Search

You may also like

moneysurprise
Et ass Autofestival… an dir wëllt aus Ëmweltgrënn ären Diesel ofginn
Neiegkeeten

Et ass Autofestival… an dir wëllt aus Ëmweltgrënn ären Diesel ofginn

Op „Marsch fir de Klima“ oder „Youth 4 Climate“, an

Ass et net nach eppes ze fréi vu Chamberwahlen ze schwätzen?
Neiegkeeten

Ass et net nach eppes ze fréi vu Chamberwahlen ze schwätzen?

Am Oktober gi mer emol an d‘Gemengewahlen an de Bierger

Verlängerung vun der Liewensdauer vun de Kraaftwierker:
Neiegkeeten

Verlängerung vun der Liewensdauer vun de Kraaftwierker:

De Mëttwoch Moien huet Greenpeace Frankräich en Appell beim Staatsrot

Virtuell Studentefoire 2020: Däin Talent, deng Zukunft, däin Job

Virtuell Studentefoire 2020: Däin Talent, deng Zukunft, däin Job

Wéi schonn am Juli ugekënnegt wäert déi 34. Editioun vun der traditioneller Studentefoire um 12. an 13. November 2020 a virtueller Form stattfannen. Dës Kéier steet d’Evenement ënnert dem Thema „Däin Talent, deng Zukunft, däin Job“. Zil vum Educatiounsministère ass et de Visiteuren déi verschidde Karriären am Bildungssystem virzestellen.

Um virtuelle Stand vum Ministère kënnen d’Schüler vun den Ofschlossklassen sech iwwert eng Panoplie u Beruffer informéieren – dorënner beispillsweis de Beruff vum Enseignant, vum Educateur, Orthophonist, Ergotherapeut, Psycholog oder och spezialiséierte Pedagog.

Dës Weideren gëtt den 12. November tëscht 11:00 an 12:00 Auer e Webinar organiséiert, deen d’Profiller vum Enseignement Fondamental a Secondaire, de Strukture fir kleng Kanner, de Maisons Relais a Servicer fir Schüler mat spezifesche Besoinen méi no erkläert.

Studentefoire

Ma, wéi gewinnt ass d’Studentefoire fir all interesséiert Persoun zougänglech. Via Chat kënnen och zu all Ament Renseignementer gemaach ginn.

D’Studentefoire 2020 ass nächsten Donneschdeg a Freideg vun 9:00 bis 18:00 Auer iwwert de Link studentefoire-goes-digital-lu accessibel. Weider Informatioune ginn et op www.men.lu.

Related topics Beruff, Job, Karriär, Ofschlossklassen, Primaner, Schüler, Studentefoire 2020, Virtuell Studentefoire, Webinar
Next post Previous post