Search

You may also like

Safer Internet Day 2020: Fir ee sécheren a responsabelen Ëmgang!
Neiegkeeten

Safer Internet Day 2020: Fir ee sécheren a responsabelen Ëmgang!

Um 11. Februar 2020 fënnt op der ganzer Welt de

Muer heescht et um Krautmaart: „Rentrée parlementaire“ (Kommentar)
Neiegkeeten

Muer heescht et um Krautmaart: „Rentrée parlementaire“ (Kommentar)

Wa muer d‘Chamber hir offiziell Rentrée zelebréiert, da schonn déi

Editorial: Mr Twitter provozéiert mat „fake news“
Neiegkeeten

Editorial: Mr Twitter provozéiert mat „fake news“

Datt den amerikanesche President sech der Welt iwwer Twitter matdeelt,

Den Ierfgroussherzog an de Wirtschaftsminister besiche Cosmolux zu Iechternach

Gëschter hu S.A.R. den Ierfgroussherzog Guillaume an de Wirtschaftsminister Franz Fayot d’Entreprise Cosmolux International SA zu Iechternach besicht. Do, wou zënter 20 Joer Kosmetikproduiten an Artikelen zur Kierperfleeg fir den Alldag entstinn a vermaart ginn, hu sech d’Invitéeën e Bild gemaach an iwwert d’Zukunftsvisioune geschwat.

D’Direktioun huet an dësem Kader eng ambitionéiert Expansiounsstrategie fir 2030 presentéiert, déi mat engem Investitiouns- a Finanzéierungsvolume vu ronn 65 Milliounen Euro anhir geet. Hir Ziler si beispillsweis eng ëmweltfrëndlech Produktioun auszebauen, d’Kapassitéite beim Offëllen ze erweideren an och den Offëllportfolio ëm een Tubeberäich ze erweideren.

Zousätzlech ass den Ausbau vun der Packmëttelproduktioun duerch d’Fläscheproduktioun, den Neibau vun engem vollautomatescht Héichregallager, an d’Fërderung vu Fuerschungs- an Entwécklungskompetenzen geplangt.

Op enger Produktiounsfläch vun 7.273 m² huet Cosmolux sech virun allem op d’Produktioun vun Emulsiounen, Lotiounen an Tensiden spezialiséiert. Vu Sonnecrème, iwwert Shampoing, hin zu Deo-Roller an Duschgel wëll d’Entreprise grouss Ketten aus dem Eenzelhandel mat sengen Artikelen iwwerzeegen.

An dësem Kader sollen 270 zousätzlech Aarbechtsplaze entstoen.

Cosmolux

(v.l.n.r.) Yves Wengler, Buergermeeschter vun Iechternach; Dr. Rolf Giesen, CEO vu Cosmolux; Jürgen Lutze, CTO, Cosmolux; Franz Fayot, Wirtschaftsminister; Patrick Nickels, Wirtschaftsministère; © MECO

Zesumme mat International Can SA, deen säit 2015 um selwechte Standuert zu Iechternach Aluminiumsdouse fir d’Kosmetikindustrie produzéiert, gehéiert Cosmolux zum däitsche MAXIM-Grupp. Zu hire Clienten gehéieren ënnert anerem u Rituals, Aldi, DM, Carrefour, Rewe, Rossman, den Auchan, Aldi a Lidl. Esou koum am viregte Joer ee konsolidéierten Ëmsaz vun 300 Milliounen Euro zustanen. Zu Lëtzebuerg beschäftegt de Grupp aktuell 330 Mataarbechter.

De Minister Fayot huet bei der Visitt d’Entwécklung vun der MAXIM-Grupp als bemierkenswäert bezeechent. Et géif e Beispill vun engem Familljebetrib duerstellen, deen d’Chancen an d’Virdeeler vum Groussherzogtum erkannt huet an notzt. Vun de kuerz Weeër an der grousser Proximitéit zu Entscheedungsdréier, sou wéi der Flexibilitéit, déi eist Land ze bidden huet, gëtt Notze gezunn.

Besonnesch houfreg weist hie sech iwwert hire „Luxembourg way of doing“. Dësen ass bestëmmt duerch Upassungsfäegkeet, Pragmatismus an de Wonsch no stänneger Verbesserung.

Den Dr. Rolf Giesen, Direkter vun der Cosmolux & Maxim-Markeproduiten BmbH & Co., ënnersträicht: „Bis ewell si mir immens zefridde mat eise Resultater zu Lëtzebuerg a gesi weidert grousst Potential fir eng laangfristeg erfollegräich Zukunft.

En häerzleche Merci fir déi positiv Ënnerstëtzung gëllt der SNCI, sou wéi der Stadverwaltung zu Iechternach – mir wëlle gären Iechternach zur zukünfteger Heemescht vum MAXIM-Grupp maachen. Mir freeën eis op déi weiderhin gutt Zesummenaarbecht mam Wirtschaftsministère a Luxinnovatioun.“

Uewe fannt Dir eng Billergalerie: © MECO

Related topics Cosmolux International SA, Dr. Rolf Giesen, Franz Fayot, Kierperfleeg, Kosmetikproduiten, MAXIM-Grupp, S.A.R. den Ierfgroussherzog, Visitt, Wirtschaftsministère
Next post Previous post