Search

You may also like

Passt scho! Éisträichesch ERASMUS-Studenten an de SERVIOR-Haiser
Neiegkeeten

Passt scho! Éisträichesch ERASMUS-Studenten an de SERVIOR-Haiser

Vum 10. bis den 12. Oktober ginn a ganz Europa

money
Uni-Lëtzebuerg: Kompetent am Finanzsecteur zocken
Neiegkeeten

Uni-Lëtzebuerg: Kompetent am Finanzsecteur zocken

Mam Value-Investing-Certificate erweidert de Kompetenzzenter vun der Universitéit Lëtzebuerg seng

D’Fernanda Strange an der Brasserie K116!
Neiegkeeten

D’Fernanda Strange an der Brasserie K116!

Och am September kann d’Brasserie K116 nees musikalesch iwwerzeegen. Dës Kéier

S.A.R. d’Groussherzogin an de Minister Meisch am CDA

En Donneschdeg hu S.A.R. d’Groussherzogin Maria Teresa an den Educatiounsminister Claude Meisch den Zentrum fir d’Entwécklung vun der Bildung (CDA) besicht. Dobäi krute si en Abléck an déi alldeeglech Ofleef an Aufgaben, an duerfte souguer verschidde Seancen a Coursen begleeden.

Ugefaangen huet d’Visitt nämlech mat enger Sproochtherapie. Dës individuell Seancen am CDA baséieren op der Lektür an hëllefen dem Expert beispillsweis eng Dyslexie ze diagnostizéieren. Uschléissend ass et fir d’Gäscht an bei ee parascolaire Grupp gaangen, woubäi d’Schüler geléiert hunn an der Klass richteg mam Tablet ëmzegoen.

An dësem Kader koum et natierlech och zum Echange mat Representante vum CDA an dem Lëtzebuerger Zenter fir pedagogescht Testen (LUCET) vun der Uni.lu. Si hunn ënnert anerem de Guide „Léierstéierung am multilinguale Kontext: Diagnose an Hëllefstellungen“, Formatioune, sou wéi en zweete kollaborative Projet fir d’Entwécklung, d’Normaliséierung an d’Validéierung vun ugepassten a standariséierten Mëttel zur Diagnos presentéiert.

CDA
© Maison du Grand-Duc / Sophie Margue

Den Dysforum vun 2016, deen ënnert der Schiermherrschaft vun der Groussherzogin steet, huet nämlech d’Noutwennegkeet vun esou Tester fir d’Acteuren um Terrain bewisen.

D’Groussherzogin huet sech houfreg an dankbar gewisen, dass den CDA dës villsäiteg Offeren, déi zur Bildung bäidroen, ubitt. Zum Ofschloss gouf nach den Dokumentatiounszenter, mat sengen zuelräiche wëssenschaftleche Wierker, didaktesche Programmer a standardiséierten Tester besicht.

Opmaacherfoto: (v.l.n.r.) Sonja Ugen, Research Scientist am LUCET; Claude Meisch, Minister fir Educatioun, Kanner a Jugendlecher; S.A.R. d’Groussherzogin; Alex Kockhans, Direkter vum CDA; Philippe Majerus, Direkter vun der Fondatioun vum Groussherzog an der Groussherzogin; Diane Marc, stellvertriedend Direktesch vum CDA © Maison du Grand-Duc / Sophie Margue

Billergalerie © Maison du Grand-Duc / Sophie Margue

Related topics CDA, Claude Meisch, Didaktesch Programmer, Educatiounsminister, S.A.R. d'Groussherzogin Maria Teresa, Sproochtherapie, Visitt, Zentrum fir d'Entwécklung vun der Bildung
Next post Previous post