Search

You may also like

Franséischt Sécherheetsgesetz dreift d‘leit op d‘Strooss
International Meenung Neiegkeeten

Franséischt Sécherheetsgesetz dreift d‘leit op d‘Strooss

De Protest géint den Artikel 24 vum Sécherheetsgesetz, war zu

Klimawandel: Firwat a wéi bei 1.5°C bleiwen?
International Meenung Neiegkeeten

Klimawandel: Firwat a wéi bei 1.5°C bleiwen?

Bei 1,5°C oder 2°C ass d‘Welt net méi déi selwecht,

De Süd-Sudan leit Honger
International Meenung Neiegkeeten

De Süd-Sudan leit Honger

Schonn zënter ville Joren ënnerstëtzt Caritas Lëtzebuerg d’Bevëlkerung vum Süd-Sudan

Dem Orban seng Victoire (Analys)

Am Dissens ëm de Respekt vun der Rechtsstaatlechkeet huet den ungaresche Faschist eng wichteg a wuel och weeweisend Schluecht gewonnen. Mat engem juristesche Verfare virum EuGH wëll hien elo nach weider Zäit gewannen. Mee et sinn net déi eenzeg Konflikter…

Dem Orban seng Victoire (Analys)

Datt Ungarn net de brittesche Wee geet, a sech vun der Europäescher Unioun trennt, wou jo awer alles géint eng „Bezéiung“ schwätzt, huet primär domadder ze dinn, datt de Viktor Orban, seng Famill an den enke Frëndeskrees ee beträchtlechen Undeel vun den EU-Subventiounen an déi eege Keesen ëmleeden. E Fakt deen net emol méi vun der EU-Komissioun verheemlecht ka ginn.

An et ass net eleng d‘Rechtsstaatlechkeet u sech, déi vun der Fidesz, hirem Leader Viktor Orban an der Regierung a Fro gestallt ginn, och Mënscherechter hunn an Ungarn ee ganz anere Stellewäert, wéi allgemeng an der EU ugeholl. Fir unzefänken, wäert elo awer d‘Justizministesch Judit Varga, beim EuGH zu Lëtzebuerg géint den ominéise Rechtsstaatsmechanissem virgoen.

Géintiwwer deem der Fidesz nostoende Radiosender „Kossuth“ huet d‘Justizministesch gemengt: „Falls dës Veruerdnung jee a Kraaft trëtt, wäert et virdrun nach zu engem Geriichtsverfare kommen. An et sollt kee en Zweiwel dorunner hunn, datt déi ungaresch Regierung mat entspriechender Häert wäert dergéint virgoen“. Si behaapt, datt den „Text“ selwer géint d‘Rechtsstaatlechkeet verstéisst.

Ëmmer gemälleg a geschmeideg

An der gemeinsamer Erklärung vun de Staats- a Regierungscheffen ee Freideg heescht et ënnert anerem, datt de Rechtsstaatsmechanissem objektiv mat der Vergab vun EU-Subventiounen an EU-Zouschëss verknäppt gëtt, fir de korrekten Ëmgang mat dësem Geld sécherzestellen. Kléngt net wéi wann de Viktor Orban gewonnen hätt? Streng geholl net, mee si hunn d‘Hannerdier opstoe gelooss.

Mat dëser Erklärung soll d‘Blamage vun der EU-Kommissioun, dem EU-Rot a letztendlech och vun den anere Staats- a Regierungscheffen ofgewannt ginn. Hinne war et wesentlech méi wichteg den EU-Haushalt an d‘Covid19-Finanzhëllef iwwert d‘Bühn ze kréien, wéi sech fir eng onofhängeg Justiz, Pressefräiheet, an d‘Rechter vu Minoritéiten anzesetzen. Also gouf eng Léisung erzwongen.

Offiziell hätten Ungarn a Polen also d‘Rechtsstaatlechkeet unerkannt, mussen sech dëser awer elo net unhuelen, also zumindest net direkt. Den europäesche Geriichtshaff soll dat Ganzt elo emol eng méi genauer Prüfung ënnerzéien, iert d‘Verfare kann zur Uwennung kommen. Fir de Viktor Orban eng éischt Etapp, an de Faschist gëtt jo och a senger Virgoensweis massiv vun der EPP gestäipt.

Alles eng Saach vun der Interpretatioun

Richteg ass awer och, datt déi ungaresch Regierung net déi eenzeg ass, déi Homosexualitéit fir eng Krankheet an d‘Recht op Schwangerschaftsofbroch fir Mord halen. Si verkläre Migratioun als „feindlech Iwwernam“ a behaapten sech drop, datt Bréissel hinne familljefeindlech Veruerdnungen opzwéngen. Och bei der energetescher Transitioun, mécht ee mat, wann déi aner alles finanzéieren.

Seng Ausso: „D‘Besënnung huet gewonnen, mir hu gewonnen. Well a schwieregen Zäiten, wéi elo mat der Epidemie an der Wirtschaftskris, huet et keng Zäit fir ideologesch a politesch Debatten ze féieren, déi eis behënneren. (…) D‘Besënnung huet gewonnen, well um Enn d‘Eenheet vun Europa geschützt ginn ass“, verdäitlecht, datt hien net wëlles huet och nëmmen eng Handbreet nozeginn.

Hoffnung kéint den EuGH opkomme loossen, datt dem Faschist a senge fanatesch reliéise Frënn aus Polen awer nach den Dicks gebéit kréien. Géif den EuGH zügeg iwwert de Mechanissem zur Rechtsstaatlechkeet befannen, wier eng Méiglechkeet ginn. Dat setzt viraus, datt d‘EU-Parlament e beschleunegt Verfare fuerdert. Mee esouguer datt géif mindestens en halleft Joer an Usproch huelen.

Foto: De Viktor Orban, Leader vun de faschistescher Fidesz, homophob, fraen- a friemefeindlech, huet Justiz “op Linn“ bruecht, d‘Pressefräiheet erfollegräich ofgeschaaft, a gëtt besonnesch vun den däitsche Komerode bannent der EPP hofféiert a geschätzt. Dat hien sech un den EU-Subventioune beräichert, dorunner stéieren sech zu Bréissel net emol méi déi Lëtzebuerger Kommissären an/oder Parlamentarier. An esouguer de Premierminister Xavier Bettel schéngt sech domadder offonnt ze hunn, datt Mënsche wéinst hirer sexueller Orientatioun vum Staat a sengen Administratiounen nees diskriminéiert, benodeelegt a zuweilen och ëffentlech zerschloe ginn. © European Union

Related topics EU-Sommet, EUGH, Faschismus, Polen, Rechtsstaatlechkeet, Ungarn, Viktor Orban
Next post Previous post