Search

You may also like

What the Fakt – Ee Gebuertsdag, fir dee geknuppt gëtt!
Neiegkeeten

What the Fakt – Ee Gebuertsdag, fir dee geknuppt gëtt!

Wien et nach net matkritt huet: Haut ass Nationalfeierdag! Mat

Yemen: Déidlech Konfrontatioun an der Hafestad
Neiegkeeten

Yemen: Déidlech Konfrontatioun an der Hafestad

Säit Donneschdeg huelen déi déidlech Konfrontatiounen tëscht de Regierungstruppen, déi

What the Fakt – Den Dracula gëtt bësseg!
Neiegkeeten

What the Fakt – Den Dracula gëtt bësseg!

Um 14. Februar 1931 ass den Horrorfilm „Dracula“ vum Regisseur

Am Kampf géint d’Pandemie: De Premier an d’Inneministesch besichen de CIS Diddeleng an d’Zentral vum 112

Zënter iwwert engem Joer steet de CGDIS mat un der Front am Kampf géint de Covid-19. An dësem Kader hu sech gëschter de Premier- a Staatsminister Xavier Bettel, d’Inneministesch Taina Bofferding an d’ Presidentin vum Verwaltungsrot vum CGDIS Lydie Polfer d’Aarbechte vum CIS Diddeleng an an der Zentral vum 112 zu Gaasperech ugekuckt an erkläre gelooss.

Ugefaangen huet d’Visitt zu Diddeleng am Centre d’Incendie et de Secours, kuerz CIS. D’Gäscht konnte sech op der Plaz e Bild vun de verschidde Prozedure maachen a sech och mat de professionellen a fräiwëllege Pompjeeën austauschen. Dobäi krute si och d’Konzept vum Transport vun infizéierte Patiente presentéiert.

Viru goung op Gaasperech an d’Central des Secours d’Urgence. An dëser Zentral kommen d’Appellen vum 112 eran. Zënter der Pandemie këmmert sech den CSU och ëm den Transport vu Covid-Patienten an d’Spideeler vum Land. E weidert Thema, wat un dësem Dag opgegraff gouf, war hire Beitrag an den nationalen Impfzentren.

Alle concernéierte Persounen vum CGDIS hunn d’Ministeren e besonnesche Merci ausgedréckt. Säit dem Ufank vun der Pandemie setze si sech all Dag fir d’Wuel vun der Gesellschaft an.

Billergalerie: © SIP / Jean-Christophe Verhaegen (Biller 1-6), © SIP / Luc Deflorenne (Biller 7-10)

Related topics 112, CGDIS, CIS Diddeleng, Covid-Patienten, Gaasperech, Impfzentren, Lydie Polfer, Pandemie, Taina Bofferding, Transport, Visitt, Xavier Bettel
Next post Previous post