraîche » a bitt jonke Mënschen d’Méiglechkeet hiert Talent ze weisen. Dobäi gëtt sech besonnesch un talentéiert Leit tëscht 12 an 30 Joer adresséiert.

D’Competitioun ass iwwregens an zwou Kategorien opgedeelt.

An der éischter Kategorie, dem « Zeenario », läit de Fokus bei der Entwécklung vun engem Originaldréibuch. De Kuerzfilm soll am beschte 6 bis 9 Minutte laang sinn. De Gewënner huet d’Geleeënheet, säin Dréibuch mat der Ënnerstëtzung vun enger professioneller Ekipp ze realiséieren. D’Produktioun selwer gëtt um Film Festival 2023 virgestallt.

An der zweeter Kategorie dréit sech alles ëm 60 Sekonnen.

Och hei kritt d’Ëffentlechkeet eng Auswiel vun de beschte Videoen, an dat beim sougenannte « Schlagsan-Owend » am Kinepolis presentéiert. Dës däerfen déi dréi houfreg Gewënner bestëmmen. Déi feierlech Zeremonie fënnt de 5. Mäerz 2022 um 16:30 Auer statt. Dës weideren gëtt och de Kuerzfilm „Nice not to meet you“, de Gewënner vun der Editioun 2020 virgestallt.

Et ass nach bis den 2. Februar 2022 Zäit seng Demande, respektiv säin Dréibuch anzeschécken.

D’Reglement an all weider Informatioune sinn hei ze fannen.