Search

You may also like

Food For Your Senses: Den zweeten Dag!
Neiegkeeten

Food For Your Senses: Den zweeten Dag!

Ee musikaleschen an artisteschen Ofschid vun enger ganzer Festival-Ära steet

Social Media Netiquette
Neiegkeeten

Social Media Netiquette

Mir si frou, Iech kënnen eis Servicer unzebidden, dorënner natierlech

Den australeschen Dolchstouss…
Neiegkeeten

Den australeschen Dolchstouss…

Am Abrëll 2016 hat Paräis den Deal mat Australien bekannt

Eigentlech sollt d’Villfalt vun der Léift gefeiert ginn

Eigentlech sollt d’Villfalt vun der Léift gefeiert ginn

Am Juni huet de Pride Mount stattfonnt- an och wann elo Juli ass, ass et villäicht eng gutt Iddi e puer Zeilen ze schreiwen, sou leien déi onmënschlech ungaresch Gesetzer an homophob Kommentaren engem dach batter um Mo.

Eigentlech ass de Juni eng wichteg Zäit fir d’LGBTQ+-Community, besonnesch an dësem Mount weisen si op Mëssstänn an der ganzer Welt hin. Dobäi spillt och de Christopher Street Day eng wichteg Roll. E besteet an Normalzäiten net nëmmen aus Partyen oder Paraden, mee dréit virun allem e politesche Message.

An der Nuecht vum 27. op den 28 Juni 1969 huet de sougenannte Stonewall-Opstand stattfonnt. Polizisten hunn gewaltsam eng Bar gestiermt, déi fir Homosexueller geduecht war. Vill Persounen hunn sech géint d’Verhaftung gewiert. Et war e wichtege Punkt am Kampf ëm d’Gläichberechtegung, ma en ass nach laang net eriwwer.

Mat „queer“ sinn all d’Mënsche gemengt, déi net der heteronormativen Norm entspriechen – also Homosexueller, Lesben, Transsexueller, a sou weider. Och si sollen d’Recht hunn hier Sexualitéit oppen ze feieren. An ze féieren.

Leider ass Homosexualitéit a ville Länner nach ëmmer strofbar, och Gewalt steet un der Dagesuerdnung. Eigentlech sollt d’Villfalt vun der Léift gefeiert ginn, mee leider muss méi Zäit a Protester gestach ginn, well d’Intoleranz ze héich ass. Et soll keen diskriminéiert ginn, Mënsch bleift Mënsch. A Léift bleift Léift. An dat soll net nëmme wärend dem Pride Month am Juni zielen, mee all Dag.

A fir e bëssen zur Sensibiliséierung bäizedroen, hunn ech Iech zwee Bichertipps zesummegestallt, déi queer Protagonisten an hire Geschichten hunn.

Villfalt vun der Léift

Love, Simon vum Becky Albertalli (Nur drei Worte)

An dësem wonnerschéine Buch geet et ëm de Simon, e ganz normale Jong, dee sech awer net fir Meedercher interesséiert. A bemol gëtt hien gewuer, datt en anere Jong aus senger Schoul homosexuell ass, si fänken un anonym (iwwert eng App) mateneen ze schreiwen. An och wann de Simon net weess, wien deen Onbekannten ass, verléift hien sech ëmmer méi an hien.

Ewéi en anere Matschüler dëst matkritt, hëlt d’Geschicht hire Laf, hien probéiert den Simon ze erpressen. Fënnt e säi Gléck awer? D’Buch vum Becky Albertalli huet am Joer 2017 de Jugendpräis gewonnen – d’Geschicht gouf och erfollegräich als Serie verfilmt.

Villfalt vun der Léift

Ich bin Gideon vum Tamsyn Muir

Dëst Buch weist ganz androcksvoll, datt LGBTQ-Bicher net ëmmer Libesromaner oder Dramaen musse sinn. An dësem Roman kënnt nämlech alles zesummen – Science-Fiction, Fantasy a schwaarzen Humor. Natierlech bleift deen net aus, wann d’Heldin Gideon hire Planéit verloosse wëll. Hatt fillt sech zu Fraen higezunn, mä Léift a Sexualitéit stinn net am Virdergrond vun dësem Roman, deen den Optakt vun enger Trilogie ass.

Opmaacherbild: © Toni Reed / unsplash

Related topics Becky Albertalli, Buchtipp, Homophobie, Homosexualitéit, Ich bin Gideon, Identitéit, LGBTQ+, Love Simon, Mëssstänn, Pride Month, Tamsyn Muir, Ungarn, Villfalt vun der Léift
Next post Previous post