Search

You may also like

Kausa George Floyd: All bedeelegt Polizisten ugeklot
Neiegkeeten Stories

Kausa George Floyd: All bedeelegt Polizisten ugeklot

Et huet laang, wéi esou oft ze laang, gedauert, mee

Neies vun der Insel: BoJo versprécht de Fortschrëtt
Neiegkeeten Stories

Neies vun der Insel: BoJo versprécht de Fortschrëtt

Beim Kongress zu Manchester huet de Boris Johnson gëschter nei

Mute ass Cyberpunk mat Gefill
Neiegkeeten Stories

Mute ass Cyberpunk mat Gefill

Fir Netflix schéngt Februar de perfekte Mount ze sinn, fir

Vill Goss fir eng Campagne

Staatsminister a Gesondheetsministesch hunn eng selektiv Approche zur Kommunikatioun

Vill Goss fir eng Campagne

Ufank Juni, nodeems vum Gesondheetsministère déi grouss Campagne „Net ouni meng Mask“ lancéiert gouf, déi wäit iwwert 1,132 Milliounen Euro Steiergelder sollt verschléngen, hat een Deputéierten eppes Zweiwel op do alles esou gelaf ass, wéi dat eigentlech an de Prozeduren a Reglementer esou virgesinn ass.

De Marc Goergen (Piratepartei) deen den Notze vun der Gesiichtsmask an och den Opruff dozou eng unzedoen net a Fro stellt, huet eppes bedenken, zum „wéi a mat wiem“ dës Campagne organiséiert sollt gi sinn. Hien hat senger parlamentarescher Fro 2333 vum 4. Juni drop higewisen, datt d‘Kreatioun vun der Grafik, déi fir d‘Campagne genotzt gouf an nach ëmmer gëtt, op de 17. Mäerz 2020 zeréckzeféieren ass, also kuerz nom ausruffe vum Etat de Kris.

Op dësen Datum awer war d‘Positioun vun der Regierung nach ëmmer: „Masken daachen näischt, dat gëtt alles net gebraucht“. De Confinement dogéint war als „Allheelmëttel“ verkënnt ginn. Haut ass gewosst, datt de Gesondheetsministère, Vertrueden duerch d‘Ministesch Paulette Lenert (LSAP) d‘Masken net als Schutz ugesinn huet, well et där schlicht an ergräifend net genuch um Marché ginn huet. De Resident, wei och de Grenzgänger ass fir domm verkaf ginn.

Fir den Deputéierten, dee elo keng Polemik aus enger jo awer scho gewoter Kommunikatioun wollt maachen, hat also nogefrot, op dës Campagne ëffentlech ausgeschriwwe ginn ass a falls jo wéini, vu datt d‘Grafik u sech jo quasi aus der Zäit virum Etat de Kris ze stame schéngt. De Marc Goergen hat also vill Pertinent Froen, ënnert anerem zum Prestataire – vun deem eng gewëssen Noperschaft zum genannte Ministère ugeholl gëtt – an der Diffusioun vun der Campagne.

Wat een net ausschwätzt kann engem net zum Virworf gemaach ginn

An hirer gemeinsamer Äntwert hunn de Staatsminister an d‘Gesondheetsministesch drop higewisen, datt et den 18. Abrëll en éischten Echange mat dësem Prestataire gouf, a wéinst der Urgence net op eng ëffentlech Ausschreiwung zeréckgegraff konnt ginn. Konzeptioun, Diffusioun a Publicitéit hunn 1.132.263,38 Euro Kascht, an dat alles – wéi alles am Kontext vun der Pandemie – ass vun der Sàrl Depixit (bekannt ënnert dem Numm „Neon Technology Marketing“) gemanagt ginn.

„Neon“ ass eng klassesch Start-up, a wou et do soll eng „Connectioun“ mat der Regierung soll ginn, war trotz intensiver Recherche net ze klären. Si mussen awer och schonn d‘Acteuren hannert der Campagne „Bleift Doheem“ gewiescht sinn, well aus der genannter Äntwert geet ervir, datt d‘Grafike vun der „Net ouni meng Mask“ Campagne sech op dës bezéien, respektiv Elementer dovunner recuperéiert hunn. Eng Campagne déi zudeem net alle Medien zougängeg war.

A senger parlamentarescher Fro 2548 ass den Deputéierten nach emol op dës Campagne agaangen, fir den Detail betreffend d‘Ausgaben an Héicht vun 1.132.363,38 Euro gewuer ze ginn. An dëser Fro weist de Marc Goergen dann och drop hin, datt „Neon Marketing Technology“ schonn 2018 vun der LSAP Opträg am Kader vun der Wahlcampagne kritt hat. Den Deputéierten hat dofir eng Quell zitéiert, déi aus gudde Grënn schéngt aus dem Netz geholl ginn ze sinn.

Droleg Aart a Weis mat allem ëmzegoen, bezunn op d‘Transparenz

Natierlech wollt den Deputéierte vun den zoustännege Ministere wësse firwat grad dës Entreprise den Optrag zougeschanzt krut. Woubäi Favoritismus gehéiert sonn eppes zum Handwierk, firwat dann och Medien, déi net „esou gefälleg“ sinn, net an de Genoss kommen un esou enger Campagne deel huelen ze dierfen. An hirer Äntwert bleiwen de Xavier Bettel (DP) an d‘Paulette Lenert dann och entspriechend „iwwersiichtlech“.

Wat de Goss ugeet, esou bezéien sech déi 1,132 Milliounen Euro op de Gesamtbudget dee fir eben d‘Kommunikatioun an der 1. Phas vun der „Strategie an der Lutte géint de Covid19“. Déi huet sech an eenzel cibléiert Aktiounen ënnerdeelt, déi op verschidde Plattformen an Kanäl verdeelen. Hei dierf een der Regierung, ugesiichts de Choixe fir d‘Diffusioun dann awer ganz kloer Favoritismus ënnerstellen, bezunn op de Fait, datt hei bewosst ausgeschloss gouf.

Ouni also déi fir dës Campagne genannten Zomm ze ventiléieren, heescht am Text: „Esou mécht d’Distributioun vun Informatiounsmaterial un all Haushalt, an d’ Annoncen an de Medien an der Presse e groussen Deel vun de Käschten aus“. Dat ass de verbal-schrëftleche Mëttelfanger, an et sollt domadder net gedoe sinn. Zur Fro op et déi selwecht Agence ass, déi d‘LSAP-Campagne fir d‘Wahlen 2018 handelt heescht: Kee Kommentar zu Cliente vun enger privater Entreprise.

Illustratioun: © Sebastian Herrmann / unsplash

Related topics Campagne, Depixit Sàrl, Favoritismus, Gesondheetsministesch, LSAP Wahlcampagne, Marc Goergen, Neon Technology Marketing, Net ouni meng Mask, Paulette Lenert, Piratepartei, Premierminister, Xavier Bettel
Next post Previous post