Search

You may also like

De Pontalize vum CHNP huet en neien Direkter
Kultur Neiegkeeten

De Pontalize vum CHNP huet en neien Direkter

Den Torsten Jakobs ass vun de Membere vum Verwaltungsrot vum

Eng déieresch Visitt: De Groussherzog besicht d’Beringungsstatioun (Galerie)
Kultur Neiegkeeten

Eng déieresch Visitt: De Groussherzog besicht d’Beringungsstatioun (Galerie)

Um vergaangene Freideg huet S.A.R. de Groussherzog Henri d’Beringungsstatioun am

Gemeng Cliärref: Aktiv géint d’Liichtemissiounen
Kultur Neiegkeeten

Gemeng Cliärref: Aktiv géint d’Liichtemissiounen

An, hutt Dir e Samschdeg pünktlech zur Earth Hour och

Wou Schof op d’Wäibierger treffen

Wou Schof op d’Wäibierger treffen

Mat Frënn op enger Terrass sëtzen, d’Sonn genéissen an deen een oder anere gudde Wäi schmaachen – wat gëtt et wuel Besseres? Ma, e gudde Wäin huet vill Gesiichter.

Am Magasinn Vinorama – deen iwwregens gratis, digital an a Pabeierformat, wéi och op dräi Sproochen disponibel ass – léiert Dir méi iwwert déi verschiddenst Marken a Goûten. Déi nei Ausgab “Zu Éinen, wou Schof op d’Wäibierger treffen” entféiert Iech an d’Welt vun Ouessant-Schafen vun der Häremillen, oder duerch d’Wäibierger vum spektakulären Terroir de Naumberg zu Bech-Klengmaacher.

Et ass eng eenzegaarteg Welt déi et ze entdecke gëtt, den Aristide Spies deen zu Märel schafft, ka sécherlech nach vill Léierräiches vermëttelen. Och de Meeschter Pierre Avon aus dem Garer Quartier huet a senger wonnerbar Schätz verstoppt, iwwert déi hie méi erziele wäert.

Ënnerschiddlech Wënzer, sou wéi den Frank an de Luc Duhr, zu Ohn, de Jean-Paul Hoffmann an Paule Mathes oder den Henri Ruppert ginn en Abléck an hier Geschicht. A well de Wäibau dacks en Ierwen ass, gëtt selbstverständlech och nach e Bléck an d’Vergaangenheet geheit, dozou gehéiert datt d’Kellerei Bernard-Massard déi an dësem Joer hiert 100-järegt Jubiläum feiert.

Mir wënschen eng schéi Lektüre a vill Genoss bei Ärem Glas Wäin!

Related topics Bech-Klengmaacher, Bernard-Massard, Frank a Luc Duhr, Häremillen, Henri Ruppert, Jean-Paul Hoffmann, Magasinn ronderëm de Wäin, Naumberg, Ouessant-Schafen, Paule Mathes, Vinorama, Wou Schof op d'Wäibierger treffen
Next post Previous post