Search

You may also like

De Covid19 fuerdert nei Affer
International Neiegkeeten

De Covid19 fuerdert nei Affer

Et gëtt nach ëmmer Mënschen am Land déi sech schwéier

D‘Gläichstellung brauch et och am Aarbechtsrecht
International Neiegkeeten

D‘Gläichstellung brauch et och am Aarbechtsrecht

D‘Vertriederinne vun der Plattform „JIF“ (Journée Internationale de la Femme)

Schach ass d’Spill, dat déi Verréckt gesond hält
International Neiegkeeten

Schach ass d’Spill, dat déi Verréckt gesond hält

Haut ass den internationale Dag vum Schach, deen net nëmmen

Et war nees vill lass um Mëttelmier

D'Séinoutorganisatioun Sea Watch ass an der leschter Woch, den Donneschden am Ganze 4 mol an den Asaz komm

Et war nees vill lass um Mëttelmier

Si waren nach net laang am Asaz a schonn huet Sea-Watch mat der Rettung vu 44 Persounen, déi op engem Schlauchboot festsouzen, gewisen, firwat zivil Rettungsorganisatiounen um Mëttelmier néideg sinn.

Dees weidere goufe 97 Mënsche vun engem Holzboot gerett, déi Geflücht hunn schonn dräi Deeg op Rettung gewaart. Glécklecherweis konnten all a Sécherheet bruecht ginn. E puer Stonnen dono ass d’Crew op den nächste Séinoutfall opmierksam ginn. Vun de 94 Persounen op dëser Nossschuel ware vill onbegleete Mannerjäreger u Bord.

Mëttelmier© Sea Watch

Uschléissend goufen nach emol 93 Persounen a Sécherheet bruecht. Leider huet d’Crew vum Schëff och Iwwerreschter vun zwee weidere Schlauchbooter fonnt. Dës Passagéier, esou d‘Siicht vun der Schëffsmannschaft, si mat grousser Sécherheet vun der Libescher Küstewuecht zeréck geschleeft ginn.

Wärend engem aneren Asaz si 77 Geflücht gerett ginn. Dorënner waren 11 Fraen an e Puppelchen. Si goufen sou séier wéi méiglech vun hirem Schlauchboot evakuéiert. Jiddweree gëtt elo mat den néidege Covid19-Moossname versuergt. D’Sea-Watch 4 steet virun der nächster Erausfuerderung. Elo muss séier ee sécheren Hafe fir déi iwwer 400 Passagéier fonnt ginn.

Mëttelmier

Ausserdeem huet d’Loftopkläerung vu Sea-Watch bestätegt, datt Frontex déi sougenannte libesch Küstewuecht koordinéiert fir Geflücht erëm a Folterlager ze schleefen. Dat ass onmënschlech.

Foto: © Sea Watch

Related topics Flüchtlingen, Frontex, Mëttelmier, Migranten, Sea Watch, Séinoutrettung
Next post Previous post