Search

You may also like

Kim Jong-un vs Donald Trump: Ee méi wéi nëmme symboleschen Handschlag
Neiegkeeten

Kim Jong-un vs Donald Trump: Ee méi wéi nëmme symboleschen Handschlag

Si hunn sech, wat nach virun e puer Méint kee

Broschtkriibs geet eis all eppes un!
Neiegkeeten

Broschtkriibs geet eis all eppes un!

Iergendeppes gesäit anescht aus. Mä wat? Och wa mir eis

Däitscht Klimaschutzgesetz net Verfassungskonform
Neiegkeeten

Däitscht Klimaschutzgesetz net Verfassungskonform

Géint dat vun der GroKo virgeluechte Gesetz hate jonk Klimaaktivisten,

S.A.R de Groussherzog besicht de CGDIS

Haut de Moien hu S.A.R. de Groussherzog an d’Inneministesch Taina Bofferding d’Ariichtung vum CGDIS besicht, vu wou aus aktuell d’Schutzmasken un d’Bevëlkerung verdeelt ginn. An dësem Kader konnt de Groussherzog sech net nëmmen de logisteschen Fonctionnement ukucke, mee sech och direkt mat den Agente vum CGDIS austauschen.

D’Inneministesch huet no der Visitt ënnerstrach, datt et nach viru wéinege Wochen een Manktem u Schutzmaske ginn ass. Duerch déi net Beliwwerungs-Strategie hätt een elo déi noutwenneg Moyenen, fir déi verschidden Etappe vum Deconfinement begleeden an der Bevëlkerung gratis Masken verdeele kënnen.

Bei dëser Geleeënheet huet d’Taina Bofferding weider Informatiounen zur Modalitéit vun der Distributioun ginn. „Et ass mir, als Inneministesch, wichteg d’Distributioun un d’Biergerinnen a Bierger mat eise logistesche Partner – dem CGDIS an de Gemengen – ze organiséieren. D’Membere vum CGDIS hu sech schonn ageschalt, fir 102 Gemenge mat Masken beliwweren ze kënnen.“

Zënter dem Ufank vun der Coronakris huet de CGDIS sech ëm d’Organisatioun an d’Verdeele vun der zweeter Well u Masken, ganzer 26 Millioune Stéck, un d’Gemenge gekëmmert.

All Lëtzebuerger Resident ënnert 16 Joer stinn, duerch d’Decisioun vun der Regierung vum 4. Mee 2020, ganzer 50 gratis Schutzmasken zou. Bis zum 15. Mee 2020 ginn d’Gemenge beliwwert, woubäi ab nächster Woch d’Kanner an déi Jugendlech hiert Schutzmaterial kréien.

Sinn d’Gemenge bis beliwwert, këmmere si sech ëm d’Informéiere vun hire Bierger, wou a wéini een d’Schutzmaske ka siche goen.

D’Billergalerie zur Visitt fannt Dir uewen © MINT

Related topics CGDIS, Gemengen, S.A.R. de Groussherzog Henri, Schutzmask, Taina Bofferding, Visitt
Next post Previous post