Search

You may also like

EU-Klimaziler an de Prinzip Hoffnung
Neiegkeeten

EU-Klimaziler an de Prinzip Hoffnung

No enger laanger Sëtzung hunn sech d‘Vertrieder vum EU-Parlament an

Haut ass de Weltdag vun de Mierer
Neiegkeeten

Haut ass de Weltdag vun de Mierer

Um haitege Weltdag vun de Mierer soll d’ekologesch Bedeitung vun

dislike
D‘Welt reagéiert op dem Trump seng Klima-Ofso
Neiegkeeten

D‘Welt reagéiert op dem Trump seng Klima-Ofso

Während den Donald Trump an d’USA dem Paräisser-Accord eng Ofso

Héije Besuch fir d’Generaldirektioun vun der DG SANTE

Héije Besuch fir d’Generaldirektioun vun der DG SANTE

Gëschter Moien hu S.A.R. de Groussherzog an d’Gesondheetsministesch Paulette Lenert d’Generaldirektioun vun der Santé an der Liewensmëttelsécherheet vun der Europäescher Kommissioun (DG SANTE) op der Cloche d’Or besicht. Wärend der Krisenzäit setzt sech d’DG SANTE fir d’Preventiounsaarbecht an d’Koordinatioun tëscht de Member- an Drëttlänner, sou wéi fir d’Reduzéierung vun der Ausbreedung vum Virus an, sou datt d’Bierger beschtméiglech geschützt sinn.

Fir unzefänken an e gudden Iwwerbléck ze kréien huet den Direkter John F. Ryan den Éieregäscht de Fonctionnement vun der DG SANTE an dem Comité vun der sanitärer Sécherheet (CSS) presentéiert.

Am Kampf géint de Covid-19 huet déi Europäesch Kommissioun all méiglech Instrumenter opgestallt, fir esou déi national Beméiungen ze ënnerstëtzen. Dozou gehéiert ënnert anerem d’Finanzéierung vun alle méiglechen Noutfall- an Hëllefsinstrumenter, der Kreatioun vun enger gemeinsam Reserv an natierlech och der Beschafung vu medezineschem Material.

De Groussherzog huet bei der Visitt ervir gehuewen, wéi wichteg dës Aarbecht ass: „Déi aktuell Corona-Epidemie huet eis d’Verbindung tëscht der Santé an dem Rescht vun der Gesellschaft bewosst gemaach. Lëtzebuerg ass besonnesch vulnerabel am Bezuch op déi sanitär grenziwwerschreidend Menacen duerch seng geografesch Situatioun. Et ass am Interessi vum Land an Europa fir effikass géint d’Menace geschützt ze sinn.“

Uschléissend huet d’Gesondheetsministesch Paulette Lenert erkläert, datt de schnellen Accès op zouverlässeg Informatiounen déi op wëssenschaftlechen Erkenntnisser berouen, zu enger effikasser Gestioun vun der sanitärer Kris bäidréit. Duerch d’Servicer vun DG SANTE konnten och d’Decisiouns-Prozesser fir d’Memberlänner vereinfacht ginn.

„Ech wëll der Ekipp vun der DG SANTE ganz besonnesch Merci soen, datt si et fäerdeg bruecht hunn d’Memberlänner fir eng gemeinsam Visioun zum Krisemanagement ze vereenen, an dat obwuel eis Gesondheetssystemer ënnerschiddlech sinn“, sou d’Ministesch ofschléissend.

Billergalerie © SIP / Julien Warnand

Related topics Cloche d'Or, CSS, DG SANTE, Europäesch Kommissioun, Gesondheetsministesch, John F. Ryan, Medezinescht Material, Paulette Lenert, Preventioun, S.A.R. de Groussherzog Henri
Next post Previous post