Search

You may also like

De Lieutenant-Colonel Steve Thull gëtt neie militäreschen Häuptling
Neiegkeeten

De Lieutenant-Colonel Steve Thull gëtt neie militäreschen Häuptling

Ab dem 29. September 2020 wäert de Lieutenant-Colonel Steve Thull

Déi jonk gréng: Iddie fir d’Zäit no Covid-19
Neiegkeeten

Déi jonk gréng: Iddie fir d’Zäit no Covid-19

An der neister Matdeelung vun déi jonk gréng ginn d’Iddien

Mamer TheaterContainer mat „In der Einsamkeit der Baumwollfelder“
Neiegkeeten

Mamer TheaterContainer mat „In der Einsamkeit der Baumwollfelder“

Um Freideg, den 21. August fënnt d’Premiere vum Bernard-Marie Koltès

Spontan an onkomplizéiert: Zu Besuch am Impf-Bus

Nieft dem Impfzenter a verschidde Praxen ass de sougenannten „Impf-Bus“ eng simpel Alternativ, fir sech spontan an ouni Rendez-vous géint Covid-19 impfen ze loossen. Gëschter hu S.A.R. de Groussherzog Henri an d‘Gesondheetsministesch Paulette Lenert sech selwer e Bild dovunner gemaach, wéi et am mobillen Impfzenter ofleeft.

Zu dësem Zäitpunkt war de Bus op der Cloche d‘Or an huet säi Service vun 11 bis 15 Auer ugebueden. Bei der Visitt kruten d‘Gäscht gewisen, wéi d‘Ekipp schaffen. Ma, och dat eent oder anert Gespréich mat Persounen, déi an der Schlaang op hir Dosis gewaart hunn, konnt zustane kommen.

An dësem Kader hunn de Groussherzog an d‘Ministesch dem Personal vum Impf-Bus an alle Persounen, déi en Deel zur Léisung bäidroen, Merci gesot.

Impf-Bus
© Maison du Grand-Duc / Kary Barthelmey

Bis ewell goufe 793.155 Dose vum Impfstoff géint de Coronavirus verofreecht. Ganzer 371.449 Persoune kruten hir zweet Dosis.

Den Impf-Bus tourt als mobillen Impfzenter duerch d‘Land an ass och op diversen Evenementer a Festivitéite present. Esou gëtt et erméiglecht, datt all Persoun sécher Zougang zum Impfstoff kritt. Natierlech stinn den Impfzenter an der Victor Hugo Hall um Lampertsbierg a verschidden Dokter-Praxen zur Verfügung. Ab dem 16. Oktober, respektiv dem 16. Dezember wäerten och zu Esch-Belval an Ettelbréck neet d‘Impfzenteren opmaachen.

Billergalerie: © Maison du Grand-Duc / Kary Barthelmey

Related topics Covid-19, Gesondheetsministesch, Impf-Bus, mobillen Impfzenter, Paulette Lenert, S.A.R. de Groussherzog Henri, Visitt
Next post Previous post