Search

You may also like

Libyen: e Konflikt mat ëmmer méi Acteuren
Neiegkeeten

Libyen: e Konflikt mat ëmmer méi Acteuren

Dat nordafrikanescht Land huet vill Begierden erwächt an hei stinn

Ouschteren: D‘Tories feieren d‘Operstoung vum Boris
Neiegkeeten

Ouschteren: D‘Tories feieren d‘Operstoung vum Boris

De britesche Premierminister Boris Johnson hat sech zu Ufank schwéier

Mäi Quartier – Mäi Buttek: En neie Pop-Up Store huet seng Dieren opgemaach
Neiegkeeten

Mäi Quartier – Mäi Buttek: En neie Pop-Up Store huet seng Dieren opgemaach

En Donneschden, den 3. Juni huet en neie Pop-Up Store

Fir déi visuell Gesondheet vun de Residenten a Flüchtlingsfoyeren

Fir déi visuell Gesondheet vun de Residenten a Flüchtlingsfoyeren

De 17. Juni huet den Dag vun der visueller Gesondheet stattfonnt. An dësem Kader hu sech d’Stëftung Vision for Life vun Essilor a Caritas Lëtzebuerg zesummegedoen, fir d’Aen vun de Residenten aus 4 Flüchtlingsfoyeren am Süden ze testen an mat engem Brëll op eventuell Beanträchtegungen ze reagéieren.

Fräiwëlleg Optiker an Aendoktere vu Vision for Life hunn bei dëser Aktioun 110 Erwuessener a Kanner an de béide Flüchtlingsfoyeren zu Esch-Uelzecht, am Foyer zu Déifferdeng an am Foyer zu Féiz getest. Nom Pre-Screening koum et zur gréisserer Ënnersichung vun der Siicht an den Aen.

Am Ganzen hu 34 Persounen e Brëll gebraucht. Bei einfache Fäll kruten d’Refugiéen dëse schonn op der Plaz, wärend bei méi komplexe Problemer eng Ordonnance gemaach ginn ass. Dës weidere kruten all Residenten e Sonnebrëll offréiert, fir sech esou géint d’UV-Stralen ze schützen.

D’Siicht verbesseren fir d’Liewen ze verbesseren

Nach ëmmer ass eng schlecht Siicht weltwäit de gréissten Handicap. Dobäi huet net jiddereen d’Méiglechkeet bei en Dokter ze goen a sech hëllefen ze loossen. Mat ugepasste Léisungen kann den Alldag vu Betraffene besser gemeeschtert ginn a besonnesch Kanner hunn eng besser Chance op Bildung an Integratioun.

Schonn 2019 hu Vision for Life a Caritas dës Aktioun duerchgefouert. Et ass opgefall, datt vill Refugiéen net woussten, datt si Problemer mat den Aen hätten, respektiv konnte si ni vu medezinesche Kontrolle profitéieren. Gi méi uerg Beanträchtegung festgestallt, esou gëtt e reegelméissege Suivi bei engem lokalen Aendokter gefuerdert.

An iwwer 40 Länner setzt Essilor sech mat diversen Initiative fir déi visuell Gesondheet an, an ënnerstëtzt esou virun allem méi vulnerabel Populatiounen, respektiv Mënschen, déi keen esou e gudden Zougrëff op medezinesch Versuergung hunn wéi mir et kennen.

Related topics Aendokter, Beanträchtegung, Brëll, Caritas Lëtzebuerg, Depistage, Ënnersichung, Essilor, Optiker, Screening, Sonnebrëll, Vision for Life, visuell Gesondheet
Next post Previous post