Search

You may also like

Wéi gutt kenns du d’Lëtzebuergesch Literatur?
Neiegkeeten

Wéi gutt kenns du d’Lëtzebuergesch Literatur?

[onionbuzz quiz-id=28][/onionbuzz] Déi éischte Kéier a ville Joren ass Lëtzebuerg

Guardian Europe an d‘Zukunft vum Industriestanduert Lëtzebuerg
Neiegkeeten

Guardian Europe an d‘Zukunft vum Industriestanduert Lëtzebuerg

Nodeems bekannt ginn ass, datt Guardian d‘Produktiounsstanduerter Käerjeng (Luxguard I)

Facebook attackéiert Snapchat – a lant en Treffer
Neiegkeeten

Facebook attackéiert Snapchat – a lant en Treffer

Och wann en et net explizit gesot huet, schéngt de

D‘Universitéit luet zum virtuellen Dag vun der oppener Dier an

D‘Universitéit luet zum virtuellen Dag vun der oppener Dier an

Dëst Joer organiséiert d‘Universitéit zu Lëtzebuerg den Dag vun der oppener Dier virtuell. D‘Online-Veranstaltunge wäert allen Interesséierte wichteg Informatiounen zum Studium op der Universitéit zur Verfügung stellen, esou wéi d‘Méiglechkeet ginn, mat Professeren an dem Studentendéngscht direkt ze interagéieren – trotz den aussergewéinlechen Ëmstänn.

De virtuellen Dag vun der oppener Dier fënnt ënner „tagderoffenentuer.uni.lu“ statt. D‘Säit wäert allgemeng Presentatioune vun der Universitéit a verschiddene Studieprogrammer, Videotouren duerch Laboratoiren, en Ronn iwwert de Campus a Biller, wéi och Erfarungsberichter vu Studenten enthalen.

PDF-Broschüren zu de verschiddene Studieprogrammer, d‘Programmer fir de „Life Long Learning“ an der Doktorandenausbildung ginn zum Download ugebueden. Dozou gëtt et vill allgemeng Informatiounen a Fakten zur an iwwert d‘Universitéit. De „virtuellen Dag vun der oppener Dier“ ass säit ee Samschdeg 21. Mäerz online.

Matgedeelt vun der Universitéit Lëtzebuerg, fräi aus dem Däitschen iwwersat vum Laure Schlesser

Related topics Coronavirus, Covid19, Universitéit Lëtzebuerg
Next post Previous post