Search

You may also like

HALESTORM – Weiblech Power fir pur Faszinatioun!
Kultur Neiegkeeten

HALESTORM – Weiblech Power fir pur Faszinatioun!

Gëschter Owend huet déi US-amerikanesch Rockband Halestorm am Atelier performt.

What the Fakt – De Slipknot-Frontmann Corey Taylor huet Gebuertsdag!
Kultur Neiegkeeten

What the Fakt – De Slipknot-Frontmann Corey Taylor huet Gebuertsdag!

Metalheads opgepasst: Haut kënnt Dir op de Gebuertsdag vum Corey

Editorial: Et kann een alles op d‘Spëtzt dreiwen!
Kultur Neiegkeeten

Editorial: Et kann een alles op d‘Spëtzt dreiwen!

Et ass richteg, datt den Handy hannert dem Steier zur

Visitt am Phantasialand elo awer méiglech no negativem Corona-Test

Visitt am Phantasialand elo awer méiglech no negativem Corona-Test

Datt den däitsche Fräizäitpark Phantasialand d’Lëtzebuerger Visiteuren an nächster Zäit net empfänke wéilt, huet hei am Land vir e bëssen Onrou gesuergt. De Park huet elo reagéiert an erlaabt de Besuch ënnert bestëmmte Konditiounen.

De Groussherzogtum gouf als Risikogebitt agestuuft, wouduerch d’Phantasialand zu haarde Moossname gegraff huet. Virun enger Stonn koum awer de Message, datt all Lëtzebuerger Resident, deen en negative Corona-Test, dee manner wéi 48 Stonnen al ass, virweise kann, de Park besichen dierf.

Phantasialand

Ob de Lëtzebuerger awer elo nach Loscht huet, seng Fräizäit do ze verbréngen, ass eng aner Fro….

Related topics 48 Stonnen, Achterbunn, Brühl, Corona-Test, Fräizäitpark, Lëtzebuerger Resident, PCR-Test, Phantasialand, Visitt
Next post Previous post