Search

You may also like

dislike
Trump-Administratioun beschränkt Geschäftsbezéiunge mat Kuba
International Neiegkeeten

Trump-Administratioun beschränkt Geschäftsbezéiunge mat Kuba

Um Mëttwoch huet Washington matgedeelt d‘Geschäftsbezéiungen tëscht amerikaneschen a kubaneschen

Dat grousst Lous fir de gudden Zweck: Bilan Oeuvre & Loterie Nationale
International Neiegkeeten

Dat grousst Lous fir de gudden Zweck: Bilan Oeuvre & Loterie Nationale

Haut scho gewonn? D’Oeuvre Nationale de Secours Grande-Duchesse Charlotte an

Mindestens néng Doudeger no Äerdbiewen
International Neiegkeeten

Mindestens néng Doudeger no Äerdbiewen

Bei engem Äerdbiewen un der iranesch-tierkescher grenz sinn op mannst

Eng Staatspresidentin fir de Kosovo

Eng Staatspresidentin fir de Kosovo

D‘Parlament zu Pristina ass op de Virschlag vum Ministerpresident Albin Kurti agaangen, an huet déi 38 järeg Vjosa Osmani zum Staatschef gewielt. Zu Wal ware 82 Deputéiert vun 120 uwiesend, dovunner hunn der 71 der Beruffspolitikerin hir Stëmm ginn.

Déi an den USA formatéiert Politikerin huet no hirer Wal zum Dialog mat Serbien opgeruff. Et wier un der Zäit d‘Bezéiunge mam Feind ze normaliséieren. Dat awer géif viraussetzen, dat se sech zu Belgrad, zumindest zu enger Entschëllegung fir de Krich vun 1998/99 géifen iwwerzeege loossen. D‘Vjosa Osmani, fuerdert der serbescher Regierung, dat déi Verantwortlech sollen ugeklot ginn.

Bleift nach drop hinzeweisen, datt d‘Vjosa Osmani zanter November 2020 kommissaresch den Job bestreit. Dat wëll hire Virgänger, den Hashim Thaci, am Kontext vun enger Uklo virum ICC zu den Haag, zum Récktrëtt animéiert gouf. No de Walen am Februar, bei deenen dem Albin Kuri seng Partei Vetevendosje, ass awer hiert Mandat ausgelaf. Dat si bestätegt gouf, gëtt elo och kritiséiert.

Vjosa OsmaniEn erfreelecht Bild… vill Dammen hunn hir Plaz am kosovaresche Parlament. © Assembly of the Republiv of Kosovo

Esou hunn d‘Oppositiounsparteien a Vertrieder vun der Zivilgesellschaft ee grousse Problem mam Fait, datt d‘Staatspresidentin, de President vum Parlament an de Ministerpresident aus enger an der selwechter Partei kommen. Dat ass bezunn op déi „fragil Demokratie“ am Kosovo. Et kann drop verwise ginn, datt d‘Vjosa Osmani net an der Partei „Member“ ass, awer fir si kandidéiert huet.

Bleift nach drun ze erënneren, datt de Kosovo mat seng bal 2 Milliounen Awunner, sech 2008 vu Serbien onofhängeg gemaach huet. Dat vu Russland gestäipte Serbien huet net wëlles de Kosovo als Staat unzëerkennen. Bréissel dogéint gesäit an alle Balkanlänner „Bäitrëttskandidaten“ an huet scho Milliarden „investéiert“. Mee mam Geld eleng wäert dëse Konflikt net ze léise sinn.

mat indymedia/prn

Foto: D‘Vjosa Osmani ass pro-europäesch agestallt, a war Mëtt Mäerz zu Besuch an der Ambassade vu Lëtzebuerg zu Pristina. Et gouf sech bei dëser Entrevue iwwert d‘Fortféierung vu kritesche Reformen, d‘Kontroll vun der Pandemie an déi wirtschaftlech Erhuelung vum Kosovo ënnerhalen. © Embassy of Luxembourg in Pristina

Related topics Kosovo, pro-europäesch, Staatspresidentin, Vetevendosje, Vjosa Osmani
Next post Previous post