Search

You may also like

Frankräich: Ee Joer Protest an et ass net besser ginn
Neiegkeeten

Frankräich: Ee Joer Protest an et ass net besser ginn

Wann de Schwong eppes verluer gaangen ass, esou sinn d‘Grief

Editorial: Literaresch Rebellioun
Neiegkeeten

Editorial: Literaresch Rebellioun

Si souzen deels um Bueden. Hu virgelies an de Publikum

déi Lénk zur Ministerpresidentewahl: Tabubroch an Thüringen
Neiegkeeten

déi Lénk zur Ministerpresidentewahl: Tabubroch an Thüringen

De liberale FDP-Kandidat Kemmerich gouf mat de Stëmme vun der

Néng Covid19-Affer am Vitalhome zu Käl

Néng Covid19-Affer am Vitalhome zu Käl

Schonn en Dënschdeg, wou d‘Familljeministesch Corinne Cahen (DP) zesumme man Direkter vun der Santé an dem Här vu Servior, iwwert d‘Ëmstänn an Hannergrënn vun der sanitärer Katastroph am CIPA Nidderkuer „Um Lauterbann“ bericht hunn, war d‘Fro zur Situatioun am Vitalhome zu Käl opgeworf ginn.

Vitalhome ass keen Altersheem am eigentleche Sënn, mee ee sougenannt „Encadréierte Logement“, als eng Struktur mat Studioe, an deenen d‘Senioren nach wäitleefeg Autonom sinn. Dëst Haus gëtt vum Reseau HELP (Rout-Kräiz) geréiert. An dësem „Haus“ sinn néng vun den 39 Residenten un der Covid19-Infektioun verstuerwen, wat och bannent dem Gemengerot fir ierger gesuergt huet.

Schonn ee Méindeg haten d‘Conseillere vun der Demokratescher Partei, Patrick Krings a Romain Becker, dem Kolléisch vum Buergermeeschter a Schäfferot zu dësem Fall e Bréif geschriwwen. Op dësem Dag haten d‘Kolleege vum Honnertkommasiwen informéiert, datt 25 vun den 39 Residenten a 13 Membere vum Fleegepersonal, positiv op de Covid19 getest goufen. Si fuerderen eng Enquête.

Dat ass ëm esou méi interessant, wéi gewosst ass, datt och dës Struktur fir Seniore-Betreiung an den Zoustännegkeetsberäich vun der Familljeministesch Corinne Cahen fält. Anersäits, ass „Ugrëff“ oft déi besser Verdeedegung. An de klengen Dierfer verbreeden sech schlecht Nouvelle wéi Laffeier an esou en „Eenzelfall“ ka séier zu gréisserem Dissens féieren. Et ass awer keng Virworf un d‘Ekipp.

Dem Kolléisch vum Buergermeeschter a Schäfferot wëllen d‘Intervenante kee Stee geheien an béid Conseillere betounen, datt et an der Kausa „Vitalhome“ net ëm Parteipolitik mee ëm d‘Wuel vun de Leit geet. Et géif ëm d‘Saach goen an et misst ee gemeinsam bei der Regierung intervenéieren, fir Liicht an dëst däischtert Kapitel vun der Gemeng ze bréngen. Dat hätt jo och net dierfe virkommen.

Wat de Bedreiwer zur Saach ze soen huet

Am Schreiwes vun HELP/Rout-Kräiz geet de Gestionnaire vun der Struktur „Vitalhome“ nach emol op d‘Situatioun zu Käl an. Am grousse Ganze ginn d‘Informatiounen zu den Infektiounsfäll an dem Stierffäll bestätegt. Op gëschter wieren nach sechs Residenten hospitaliséiert gewiescht. Zanter dem 19. Mäerz wier awer och keen neien Infektiounsfall detektéiert ginn. Dat dierf begréisst ginn.

Begréissenswäert och, datt de Gestionnaire séier a verantwortlech gehandelt huet. D‘Catherine Gapenne, d‘Directrice vum Departement „Hëllef a Soinen“: „Eis Gedanke ginn als éischt un d‘Leit déi een hinnen nostoende Mënsch verluer hunn, mee un d‘Leit de sech zur Stonn nach am Spidol ophalen. Gëschter si mir leider gewuer ginn, datt ee weidere Resident am Spidol verstuerwen ass. Zousätzlech zu de verschäerfte sanitären Dispositiounen, hu mir eng Ekipp zur sozialer a psychologescher Ënnerstëtzung op der Plaz, déi de Residente wou et wënschen zur Säit stinn“.

Et gouf zudeem bestätegt, datt direkt bei der Entdeckung vum 1. Fall (27. Februar) zousätzlech Moossnamen zum Schutz vun de Bewunner ergraff goufen. Mesuren déi an Ofsprooch mat der Gesondheetsinspektioun geholl goufen. Esou koum zum partielle Confinement an och dem haus Friem Persoune goufen net méi eragelooss. Den 1. Mäerz goufen d‘Leit nach emol getest.

Och mam Impfe kéim ee gutt virun, esou zumindest d‘Schreiwes. Eng Rei Residente konnten tëscht dem 22. a 26. Februar an engem Zenter geimpft ginn, dat iwwert déi perséinlech Aluedung, wou se zougestallt kruten. Den 23. Mäerz sinn nach emol 23 Residente vun der mobiller Ekipp vun der Gesondheetsdirektioun, ënnert der Opsiicht vum Hausdokter geimpft ginn. Si hunn alles am Grëff.

Illustratioun: © Christian Newman / unsplash

Related topics Covid19-Pandemie, Encadréierte Logement, HELP, Rout Kräiz, Senioren, Vitalhome Käl
Next post Previous post