Search

You may also like

Vill midd?
Meenung Neiegkeeten Stories

Vill midd?

Datt eis Police et wierklech net ëmmer einfach huet, dat

Äre Projet (m)am Naturpark – Verlängerung vum Concours
Meenung Neiegkeeten Stories

Äre Projet (m)am Naturpark – Verlängerung vum Concours

Eigentlech soll e schonn eriwwer sinn, also de Concours „Äre

Polen: Ausnamezoustand am wäissrussesche Grenzberäich
Meenung Neiegkeeten Stories

Polen: Ausnamezoustand am wäissrussesche Grenzberäich

Eigentlech ass sech ganz Europa doriwwer am kloren, datt Wäissrussland/Belarus

Viruerteeler – All Mënz huet zwou Säiten

Viruerteeler – All Mënz huet zwou Säiten

Duerch d’Rassismusgespréicher an de sozialen Netzwierker ass mir bewosst ginn, dass mir net nëmmen domat ze kämpfen hunn – Viruerteeler spillen eng grouss Roll an onsem Liewen.

E Beispill: Dir gesitt an der Groussgaass eng Persoun, déi net méi riicht trëppele kann a sech u Maueren ofstäipe muss. Hir ass schlecht, si iwwergëtt sech an eng Poubelle. Ären éischte Gedanken ass wahrscheinlech: Selwer Schold, soll se net esou vill saufen!

A genee dat ass falsch. Ech hunn och dacks dat selwecht geduecht, ma virun engem Joer war et mir nawell ferme dronken. Ech hunn déi offälleg Blécker ze gesi kritt, nodeems ech bei mengem Hausdokter war, ech war niichter. Ech hu mech geschummt a war frou ewéi ech doheem ukomm war. Medikamenter hunn näischt gehollef, mäin Zoustand huet sech verschlechtert, matzen an der Nuecht koum d’Ambulanz.

Souguer den Ambulancier huet de Kapp gerëselt, wéi ech him sot, wéi schlëmm ech mech fillen. Ech hat Angscht, dass se mech am Spidol net eescht huelen an no e puer Stonnen nees heem schécken. Mä ech hat mech geiert. Ech louch eng Woch dobannen, dovunner waren dräi Deeg intensiv Betreiung. Eng Entzündung vum Gläichgewiichtsnerv hat mäi Kierper komplett lahm geluecht.

Firwat ech Iech dat erzielen? Well ewech kucke falsch ass …

Ech wëll Iech drun erënneren, dass all Mënz zwou Säiten huet, et geet net duer e Bléck op déi eng ze geheien. Wot en zweete Bléck. Villäicht begéint Dir jo kengem Panzvollist, ma e kann och en Hiereschlag oder soss eppes hunn. Är Hëllef brauchen.

Hannerfrot Är Astellung an Är Doten, et kéint villes änneren!

Villäicht ass de Lidderhanes depressiv? De Grufti verstoppt seng Gefiller well en d’Mamm verluer huet? Gewuer gi mir dat eréischt, wa mir eis fir onse Géigeniwwer interesséieren. An dat sollt eis net schwéier falen. All Geschicht ass derwäert gehéiert ze ginn.

Related topics Depressiounen, Dokter, Hannerfroen, Interessi, Kontakt, Krankheet, Rassismus, Spidol, Uerteel, Viruerteeler
Next post Previous post