Search

You may also like

Sozialplang fir ronn 10% vun de Beschäftegte bei „Champ Cargosystems“
Neiegkeeten

Sozialplang fir ronn 10% vun de Beschäftegte bei „Champ Cargosystems“

Aus dem Communiqué vum LCGB vum 2. Februar geet ervir,

EuGH schéisst „Privacy Shield“ of
Neiegkeeten

EuGH schéisst „Privacy Shield“ of

Sech wiere kann duerchaus nëtzlech sinn. Den éisträicheschen Aktivist Max

Verhidde gëtt fir d‘Dammen eppes méi bëlleg
Neiegkeeten

Verhidde gëtt fir d‘Dammen eppes méi bëlleg

Mat hirer Ënnerschrëft ënnert eng Konventioun, hunn d‘Gesondheetsministesch Lydia Mutsch

Vill Problemer mam Héichwaasser

Deen den Dënschdeg vu MeteoLux ugekënnegte „Staarkreen“ ass ee Mëttwoch iwwer Lëtzebuerg ukomm an huet gëschter Owend fir éischt gréisser Iwwerschwemmunge gesuergt. An déi verursaachen um haitegen Donneschdegmueren am ganze Land fir méi oder manner Problemer, bezunn op de Pendlerverkéier.

An der Stad si besonnesch d‘Quartiere Clausen, Eech, Gronn betraff. D‘Industriezon zu Steesel ass den Ament nach net zougänglech. Eng gréisser Busentreprise huet hir Busser missen evakuéieren. Mee och soss am Land, op elo Fenteng oder Siren, mee natierelch och d‘Fiels stinn ënner Waasser.

Um Hallefnuecht gouf de Krise-Kommando am Schlass zu Senneng zesummegeruff. D‘Sëtzung ass vun der Inneministesch presidéiert ginn. Un der Sëtzung hu Vertrieder aus diverse Ministèren (Interieur, Defense, Educatioun a Staatsministère) deelgeholl. Zur gläicher Zäit huet d‘Police en Appell un all Mënsch geriicht, dee säi Gefier a Clausen an am Grond (Allee Pierre Mansfeld a Sankt Quirin-Strooss) oder der François-Joseph Dargent Plaz ofgestallt hat, dëst zäitno ewech ze huelen.

Um 2 Auer de Moie gouf et eng liicht Entwarnung, well MeteoLux annoncéiert huet, datt an den nächste Stonne manner Ree fale wäert. Anersäits steigen d‘Pegel nach an et ass ee gutt beroden sech op inondations.lu um lafenden ze halen. D‘Iwwerschwemmunge bréngen och zolidd Problemer mat sech fir den Zuchverkéier. D‘CFL huet gemellt, datt d‘Linnen: Dikrech-Ettelbréck; Kautebaach-Wolz an Diddenuewen-Stad Lëtzebuerg net bedéngt ginn.

Plazeweis sinn 70 Liter op de Quadratmeter néiergaangen, an um hallwer Sechs gëschter Owend hat de CGDIS schonn iwwer honnert Interventiounen um lafen. An de meeschte Fäll huet et Keller betraff déi hu missen ausgepompelt ginn. Plazeweis sinn och Beem ëmgefall an zu Iechternach sinn d‘Pompjeeën domadder beschäftegt Sandsäck ze fëllen. D‘Leit mat Kanner sinn och gebueden sech ze informéieren op d‘Schoul/d‘Crèche op ass.

Fotogallerie: © Martine de Lagardère/moien.lu

Related topics CGDIS, Héichwaasser, Iwwerschwemmungen, MeteoLux, Police, Verkéiersproblemer
Next post Previous post