Search

You may also like

US-President warnt Peking
Neiegkeeten

US-President warnt Peking

D‘Situatioun zu Hong Kong ass liicht ugespaant, well d‘Bierger der

Wolz: Solidaritéitsaktioun fir de lokale Handel a Veräiner
Neiegkeeten

Wolz: Solidaritéitsaktioun fir de lokale Handel a Veräiner

Veräiner, Handel an Horesca Betriber leide staark ënnert de Moossnamen,

48,8°C ass och fir Sizilien eppes waarm
Neiegkeeten

48,8°C ass och fir Sizilien eppes waarm

Datt een sech als Tourist den Ament am Mëttelmierraum wuel

Den Ierfgroussherzog an de Wirtschaftsministère besiche securitymadein.lu

Den Ierfgroussherzog an de Wirtschaftsministère besiche securitymadein.lu

En Dënschdeg hu S.A.R. den Ierfgroussherzog Guillaume an de Finanzminister Franz Fayot d’Agence vu securitymadein.lu besicht an den Experte vun der Cybersécherheet iwwert d’Schëllere gekuckt. Ënnert anerem duerften d’Invitéeën am sougenannte ROOM#42 u verschidde Simulatioune vu Cyberattacken deelhuelen.

Mat Hëllef vun dësen Demonstratiounen gëtt och d’Ekipp vu securitymadein.lu dorop virbereet, seng kollektiv Kompetenzen ze verbesseren an effikass op Virfäll reagéieren ze kënnen. Déi multidisziplinär Ekipp besteet aus 41 Experten, déi op d’Erkennung an den Traitement vu Cyberattacken, de Schutz an d’Preventioun vun der Cybersécherheet an op d’Verbesserung am Beräich vum Risikomanagement spezialiséiert sinn.

securitymadein.lu
(v.l.n.r.) Pascal Steiche, CEO vu securitymadein.lu; S.A.R. den Ierfgroussherzog; Franz Fayot, Wirtschaftsminister © securitymadein.lu

D’Agence, déi am Joer 2010 gegrënnt ginn ass, besteet aus 3 Departementer:

  • CASES (Cyberworld Awareness Security Enhancement Services – Luxembourg): Zoustänneg fir de Schutz an d’Preventioun viru Cyberattacken;
  • C3 (Cybersecurity Competence Center – Luxembourg): Zoustänneg fir déi digital Resilienz ze testen an ze verbesseren;
  • CIRCL (Computer Incident Response Center Luxembourg): Zoustänneg dofir Cyberattacken ze entdecken an dorop ze reagéieren.

An dësem Kader huet de Finanzminister Franz Fayot ënnerstrach, wéi wichteg d’Cybersécherheet fir d’Entfaltung vun enger vertrauenswierdeger digitaler Wirtschaft ass. Gläichzäiteg huet hien dem Pascal Steichen, CEO vu securitymadein.lu a senger Ekipp fir hir Aarbecht an de groussen Engagement felicitéiert.

De François Thill, Direkter an der Cybersécherheet am Finanzministère a President vum Verwaltungsrot vu securitymadein.lu, huet doropshin der Regierung Merci fir d’Ënnerstëtzung bei der Entwécklung vun de Servicer gesot. Esou wier et méiglech sech an Europa als Haaptacteur am Beräich vun der Cybersécherheet ze positionéieren.

Ma, dës Visitt huet den offizielle Lancement vun der Plattform CYBERSECURITY Luxembourg markéiert. Hei sinn Informatiounen zu iwwer 300 Acteuren aus dem ëffentlechen a private Secteur aus dem Beräich vun der Cybersécherheet ze fannen. Et erméiglecht zudeem eng vereinfacht Kollaboratioun a Begleedung vun Entreprisen a Gemengen op hirem Wee zu engem responsabelen a séchere Verhalen an der digitaler Welt.

(v.l.n.r.) Pascal Steichen, CEO vu securitymadein.lu; S.A.R. den Ierfgroussherzog; Fanz Fayot, Wirtschaftsminister; François Thill, Direkter vun der Cybersécherheet am Wirtschaftsministère a President vum Verwaltungsrot vu securitymadein.lu © securitymadein.lu

Related topics Cyberattack, Cybersécherheet, François Thill, Franz Fayot, Pascal Steichen, S.A.R. den Ierfgroussherzog, securitymadein.lu, Visitt, Wirtschaftsminister
Next post Previous post