Search

You may also like

Gratis Tickete fir de Lëtzebuerger Adventszirkus
Neiegkeeten

Gratis Tickete fir de Lëtzebuerger Adventszirkus

Vergaangene Méindeg huet de Stater Schäfferot een Don vun 1050

dislike
Biodiversitéit-Hotspot duerch Plastik verseucht
Neiegkeeten

Biodiversitéit-Hotspot duerch Plastik verseucht

Wéi d‘Equipp vu Greenpeace Südostasien-Philippinnen et déi lescht Woch matgedeelt

Frankräich huet gewielt:
Neiegkeeten

Frankräich huet gewielt:

an der zweeter Ronn: Le Pen versus Macron Fir d’Observateuren

„Vision Nordstad 2035“ – Nach bis den 10. Mäerz kënnt Dir deelhuelen

„Vision Nordstad 2035“ – Nach bis den 10. Mäerz kënnt Dir deelhuelen

Zanter dem 22. Februar 2021 kann een online un enger Konsultatioun vu „Vision Nordstad 2035“ deelhuelen. Dat ass nach bis den 10. Mäerz méiglech.

D’Zil ass, mat der Hëllef vum Online-Tool „Maptionnaire“ d’Leitbild weider ze entwéckelen a fäerdeg ze stellen. Mat Maptionnaire ass et de Bierger méiglech interaktiv Kaarten ze zeechne souwéi Plazen ze markéieren. Umierkunge kënnen textlech a graphesch abruecht ginn, bei der Fäerdegstellung vun der Visioun Nordstrooss 2035 kann also jidderee matschwätzen.

Et kéint een soen, datt et en interaktiven, Online-Brainstorming ass. Sämtlech Resultater fléissen an d’Fäerdegstellung vun dësem Leitbild an, den interaktive Froebou ass anonym.

Vision Nordstad 2035 verfollegt wichteg national Ziler, ënnert anerem soll d’Nordstrooss als Paart zum Norden ausgebaut ginn. Et ass och wichteg, datt d’Verbindung zu der Lëtzebuerger Stad besser ass.

Wéi eng Elementer sollen an der Nordstad integréiert ginn? Spillplazen, Beem? Waasserspiller? Wien ass bereet dofir op ëffentlech Parkplazen ze verzichten?

Wéi gesäit et mat der Mobilitéit aus? Wou muss sech eppes änneren? Soll d’Landwirtschaft mat agebonne ginn? Oder éischter Kultur?

All Meenung zielt!

Opmaacherbild: © Jason Leung / Unsplash

Related topics Angelduerf, Dikrech, ëffentlech Konsultatioun, Ëffentlechen Transport, Ettelbréck, Maptionnaire, Schieren, Verbindung, Visioun Nordstrooss 2035
Next post Previous post