Search

You may also like

Fir begleedend Sécherheetspersonal an ëffentleche Verkéiersmëttel!
Neiegkeeten Stories

Fir begleedend Sécherheetspersonal an ëffentleche Verkéiersmëttel!

Zënter der Aféierung vun der Maskeflicht an den ëffentleche Verkéiersmëttel

surprise
60 Millioune ginn investéiert, fir Lëtzebuerg an e Touristemagnéit ze verwandelen
Neiegkeeten Stories

60 Millioune ginn investéiert, fir Lëtzebuerg an e Touristemagnéit ze verwandelen

Um Dënschdeg huet d’Staatssekretärin Francine Closener (LSAP) de „strategesche“ Kader

De franséische Protest géint de „sanitäre Pass“
Neiegkeeten Stories

De franséische Protest géint de „sanitäre Pass“

Wärend an der Martinique d‘Arméi agesat gëtt, fir Covid19-Patienten ze

Tragesch aus dem Liewe gerappt: E Virfall tëscht Hond a Cyclisten

Tragesch aus dem Liewe gerappt: E Virfall tëscht Hond a Cyclisten

Op de soziale Medien zitt aktuell en traurege Virfall d’Opmierksamkeet op sech, bei där enger jonker Fra hiren Chihuahua-Pinscher-Mischling vu Cyclisten iwwerrannt gouf. De Mupp huet den Accident leider net iwwerlieft, d’Hondsbesëtzerin an déi ganz Internet-Gemeinschaft si fassungslos. D’Sich no de Vëlosfuerer leeft.

Um spéide Samschdeg Mëtteg war si, zesumme mat hirer Schwëster an de véier Muppen beim Gréiwelshaff zu Bartreng um Feldwee spadséieren. Wou de Muffin, hiren Hond, sech schliisslech bei enger Heck erliichtere wollt, sinn zwee Cyclisten de Wee mat engem rasanten Tempo erofgeflu komm an dobäi iwwert de Kapp vum Mupp gefuer.

„Et ass esou séier gaangen, datt mir keng Chance haten ze reagéieren. De Muffin huet nach eng Minutt gelieft an ass dunn qualvoll a menger Schwëster sengen Ärem verstuerwen“, schreift si am Beitrag op Facebook. Ma, wier dat nach net Horror genuch, hunn d’Vëlosfuerer nach eng Schëpp dropgeluecht…

Amplaz Hëllef ze ruffen, oder sech op mannst ze entschëllegen, hu si et fir besser befonnt déi zwou Fraen ze vernennen, si ouni Matgefill stoen ze loossen a virun ze fueren.

An der Hoffnung déi Schëlleg ze fannen, huet déi jonk Fra dësen traurege Virfall verëffentlecht. Och Famille mat klenge Kanner, aner Hondsbesëtzer an eeler Leit gi reegelméisseg eraus spadséieren a kënnen mat engem ähnleche Schicksal konfrontéiert ginn. Hutt Dir eppes héieren oder gesinn, dann deelt et w.e.g. mat.

E respektvollen Ëmgang mateneen gëllt fir jiddereen, och fir Cyclisten. An dësem Fall huet et e klengen Hond vun 11 Joer getraff, deen an enger Famill gelieft huet, déi e voller Léift behandelt hunn. Esou en tragescht Enn wëll kee sech virstellen. Hei fannt Dir de Beitrag:

Virfall tëscht Hond a Cyclisten
© Chiara Kiki / Facebook
Related topics Bartreng, Chiara Kiki, Chihuahua-Pinscher-Mischling, Cyclisten, déidlechen Accident, Facebook, Feldwee, Muffin, Mupp iwwerrannt
Next post Previous post