Search

You may also like

Sportleréierung 2018 – Eis bescht Lëtzebuerger Athleten
Neiegkeeten

Sportleréierung 2018 – Eis bescht Lëtzebuerger Athleten

Leschte Freiden huet de Gemengerot vun der Stad Lëtzebuerg déi

Op Mallorca feiert de Stéierkampf säi Comeback
Neiegkeeten

Op Mallorca feiert de Stéierkampf säi Comeback

Um Freidegowend huet op Mallorca de Stéierkampf säi Comeback gefeiert,

Nei Biller vum Prënz Charles – 3 Generatioune vereent
Neiegkeeten

Nei Biller vum Prënz Charles – 3 Generatioune vereent

Nodeems den Prënz Charles um 10. Mee 2020 déi groussherzoglech

Virschléi vun der Fedil fir d‘Gewerkschaften inakzeptabel

Stëllstand bei de Kollektivvertragsverhandlungen am Secteur vum Gardiennage

Virschléi vun der Fedil fir d‘Gewerkschaften inakzeptabel

Nodeems et den 29. November eng Verhandlungsronn mat de Gewerkschafte LCGB (Majoritär am Secteur vum Gardiennage) an OGBL ginn hat, an d‘Fedil konkret Virschléi op den Dësch geluecht huet, déi awer u Konditioune gebonne waren, huet d‘Personaldelegatioun misse consultéiert ginn.

Och bei der Verhandlungsronn vum 19. Dezember ass een net wierklech viru komm. Elo bedaueren d‘Michèle Cloos (Zentralsekretärin OGBL „Servicer & Energie) an d‘Stéphanie Borgèse (OGBL-Personaldelegéiert bei G4S), datt de Patronatsverband „Fedil Security Services“ säit engem Joer hir ganz Energie asetzen, fir de Prozess vun der Erneierung vum Kollektivvertrag ze blockéieren.

An hei sinn eigentlech prinzipiell Entreprise betraff (G4S, Securitas, Brinks, Seris oder och nach Dussmann) déi eigentlech eleng op Grond hirer Renommée all Interessi sollten drun hunn, datt et net zu enger gréisserer ëffentlecher Debatte sollt kommen. Mee och si, si vun der Gier no Profit op héchstem Niveau eppes verblent a gesinn sech um längeren Hiewel. Dat kann awer an d‘Box goen.

De Secteur vum Gardiennage, wou ëmmerhi ronn 3.000 Salariéeë beschäftegt sinn, läit, wat den Ëmgang an d‘Bezuele vum Personal betrëfft, um Niveau vun de Botzfirmaen, an wéi do mat de Leit ëmgespronge gëtt, muss et net wierklech betounen. E Sécherheetsbeamte verdéngt eppes kléngs weider wéi de Mindestloun (am Schnëtt ëm déi 2.000 Euro/Mount), a soll dofir de Kapp hierhalen.

An de leschten zéng Joer sinn d‘Paie vun de Sécherheetsbeamten ëm onbeschreiflech 0,5% an d‘Luucht gaangen. Als Géigeleeschtung dozou huet sech d‘Patronat wëssentlech a mat voller Absicht vun der Reglementatioun vun den Aarbechtszäite getrennt. Wien net bereet ass „fräiwëlleg“ 56 Stonnen/Woch, déi natierlech ganz „flexibel“ gestalt ginn, ze schaffen, sollt net dohinner goen.

Beim OGBL ass een net gewëllt dat hinzehuelen, an och d‘Propos vun enger Gehaltserhéijung (+1,1% fir 2019 a +0,5% fir 2020) wéi se vun der Fedil virgeluecht ginn ass, ass vollkommen inakzeptabel. Wann et beim Loun net zu enger Erhéijung vu mindestens 4,5% kënnt, mécht verhandele kee Sënn. Och den LCGB géif dat begréissen, wëll awer den Dialog net ofbriechen.

Foto: Flexibel a laang Aarbechtszäite fir de Mindestloun ouni Kollektivvertrag, esou gefält et dem Patron, dee schliisslech eng konkurrenzfäeg Offer schafe muss. © Dussmann (Archiv)

Related topics Brinks, Dussmann, Fedil, G4S, Gardiennage, Kollektivvertrag, LCGB, OGBL, Securitas, Seris
Next post Previous post