Search

You may also like

D’Fro vum Dag: Wisou ëmmer dat schlecht Gewëssen?
Neiegkeeten

D’Fro vum Dag: Wisou ëmmer dat schlecht Gewëssen?

Am Alldag leeft leider net ëmmer alles ronn. E schlecht

Donbass: Si hunn de russesche Bier erwächt
Neiegkeeten

Donbass: Si hunn de russesche Bier erwächt

Nodeems den EU-Kommissär fir baussenzeg Ugeleeënheeten, Josep Borell Fontelles, der

Nei Petitiounen: Loscht op gratis Parken?
Neiegkeeten

Nei Petitiounen: Loscht op gratis Parken?

Um Freideg goufen zéng nei Petitiounen um Sonner-Site vun der

Eppes virgetäuschten Normalitéit gefälleg?

Wann d‘Chamber mat der Regierung enger Meenung ass, soll et ab dem 16. Mee „besser“ ginn...

Eppes virgetäuschten Normalitéit gefälleg?

Um Mëttwochnomëtten hunn de Premierminister an d‘Gesondheetsministesch am Pressebriefing d‘Aussiichten op déi geplangte Lackerunge vun de Covid19-Moossname presentéiert. Et gelëscht wuel jidderengem no eppes méi „Normalitéit“, woubäi un Enn vun de Suergen si mir nach net.

Wéi och ëmmer… gëschter hunn de Xavier Bettel an d‘Paulette Lenert ugekënnegt, datt si den Deputéierte proposéieren, weider Lackerunge vun de Mesuren ze aktéieren. Et geet dobäi ëm d‘Iessen „am“ Restaurant, d‘Méiglechkeet enger sportlecher Ausenanersetzung bäizewunnen, a firwat och net, nees Kultur „live“ mat honnerten anere Fans ze erliewen. Wou ass den Hoken?

D‘Lackerungen, esou wéi se geduecht sinn, kënnen nëmmen do ugewannt ginn, wou sech streng un all d‘Oplage gehale ka ginn. D‘Gest Barrière, d‘Maskeflicht an alles wat muss „a Gesellschaft“ vu Mesuren ugewannt ginn, sinn Deel vun dëser neier „Normalitéit“. D‘Spärstonn soll ëm eng Stonn no hanne verluecht ginn, mee soss gëtt dorunner festgehalen. D‘Nuetsliewen ass nach net méiglech.

Opmierksam bleiwen

Fir d‘Gesondheetsministesch war nach wichteg drop hinzeweisen, datt de Virus nach Zirkuléiert an all Kontakt mat enger anerer Persoun, och ëmmer ee Risk duerstellt. An dësem Kontext dierf drop higewise ginn, datt och wann ee geimpft ass, dat ne bedeit datt keen anere méi ustieche kann oder – ënner Ëmstänn – nach emol ugestach ka ginn, wann och mat engem méi gerénge Krankheetsverlaf.

De Premierminister sengersäits begréisst déi grouss Zoustëmmung bannent der Populatioun fir de Vaccin (76%). Dat géif et engem erlaben eppes méi Risikofreedeg déi nächst Wochen unzegoen. Et huet awer nach ëmmer en Inzidenzwäert vun 176 fir 100.000 Awunner (op 7 Deeg) a 40% vun den Intensivbetter si mat Covid19-Patiente beluecht. An dësem Sënn sollt een alertéiert bleiwen…

D‘Leit hunn d‘Flemm

Op där aner Säit sinn sech awer Premier a Gesondheetsministesch – wéi wuel och de Recht vun der Regierung – doriwwer am kloren, datt d‘Residenten an d‘Frontalieren es deem Ganzen eppes midd sinn. Zudeem, an déi Informatioun ass elo och net nei, kann den Horesca-Secteur mat elo eppes méi Fräiheeten, och nees seng sozial Roll erfëllen. Gutt Laun dämmt jo och dat stännegt Kregéils.

Fir dann hei awer sécherzestellen, datt d‘Reouverture vun de Restaurante – elo dann och mam Banneberäich – kee Schoss ass, dee riskéiert no hanne lasszegoen, kritt den Horesca-Secteur eng hallef Millioun Selbsttester. Datt déi nach ëmmer kee Konformitéit-Nowäis hunn an wuel méi d‘Gefill vu Sécherheet vermëttele sollen, soll eis awer net stéieren. Och dat ee Stéck Fräiheet?

Kuerz bemierkt

Bleift nach drop hinzeweisen, datt d‘Zenter fir d‘Covid19-Consultatiounen zu Lëtzebuerg an zu Esch-Uelzecht, de 17. Mee hir Dieren zoumaachen. Wie dann nach mengt sech ugestach ze hunn soll sech mat sengem Referenzdokter a Verbindung setzen, dat méiglechst per Téléconsultatioun. Schonn e Freideg wäert d‘Chamber iwwert dat neit Covid19-Gesetz befannen, an unhuelen.

Et ass net dovunner auszegoen, datt déi 31 Deputéiert vun der Majoritéitskoalitioun sech deem wäerten entgéintstellen, firwat et streng geholl egal ass, wat d‘Oppositiounsparteien zum neie Gesetzprojet ze soen hunn. Den Debat an der Chamber dierft awer bezunn op d‘Verbesserungen, eppes méi labber an der Gestaltung sinn. Woubäi ee vun Iwwerraschungen net befreit ass…

Illustratioun: Endlech nees dobannen de Freede vun der Gastronomie nogoen… D‘Spärstonn soll dann och ëm eng Stonn no hanne verluecht ginn, mee et heescht dann awer nach ëmmer ganz gutt uecht doen. © Sergey Isakhanyan / unsplash

Related topics Covid19, Covid19-Gesetz, Lackerungen, Oplagen, Pandemie, Risiko, Selbsttester
Next post Previous post