Search

You may also like

KUKI 2019: Kultur- a Konschtfestival zu Kielen
International Neiegkeeten

KUKI 2019: Kultur- a Konschtfestival zu Kielen

Kommt op de KUKI a kuckt Iech déi flott Konscht

Covid19 Iwwersiicht
International Neiegkeeten

Covid19 Iwwersiicht

Wann et haut net wéi eigentlech geplangt zur Sëtzung vum

Duerchbroch fir d’Fuerschung: Nei Erkenntnisser zur Parkinson-Krankheet
International Neiegkeeten

Duerchbroch fir d’Fuerschung: Nei Erkenntnisser zur Parkinson-Krankheet

D’Stammzellfuerschung liwwert elo en neien Ugrëffspunkt géint d’Parkinson-Krankheet. Dat interdisziplinäert

De Vietnam späert Internetaktivist, deen Ëmweltskandal veruerteelt, an

De Vietnam späert Internetaktivist, deen Ëmweltskandal veruerteelt, an

En Internetaktivist, deen am Vietnam op Ëmweltproblemer higewisen huet, notamment eng gréisser Verschmotzung vum Mier duerch eng taiwanesch Entreprise am Joer 2016, ass dëse Méindeg zu siwe Joer Prisong veruerteelt ginn.

De Nguyen Van Hoa, 22 Joer jonk, ass schëlleg geschwat gi wéinst „Verbreedung vu Propaganda géint de sozialistesche Staat“ (Artikel 88 vum Code Penal). Dat huet en héije Responsabel vun Geriicht Ha Tinh, am Zentrum vum Land, der AFP bestätegt.

Bao Ha Tinh, déi regional online Zeitung, déi wéi all d‘Medien am Vietnam vum Regimm kontrolléiert an zenséiert gëtt, preziséiert, datt dem jonken Aktivist virgeworf gëtt: „Artikelen, Videoen a Biller mat negativem Inhalt op senger Facebooksäit verëffentlecht ze hunn. Dat wier Verbreedung vu reaktionärer Propaganda géint d‘Partei an d‘Politik vum Staat“.

Den zentrale Punkt

D‘Häerzstéck vun den „Denonciatiounen“ vum jonken Internetaktivist, deen ufanks Joer verhaft ginn ass: de Skandal „Formosa“ géint deen hie selwer och 2016 manifestéiert hat.

Der taiwanescher Entreprise „Formosa“ gëtt de Virworf gemaach, fir eng Fuite vun toxesche Produite verantwortlech ze sinn, déi am Abrëll d‘Ursaach vir d‘Stierwe vun Tonne vu Fësch war. Si wier zudeem verantwortlech fir d‘Zerstéierung vum Akommes vun de Fëscher am Zentrum vum Land.

Vietnam

Hei e Bild vum 20. Abrëll 2016, vun engem Bouf dee sech en doudege Fësch um Strand vu Quang Trach, an der Provënz Quang Binh ukuckt. Laut de staatleche Medien, war de Verursaacher, de Stolproduzent „Formosa“. Deen ass dann och zu enger Geldstrof vu 500 Milliounen US-Dollar veruerteelt ginn. © Stringer/AFP

Um Virworf géint d‘Entreprise „Formosa“ besteet kaum en Zweiwel, ëmmerhin ass si zu enger Strof vu 500 Milliounen US-Dollar Veruerteelt ginn. Trotz dësem Uerteel géint d‘Entreprise aus Taiwan, waren d‘Manifestatioune weider gaangen.

D‘Autoritéiten hunn sech „dat“ net bidde gelooss an si mat aller schäerft géint d‘Manifestante virgaangen. Hir Leader goufen ënner brutaalst méiglechen Ëmstänn aus hirer Mëtt gerappt a Verhaft.

„Formosa“ kann onbehellegt weider maachen

Esouguer ee Joer no de Manifestatioune ginn d‘Verhaftunge géint déi Leit virun, déi et gewot hunn de Skandal ze denoncéieren. Den 19. Oktober war et eng Vietnamesin déi verhaft ginn ass, well si et gewot hat 2016 un enger anti-Formosa Manifestatioun deelzehuelen. D‘Fra riskéiert d‘Doudesstrof well si elo beschëllegt gëtt, de Regimm wëllen ëmzewerfen.

De wierklech Schëllegen an unerkannte Verursaacher „Formosa“ dogéint, huet gréng Luucht kritt an dierf senge Geschäfter, dem Opbau vun engem Site zur Stolproduktioun, weider nogoen. Och si wieder keng Oploe gemaach ginn, déi d‘Entreprise aus Taiwan géif verflichten, besser op d‘Natur opzepassen.

Säit Januar sinn esou op mannst 15 „Oppositioneller“ am Vietnam verhaft ginn, deelt Amnesty International (AI) mat. Géint déi meescht sinn ganz schwéier a laang Prisongsstrofe verhaange ginn. Et ass da leider awer üblech, datt ee géint „Oppositioneller“ am Vietnam esou virgeet. Déi nei „Käpp“ vum Regimm, déi d‘lescht Joer d‘Geschäfter iwwerholl hunn, dréinen d‘Schrauwen nach e Krack bäi.

mat AFP

Foto: Vietnamesen demonstréieren zu Hanoi (1. Mee 2016) géint déi taiwanesch Entreprise Formosa, déi offensichtlech fir e Massestierwe vu Fësch verantwortlech ass. D‘Firma déi an der Stolindustrie täteg ass, gouf dann och zu enger Strof vu 500 Milliounen US-Dollar veruerteelt. © Hoang Dinh Nam/AFP

Related topics Amnesty International, Formosa Steel Co, Nguyen Vanb Hoa, Vietnam
Next post Previous post