Search

You may also like

12 Méint an 12 Geschichten: Ënnerstëtzung fir Persoune mat Autismus an hir Familljen (Deel 2)
Neiegkeeten

12 Méint an 12 Geschichten: Ënnerstëtzung fir Persoune mat Autismus an hir Familljen (Deel 2)

Am Kader vun eise 25 Joer, déi eis Fondation Autisme Luxembourg

OGBL: Onbaarmhäerzeg mam Patronat an der Regierung
Neiegkeeten

OGBL: Onbaarmhäerzeg mam Patronat an der Regierung

Et war geselleg um grousse Gewerkschaftsmeeting zu Péiteng, wou den

En Dag an der Natur – D’Aktivitéite bis den 21. Juni 2020
Neiegkeeten

En Dag an der Natur – D’Aktivitéite bis den 21. Juni 2020

Vum 1. Abrëll bis zum 31. August 2020 organiséiert natur&ëmwelt mat senge

De Wäibau-Secteur huet ze kämpfen, an och d’Strategie zum Wuelergoe vun den Déieren wier enttäuschent

De Wäibau-Secteur huet ze kämpfen, an och d’Strategie zum Wuelergoe vun den Déieren wier enttäuschent

De Landwirtschaftsminister Romain Schneider weist sech enttäuscht zu de Resultater vun der EU-Strategie zum Wuelergoe vun den Déieren. Déi gesaten Ziler konnten net erreecht ginn, wat op d’Käschte vu Liewewiese geet.

Gëschter Moien huet nämlech déi informell Videokonferenz vun de Rotsmemberen zur „Landwirtschaft a Fëscherei“ stattfonnt, woubäi d’Kommissioun ënnert anerem d’Auswäertung vun der Strategie 2012-2015 presentéiert huet. „Fir de Groussherzogtum muss d’Prioritéit op d’Revisioun vum Reglement zu den Déierentransporter geluecht ginn, mat enger Reduktioun zur autoriséierter Dauer vun den Trajeten an engem eventuelle Verbuet vum Export vu liewegen Déieren“, sou de Minister Schneider.

Dës weidere stounge Gespréicher zur Gemeinsamer Agrarpolitik, sou wéi dem landwirtschaftleche Maart a senge Perspektiven um Programm. D’Ministeren hu sech am Bezuch op d’GAP op eng gréng Architektur konzentréiert, woubäi de Lëtzebuerger Landwirtschaftsminister en equilibréierten europäesche Kompromëss gefuerdert huet, dee mat der Wirtschaft, dem soziale Beräich an der nohalteger Entwécklung an der Ëmwelt anhir geet.

Zousätzlech dozou soll de Prinzip oprecht erhalen, datt d’Baueren d’Diversifikatioun vun de Kulturen viruféiere kënnen, wat de gudde Fonctionnement vun hiren Aktivitéite garantéiert.

Am ekologesche Beräich gouf no nationaler Flexibilitéit gefrot. Esou koum d’Propose 30 % vun den Ausgabe vum europäeschen Agrikultur-Fong fir ländlech Entwécklung auszeginn a weider Prezisiounen zu de Reegele vun der Comptabilisatioun als Basis vun alle Rechnungen ze presentéieren.

Ma, d’Echangen hunn uschléissend ëm d’Definitioun vum „aktive“ Bauer a Produzent gedréit. An dësem Punkt huet de Minister Schneider sech zeréckhalend gewisen. Hie befiercht, datt duerch dës Definitioun Deelzäit-Landwierten ausgegrenzt ginn.

Déi aktuell Lag an e Bléck an d’Zukunft

Den Ament erlieft de landwirtschaftleche Secteur eng grouss Resilienz. Als Äntwert op éischt Fuerderunge beliwwert d’Landwirtschaft d’Gesellschaft mat gesonder Wuer an ausräichende Quantitéiten. Insgesamt konnt sech de Maart stabiliséieren.

De Mëllechpräis „ass robust“, d’Erhéijung vun de Fudderpräisser fir Déieren kaum bemierkbar. Och d’Situatioun bei de Schwäin huet sech verbessert.

Dobäi muss awer gesot sinn, datt de Secteur vum Wäibau et net einfach huet. Zum engen sinn hir Chiffres d’Affaires duerch d’Pandemie staark zeréckgaangen, an duerch den aktuelle Frascht hunn och d’Wéngerten ze kämpfen.

Weiderhin gëllt et de landwirtschaftleche Secteur a seng verschidde Beräicher ze observéieren an esou am Eeschtfall agräifen ze kënnen.

Opmaacherbild: © Anton Sharov / unsplash

Related topics EU-Strategie, Export vu liewegen Déieren, GAP, Gemeinsam Agrarpolitik, gréng Architektur, Landwirtschaft a Fëscherei, Mëllechpräis, Romain Schneider, Videokonferenz, Wäibau, Wuelergoen vun den Déieren
Next post Previous post