Search

You may also like

Alaska gouf vun engem Äerdbiewen zolidd duerchgerëselt
Neiegkeeten

Alaska gouf vun engem Äerdbiewen zolidd duerchgerëselt

Agefalle Stroossen, agerass Fassaden, eidel Etagèren a Schief: en heftegt

Wéi eng Perspektive fir den Horesca-Secteur?
Neiegkeeten

Wéi eng Perspektive fir den Horesca-Secteur?

Nodeems um Dënschdeg eise Premierminister mat der Gesondheetsministesch ugekënnegt hunn,

Harcèlement am Hubert Clement: „Präzisiounen“
Neiegkeeten

Harcèlement am Hubert Clement: „Präzisiounen“

Nodeems en Dënschdeg bekannt gouf, datt ee Léierbeoptraagten (Chargé) am

Virwërf vu Greenpeace – De Minister Romain Schneider wiert sech

Virwërf vu Greenpeace – De Minister Romain Schneider wiert sech

Nodeems Greenpeace Lëtzebuerg eréischt viru kuerzem säi Communiqué mam Titel „Pensiounsfonge FDC: De Minister refuséiert Transparenz bei de klimaschiedlechen Investissementer – Greenpeace geet a Recours beim administrative Geriicht“ verëffentlecht huet, huet d’Associatioun dem Romain Schneider als Minister fir sozial Sécherheet sou munch Virwërf gemaach. De Minister selwer wiert sech géint dës Beschëllegungen a wëll esou kommunikativ Approchen net duerchgoe loossen.

Fir unzefänken hieft de Romain Schneider ervir, datt hien ëmmer ee konstruktiven Dialog mat allen Acteuren an Associatiounen, dorënner och Votum Klima, de Mouvement Ecologique a Greenpeace Lëtzebuerg gefërdert huet. Mat zuelräiche Reuniounen an Echange wollt een an de leschte Joren konstant a Verbindung stoen.

Dës weidere fënnt een op der Internetsäit www.fdc.lu all Erklärungen an Informatiounen, déi sech op d’Investissementspolitik bezéien. Heibäi geet et virun allem ëm sozial responsabel, sou wéi nohalteg Investissementer. Geet et ëm de Recours, dee Greenpeace Lëtzebuerg um 23. September 2019 beim Geriicht agaangen ass, wëll de Minister allerdéngs kee Kommentar ofginn.

Sozial responsabel: Eng Prioritéit vum Minister an FDC

An de leschte Joren hunn de Minister fir sozial Sécherheet an de Verwaltungsrot vun FDC, deen aus Representante vun der Regierung a soziale Partner besteet, zuelräich Efforte gemaach, fir esou eng nohalteg a sozial responsabel Politik ëmzesetzen. D’Strategie vum FDC ass am Joer 2017 geännert ginn, fir sech esou och an dësem nohaltege soziale Beräich anzeglidderen. D’Moossname lafen drop hinaus, datt Lëtzebuerg sech Versprieche beim Paräisser Klimaofkommes hält. Donieft si 17 Ziler zur nohalteger Entwécklung am Agenda 2030 vun de Vereenten Natiounen opgestallt ginn.

Heibäi gëtt beispillsweis d’Kreatioun vun zwee neie Beräicher opgezielt, déi ganz spezifesch aa positiven Impakt um Niveau vun der Ëmwelt sollen hunn. Als Éischt gehéieren hei gréng Aktiounen (Green Bonds) dozou, sou wéi den Investissement a Societéiten, déi ee sozialen Impakt hunn oder der Ëmwelt eppes bréngen. Dobäi kënnt d’Obligatioun fir all Kandidat, Strategien opzestellen, déi den ESG-Kritären entspriechen.

Ee weidere Punkt ass, datt FDC éischt Schrëtt ënnerholl huet, fir Synergie mat aneren aktiven ëffentlechen Acteuren ze entwéckelen, virun allem wat de bezuelbare Wunnraum ageet.

Transparenz op éischter Plaz

De Minister Romain Schneider an FDC verfollegen eng transparent Kommunikatioun. All Informatiounen – och zu den Investissementer – sinn op der Internetsäit www.fdc.lu ze gesinn. Et ass also net verwonnerlech, datt de Minister esou erstaunt iwwert d’Virwërf vu Greenpeace Lëtzebuerg war.

Zu gudder Lescht huet hien ënnerstrach, datt „een oppenen a konstruktiven Dialog mat alle Betraffene mir immens wichteg ass. Als Minister wëll ech, esou gutt et geet, all Acteure mat abezéien, fir esou eng Politik opzestellen, déi no um Bierger ass an op d’Besoinen an Erwardungen äntwert.“

Related topics FDC, Greenpeace, Klima, Romain Schneider, Transparenz, Virwërf
Next post Previous post