Search

You may also like

Éisträich: De fréiere Finanzminister soll an de Bing!
Neiegkeeten

Éisträich: De fréiere Finanzminister soll an de Bing!

Et kënnt seele genuch vir, datt een et ervirhiewe muss:

LIST Tech Day – Eng hybrid Manifestatioun feiert Succès
Neiegkeeten

LIST Tech Day – Eng hybrid Manifestatioun feiert Succès

Ënnert dem Motto „passion for impact“ huet de Luxembourg Institute

FBI verhënnert Kapitalverbriechen a Kalifornien
Neiegkeeten

FBI verhënnert Kapitalverbriechen a Kalifornien

Scho leschte Freideg huet den FBI de fréieren Zaldot Mark

Fir regional a biologesch ugebaut Produiten an de Schoulkantinnen

Fir regional a biologesch ugebaut Produiten an de Schoulkantinnen

Méi regional a biologesch ugebaute Produite consomméieren, der Liewensmëttelverschwendung entgéint wierken an iwwert d’ländlech Entwécklung diskutéieren – all dat war Thema vun der digitaler Konferenz tëscht dem Romain Schneider, Minister fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech Entwécklung an der Delegatioun vum Syvicol.

Ma, virun allem an de Schoulkantinnen a Maisons Relaise soll an Zukunft méi op Regionalitéit a Bio gesat ginn. Heivir hunn de Syvicol-President Emile Eicher an de Vize-President Guy Wester zesumme mam Minister eng Partnerschaft beschloss. De Romain Schneider huet virum allem op de Gewënn fir d’Landwirtschaft higewisen.

D’Projete sollen um Gemengenniveau realiséiert ginn an duerch d’Zesummenaarbecht mat alle concernéierten Acteure kéint een d’Liwwerketten optimiséieren. Hei huet den Emile Eicher ënnerstrach, datt d’Gemengen Ënnerstëtzung brauchen. De Syndikat wäert sech dorëm këmmere Sensibiliséierungsaarbecht ze leeschten, no interesséierte Gemengen ze sichen an hinne bei der Ëmsetzung ënnert d’Ärem ze gräifen.

Schneider a Syvicol

Dës weideren hunn d’Gespréicher iwwert eng verstäerkt Kollaboratioun am Beräich vun der Liewensmëttelverschwendung gedréit. Hei ass beispillsweis eng Initiative opgestallt ginn, fir datt Friichten, déi vum Bam falen genotzt ginn an net um Buedem vermuuschten.

Schlussendlech gouf nach eng Definitioun vun der ländlecher Fläch erstallt, dat am Kader vum zukünftegen nationale strategesche Plang (PSN) 2023-2027, deen determinéiert wéi eng ländlech Gemengen Projeten zur ländlecher Entwécklung kofinanzéiert kréien.

© Markus Spiske / unsplash

Related topics Emile Eicher, Guy Wester, Landwirtschaftsminister, Liewensmëttelverschwendung, Maison Relais, PSN 2023-2027, Regional Produiten, Romain Schneider, Schoulkantinn, Syvicol, Zesummenaarbecht
Next post Previous post