Search

You may also like

Neies vun den Impeachment-Hearingen
Neiegkeeten

Neies vun den Impeachment-Hearingen

De Gordon Sondland, US-Ambassadeur bei der EU, huet bei de

Radar, Wéckeldësch a Maut: Dëst sinn e puer vun den neie Petitiounen, déi een elo ënnerschreiwe kann
Neiegkeeten

Radar, Wéckeldësch a Maut: Dëst sinn e puer vun den neie Petitiounen, déi een elo ënnerschreiwe kann

Eng grouss Zuel vu Petitioune kënnen elo ënnerschriwwe ginn. Ënnert

Loossen d‘Stad Lëtzebuerg an de Staat d‘Personal vum Tram am Ree stoen?
Neiegkeeten

Loossen d‘Stad Lëtzebuerg an de Staat d‘Personal vum Tram am Ree stoen?

Déi lénk kënnen sech just widderhuelen: „Den Tram ass eng

Déi ierfgroussherzoglech Koppel zu Besuch am Caritas Fairness Center

LL.AA.RR. den Ierfgroussherzog Guillaume an d’Ierfgroussherzogin Stéphanie hu gëschter den Dikrecher Caritas Fairness Center besicht. Am soziale Buttek kréie Persounen, déi an Aarmut liewen, déi néideg Hëllef gebueden. Zënter der sanitärer Kris huet d’Zuel u concernéierte Persounen iwwregens däitlech zougeholl.

Equipéiert mat Schutzmask ass déi ierfgroussherzoglech Koppel vum Marie-Josée Jacobs, der Presidentin vun der Fondatioun Caritas Lëtzebuerg, sou wéi vu weidere Memberen vun der Associatioun duerch d’Epicerie guidéiert ginn.

Mat der Pandemie sinn nei Erausfuerderungen op de Caritas Fairness Center duerkomm. Duerch adequat Hygiènesmesuren sollen Personal an Notzer den néidege Schutz gebuede kréien. Zu gläicher Zäit huet de soziale Buttek säin Accès op de Service ausgedeent. A Saachen Organisatioun huet ee sech schnell missen upassen, fir d’Weiderlafe vum Service garantéieren an op d’Besoinen vun den Notzer äntweren ze kënnen.

Bei dëser Geleeënheet hunn de Prënz an d’Prinzessin dem Personal fir hiren Engagement, d’Beméiungen an d’Aarbecht wärend der schwéierer Zäit Luef ausgeschwat. D’Gespréicher mat der Ekipp hunn et erméiglecht den Alldag vu Persounen a Schwieregkeeten ze verstoen.

D’Caritas an dat Rout Kräiz schaffe säit méi wéi 10 Joer zesummen. Ganzer 12 sozial Epicerien konnten duerch d’Kollaboratiounen a ganz Lëtzebuerg opmaachen, wouvunner der 8 vum Roude Kräiz a 4 vun der Caritas geréiert ginn.

Uewen fannt Dir d’Billergalerie zur Visitt vun der Ierfgroussherzoglecher Koppel am Caritas Fairness Center © Cour grand-ducale / Sophie Margue

Related topics Aarmut, Caritas Fairness Center, Dikrech, Hëllef, Ierfgroussherzog Guillaume, Ierfgroussherzogin Stephanie, Marie-Josée Jacobs, Pandemie, Rout Kräiz, Visitt
Next post Previous post