Search

You may also like

Lampertsbierger Syndikat: Ze vill Verkéier, ze vill Schüler, net genuch gréngs
International Neiegkeeten

Lampertsbierger Syndikat: Ze vill Verkéier, ze vill Schüler, net genuch gréngs

Op der Generalversammlung vum Lampertsbierger Syndikat, deen och Member vun

Bicherfrënn opgepasst: Summerdag vun der Literatur!
International Neiegkeeten

Bicherfrënn opgepasst: Summerdag vun der Literatur!

Et ass nees esou wäit: D’Literaturarchiv zu Miersch feiert de

„Go By Brooks“ an der Purple Lounge
International Neiegkeeten

„Go By Brooks“ an der Purple Lounge

Dat neit Joer fänkt fir de Grand-Duché scho musikalesch un!

Virginia Beach: Doudeger bei Schéisserei an enger Administratioun

Virginia Beach: Doudeger bei Schéisserei an enger Administratioun

An der Küstestad Virginia Beach (VA) sollen op mannst eelef Mënsche bei enger Schéisserei an enge Verwaltungsgebai ëm d‘Liewe komm sinn. Sechs Weider Persoune wiere verletzt ginn. De vermuttlechen Auteur vun der Schéisserei ass vun der Police beim Schosswiessel déidlech getraff ginn…

De Policechef Jim Cervera, huet am fréien éischt Erkenntnisser un d‘Medie weiderginn, an doranner heescht et: „de Mann ass kuerz no 16 (Lokalzäit) an d‘Administratioun agedrongen an huet direkt, ouni grouss Ugestallten ze maachen op d‘Leit geschoss. Déi op den Tatort beuerdert Agenten hunn den Täter bei engem Schosswiessel erleedegt“.

Dëse Virgank wier dem 40 järegen Täter selwer geschëlt . Deen hätt d‘Feier op d‘Polizisten erëffent wéi déi op der Plaz ukomm sinn. Een Agent gouf heibäi getraff, awer wéinst sengem schossséchere Gilet net liewensgeféierlech blesséiert ginn. Zu den Hannergrënn an/oder der Motivatioun war esou kuerz no der Dot näischt ze soen. De Mann war scho laang bei der Stad beschäftegt.

Virginia

Géintiwwer der AP huet eng Employée de Virgank aus hirer Siicht beschriwwen. Si hätt de Noutruff gewielt an d‘Bürosdier verbarrikadéiert wéi si d‘Schëss héieren huet. Dat ganzt hätt sech surreal ugefillt, wéi an engem schlechten Dram. Et huet Erënnerungen un 2007 waach geruff. Deemools hat en 23 järegen 32 Mënschen op der Virginia Tech erschoss, iert hie sech selwer higeriicht huet.

mat indymedia/ric

Related topics Schéisserei, USA, Virginia, Virginia Beach, Waffegesetz
Next post Previous post