Search

You may also like

Recovery Fund: En historescht Ofkommes, awer och en historesche Feeler
Neiegkeeten

Recovery Fund: En historescht Ofkommes, awer och en historesche Feeler

Ufank der Woch huet den Europäesche Rot eng Eenegung zum

Commemoratioun zur Ardenneschluecht viru 75 Joer (Galerie)
Neiegkeeten

Commemoratioun zur Ardenneschluecht viru 75 Joer (Galerie)

De Groussherzog Henri an de Premierminister Xavier Bettel, déi kinneklech

Sea-Watch: 3 Froen un d’Vanessa vun der Loftopklärung
Neiegkeeten

Sea-Watch: 3 Froen un d’Vanessa vun der Loftopklärung

Nodeems d’Vanessa déi lescht 8 Joer an Nepal gelieft huet,

Eppes zur Zukunft vun der Villa Louvigny

Eppes zur Zukunft vun der Villa Louvigny

Am Februar hat de sozialisteschen Deputéierte Mars di Bartolomeo nogefrot, nodeems sech bestätegt hat, datt de Gesondheetsministère seng Zelter an der Villa Louvigny wäert ofbriechen, wéi do d‘Delaie virgesi sinn, a wat uschléissend mat dësem Gebai (Zanter 2018 zum Nationalmonument erhuewen) wäert passéieren.

A senger Äntwert huet de Bauteminister François Bausch (déi gréng) erkläert, datt dem Paulette Lenert (LSAP)säi Ministère op Hamm deels an de Greensquare wei och an d‘Gebai Eipso (hei wieren zwee Stäck gelount ginn, déi schonn Deels vun der Gesondheetsdirektioun besat sinn). Et wier awer den Ament net méiglech e fixen Datum fir d‘Plënneraktioun ze nennen.

Dat well de Staat als Locataire waarde muss, bis déi vum Proprietär ordonnéiert Aarbechten am genannte Gebai ofgeschloss sinn. Net ze vergiessen, datt all déi Installatiounen, wéi Informatik a villes méi jo och nach ze maache sinn. Ëm d‘Informatik këmmeren sech d‘Spezialiste vum CTIE, déi eigentlech virgesinn haten, bis Enn Juni mat deem ganzen duerch ze sinn.

Louvigny

Hei halen d‘Gesondheetsdirektioun an d‘Ministesch d‘Pressekonferenzen of. (Foto: GilPe – cc by-sa 3.0)

Mee „Pandemie oblige“ dësen Zäitplang ass net méi ze halen. De Minister verweist op d‘Fermeture vun de Chantieren, der Noutstandserklärung an op de Fait, datt ee bei der Gesondheetsdirektioun den Ament Wichtegeres ze dinn huet, wéi Plënnerkëschte mat Dossiere vollzestoppen. Wéini et zum Geplënners kënnt sot de Minister elo net, mee et wäert ee sécherlech d‘Enn vun der Kris ofwaarden.

An dann, wat geschitt mat der Villa?

Wat elo d‘Zukunft vun der Villa Louvigny ugeet, esou wäert déi dem Kulturministère zougestane ginn. Dat war esou och am Koalitiounsaccord virgesinn, an et mécht jo geschichtlech gesi Sënn. Zudeem esou de François Bausch, wieren si um Kulturministère derbäi sech Gedanken iwwert den Ëmbau vun dësem Nationalmonument ze maachen. Also iergendwéi schon mee awer och net.

Dëse Projet „Villa Louvigny“ gouf 2016 an der Chamber ugeholl an et ass vum Bauteministère en Architektebüro domadder beoptraagt ginn, eng Faisabilitéitsetüd ze erstellen, wéi een dëst Gebai ka sanéieren a renovéieren. Et sollt een hei elo net wierklech presséiert ginn, well et wäert nach ee ganze Strapp daueren, bis d‘Aarbechten an natierlech och d‘Pläng dozou, kënne validéiert ginn.

Louvigny

Auditoire vun der Villa Louvigny. Hei goufen 1962 an 1966 zwou Eurovisiounen (Grand Prix de la Chanson européenne) ausgedroen. (Foto: GilPe – cc by-sa 3.0)

Bis zum sougenannten Avant-Projet, dierft 2022 sinn, a wann näischt dertëscht kënnt, géif 2023 mat den effektiven Aarbechten ugefaange ginn. Woubäi een op dëser Plaz sollt dierfe bemierken, datt sech hei déi der sanitärer Kris folgend Wirtschaftskris, wäert amëschen. Um Fait dat d‘Santé samt Ministère op Hamm wäert plënneren, ännert sech doduerch näischt.

Illustratioun: D‘Villa Louvigny… en Haus mat enger beweegter Geschicht. Hire Numm féiert déif an d‘Geschicht vum Land zréck, a fir et kuerz ze maachen, en ass dem Jean Charles de Landas, Grof vu Louvigny geschëlt. Am leschte Joerzéngt vum 19. Joerhonnert goufen déi éischt Fester – senger Zäit Varieté-Representatiounen a soss „kulturell“ Evenementer – an iergendwann huet et eng Sand Keelebunn an esouguer ee Velodrom do ginn. Kuerz virum Krich (1932) huet dunn d‘CLR (Compagnie Luxembourgeoise de Radiodiffusion) d’Villa gelount a fënnef Joer drop kaf. Bis zu Befreiung huet den NAZI-Okkupant seng Insanitéite vun dëser Plaz aus an d‘Welt gestreet. 1952 war den Auditorium vum RTL-Orchester fäerdeg, d‘Studioe vum Radio waren am Tuerm ënnerbruecht. Aus der CLR ass d‘CLT entstanen, an déi ass 1991 op de Kierchbierg geplënnert… 1998 huet de Staat d‘Villa Louvigny kaf, an dem haitege philharmoneschen Orchester vu Lëtzebuerg (OPL) bis zur Fäerdegstellung vun der Philharmonie um Kierchbierg, zu Verfügung gestallt. (Foto: GilPe – cc by-sa 3.0)

Related topics Gesondheetsdirektioun, Gesondheetsministère, Kulturministère, parlamentaresch Fro 1885, Villa Louvigny
Next post Previous post