Search

You may also like

Covid19-Drénglechkeetssëtzung vum Regierungsrot
Neiegkeeten

Covid19-Drénglechkeetssëtzung vum Regierungsrot

Um Freidegowend huet d‘Regierung bekannt ginn, datt et haut zu

Loscht op en Tour mam Vëlo?
Neiegkeeten

Loscht op en Tour mam Vëlo?

Den Drotiesel féiert dëst Joer säin 200. Gebuertsdag. Net deen

Big Business mam Grondwaasser
Neiegkeeten

Big Business mam Grondwaasser

D‘Mineralwaasser aus de Bierger vum franséischen Osten ass bekannt op

Vinorama – een neie Magasinn fir de Lëtzebuerger Wäin

Vinorama – een neie Magasinn fir de Lëtzebuerger Wäin

Passend zur Expogast, déi momentan vum 24. bis den 28. November an der Luxexpo-The Box ass, presentéieren d’Lëtzebuerger Wënzer den neie Magasinn Vinorama, eng interessant Lektür fir all Wäindrénker a Genéisser!

Sou wuel a Papeierform, mat 32 Säiten, déi all Trimester gratis verschéckt ginn, wéi och um Site www.vinorama.lu fënnt een alles zum Thema Wäinproduktioun am Grand-Duché. Scho säit méi wéi 20 Joer ka Lëtzebuerg mat enger super Qualitéit an Diversitéit ervir trieden. Mat 1.250 Hektar (10 x manner wéi am Elsass) huet eist Land mat de verschiddenst Biedem (z.B. Muschelkallek am Norden), divers Riefzorten (Riesling, Pinot Gris, Pinot Blanc, Rivaner, Chardonnay,…) a Wäinzorten (Crémant, Äiswäin,…) immens vill ze bidden.

Lëtzebuerg ass ee multikulturellt Land. Aus dësem Grond passt sech de Magasinn der Populatioun un a gëtt an dräi Sproochen (Franséich, Däitsch an Englesch) ugebueden. Fir den Artikel an der gewënschter Sprooch ze liese geet et duer een QR-Code ze scannen, déi een op déi richteg Internetsäit leed.

Op béide Supporten, Pabeier an um Internet, gouf dann och vill Wäert op déi optesch Gestaltung an den Design geluecht. An all Editioun gëtt een Bild vum Aurel an een Aquarell vum Gab verëffentlecht. D’Fotoen am Vinorama sinn ganz exklusiv a vu professionelle Fotografen erstallt ginn.

Et kann ee sech freeën op déi verschiddenst Rubriken, wéi beispillsweis een Interview mat enger bekannter Perséinlechkeet, déi iwwert säin Interessi u Wäin erzielt, d’Aarbecht an de Riewen oder am Wäikeller erkläert, wéi et ass ze produzéieren, wat momentan beléift ass u Wäin, och eppes iwwert d’Geschicht a villes méi.

Vinorama

Vinorama – den neie Magasinn mat wirklech allem zum Thema Wäin.

Related topics Musel, online Magazin, Routwäin, Vinorama, Wäin, Wäisswäin
Next post Previous post