Search

You may also like

Si hu gelunn an bedrunn, elo kréien si de Prozess gemaach
Kultur Neiegkeeten

Si hu gelunn an bedrunn, elo kréien si de Prozess gemaach

Véier Joer ass et schonn hir, datt de Bedruch bei

Tëscht Ovatiounen a verbalem Bashing
Kultur Neiegkeeten

Tëscht Ovatiounen a verbalem Bashing

Zéng ganzer Minutten huet d‘Carola Rackete, Kapitänin vun der Sea-Watch3,

Noruff: Zum Dout vum Manuel Schortgen
Kultur Neiegkeeten

Noruff: Zum Dout vum Manuel Schortgen

No engem trageschen Accident, war den Editeur Manuel Schortgen am

Virgin Money Unity Arena – Concerten mat bis zu 2.500 Fans!

D’Hygiènesmesuren a sanitär Reegelen si jo iergendwéi schonn zur Gewunnecht ginn. Mam Zeréckkréien u Fräiheeten muss och d’Kultur en ugepasste Wee fannen, fir säi Publikum z’erreechen. Mat der Virgin Money Unity Arena huet een a Groussbritannien d’Concertserliefnis esou organiséiert, datt live Optrëtter vu bis zu 2.500 Persoune gläichzäiteg dierfe genoss ginn!

Just 5 Minutte vum Zentrum vun Newcastle upon Tyne befënnt sech de sougenannte Gosforth Park. Op 45.000 Quadratmeter hunn d’Organisateuren vun der Virgin Money Unity Arena e Festival opgebaut, dee wärend der Covid-19-Pandemie fir Begeeschterung suergt. Mat enger ganzer Rei u Concerten bréngt d’Evenement genee déi Atmosphär zeréck, déi mir laang vermësst hunn.

Virgin Money Unity Arena

© Virgin Money Unity Arena

Wann eng Iddi Realitéit gëtt – Concerten op Distanz

Een ambitiéise Plang vun SSD Concerts, ee vun de gréisste briteschen live Event Promoter, konnt um 11. August mam Optrëtt vum englesche Singer-Songwriter Sam Fender an d’Realitéit ëmgesat ginn. Als Optakt vun enger ganzer Rei u Concerten huet de Museker bewisen, datt ee sech zwar ëmstelle muss, an awer eng fantastesch Erfarung ka gebuede ginn. Wéi déi britesch Medien beriichten huet hie wärend annerhallwer Stonn mam Publikum interagéiert, se zum matsangen an danze motivéiert.

Am risege Park si ganzer 500 ofgetrennt Beräicher entstanen, an deenen e Maximum vu 5 Persounen erlaabt ass. Doduerch kënnen insgesamt 2.500 museksbegeeschtert Leit vum jeeweilegen Evenement profitéieren.

Dat Ganzt funktionéiert esou, datt een nom Kaf vum Ticket eng Zäit an ee Beräich zougeuerdent kritt. Et dierf ee mam Auto, Taxi, Vëlo oder Motorrad kommen, awer net zu Fouss oder mam Bus. Ee Mol ukomm gëtt ee vum Staff op seng Plaz bruecht, déi ee just verloossen dierf, wann een emol eng Miselche maache muss. Iessen a Gedrénks soll am Beschte virbestallt ginn, kann awer och nach spontan virum Optrëtt kaaft ginn.

Fir d’Mataarbechter gëlt permanent Maskeflicht, Hänn wäschen an undoe vun Händschen, wann een eng kulinaresch Leckerei zoubereet an zerwéiert. Bei den Toilette befanne sech Desinfektiounsmëttel-Statiounen an och all Staff-Member dréit eng Fläsch bei sech.

Virgin Money Unity Arena

© Virgin Money Unity Arena

„Fir eis huet Sécherheet déi iewescht Prioritéit a mir wäerten eng komfortabel a propper Erfarung fir all Visiteure vun den Eventer bidden“, heescht et op der Säit vum Festival. Aktuell muss een d’Méiglechkeeten ergräifen, wéi se kommen. Natierlech ass dëst Evenement net dat selwecht, wéi virun der Pandemie, an awer kann ee sech immens glécklech iwwert d’Initiative weisen.

A fir Leit, déi glëschtereg op Musek a bänzeg op d’Atmosphär sinn, wäert déi sozial Distanz de mannste Problem sinn. Schliisslech huet ee sech schonn dru gewinnt, datt och Akafen, Bus-fueren oder e Besuch am Restaurant elo anescht sinn.

Ënnert anerem spillt um 27. August den Tom Grennan, zwee Deeg drop The Libertines. Um leschten Dag vum Mount steet dann den Jimmy Carr op der Bühn. De 5. September wäerte Maximo Park begeeschteren, wärend um 11. September de Ronan Keating am Gosforth Park optrëtt. Den Ofschloss mécht um 13. September d’Becky Hill

Wier dat vläicht och eng Alternativ hei zu Lëtzebuerg? Vläicht um Herchesfeld zu Réiser, oder och beim neie Stade de Luxembourg (sollten dann nach déi sanitär Reegele gëllen, wann e färdeg ass)?

Uewen fannt Dir eng kleng Billergalerie zum Festival © Virgin Money Unity Arena / Facebook

Related topics Concert, Festival, Gosforth Park, Groussbritannien, Jimmy Carr, Live, Newcastle, Optrëtt, Pandemie, Sam Fender, SSD Concerts, The Libertines, Ticket, Virgin Money Unity Arena
Next post Previous post