Search

You may also like

Saudescht Geriicht géint Doudesstrof
Kultur Neiegkeeten

Saudescht Geriicht géint Doudesstrof

Zwee Joer nom Mord um saudesche Regimmkritiker Jamal Khashoggi sinn

Gëftgasasaz a Syrien: dem UN-Sécherheetsrot bleiwen d‘Hänn gebonnen
Kultur Neiegkeeten

Gëftgasasaz a Syrien: dem UN-Sécherheetsrot bleiwen d‘Hänn gebonnen

Um Dënschdeg huet den UN-Sécherheetsrot bewisen, wéi wéineg Entscheedungsspillraum a

Sanktioune géint Wäissrussland sinn duerch
Kultur Neiegkeeten

Sanktioune géint Wäissrussland sinn duerch

Et war eng laang Nuecht a wann een dem EU-Rotspresident

Voll an Aktioun um Koll an Aktioun

Och dëst Joer wousst de Festival nees seng Besicher ze verzauberen

Et ass en anere Festival, wéi een dat soss hei zu Lëtzebuerg kennt. De Koll an Aktioun hat fir dat sechst Joer hannerteneen nees seng Dieren zu Uewermaarteleng um Site vum Schifermusée un der belscher Grenz opgemaach. Vill Fräiwëlleger – dorënner eng Rei Dreemer an Idealisten – hunn et de Weekend effektiv fäerdeg bruecht, d’Welt fir d’Besicher op mannst fir déi Zäit e Stéck wäit besser ze maachen.

Et ass vill a laang un der Organisatioun vum Koll an Aktioun 2019 geschafft ginn. An et sollt sech gelount hunn: De Festival wousst och dëst Joer nees virun enger impressionnanter Kuliss vum historesche Schifermusé zu Uewermaarteleng d’Besicher ze verzauberen. An enger heemeleger Atmosphär hu Frënn, Familljen an Onbekannter zesummefonnt an zu enger flotter a friddlecher Stëmmung bäigedroen. Säit Bestoen 2014 deet de Koll an Aktioun sech duerch dat besonnescht Zesummespill tëschent Musek, Kultur, Iessen a Familljefrëndlechkeet ervir – dëst stets am Respekt zur Natur, Ëmwelt an dem Mënsch.

De Programm vum dësjärege Festival hat och nees eppes fir Jonk an Al ze bidden – sief et Optrëtt vun nationalen an internationale Museksgruppen, droleg Kostümer an Animatiounen oder kulinaresch Highlights. Virun allem e Sonndeg op Mammendag ware vill Famillje mat hire Kanner do.

Koll an Aktioun 2019

© Melvin Hatto/moien.lu

Sécherheetspersonal weist sech iwwerrascht

No enger zolitter Reeschauer beim Start um Samschdegnomëtten huet d’Sonn sech dunn awer mat engem breede Grinse gewisen. An esou koum et, datt lues a lues – passend zum heemeleg gemittlechen Naturell vum Festival – ëmmer méi Leit agetrudelt sinn.

Zwar hat d’Kollibri A.s.b.l., senges Zeechens Veranstalter vum Koll an Aktioun, e gutt gefëllte Programm op d’Bee gestallt, allerdéngs ass et engem zu kengem Moment sou virkomm, wéi wann dësen iwwerluede gewiescht wier. D’Concerte ware beispillsweis esou placéiert, datt déijéineg, déi keng verpasse wollten, och näischt verpasst hunn. Dogéint konnt ee sech och mol op sëlleche Plazen zréckzéien an et méi gemitterlech ugoe loossen. Jiddereen a sengem Rhythmus a jiddereen esou, wéi ëm de Schniewel gewuess ass. Dat ass wuel mat ee vun de Grënn vun der eenzegaarteger Atmosphär vum Festival – jiddereen ass wëllkomm a jidderee fënnt seng Plaz.

Koll an Aktioun 2019

Broc’N’Roll Circus © Melvin Hatto/moien.lu

Sou war dann och d’Sécherheetspersonal liicht iwwerrascht – ass een esou ee rouegen Aarbechtsweekend seele gewinnt. Beandrockend dann nach, wéi propper et wärend dem ganze Weekend um Site war. Obwuel een nëmmen e puer Poubellen hei an do erblécke konnt, sou louch sou gutt wéi néierens Knascht um Buedem. Och Zigarettestëmp ware sou gutt wéi keng um Buedem ze gesinn.

Dat weist, wéi integer de Veranstalter ass an datt dëst vun de Besicher respektéiert an och virgelieft gëtt. Eigentlech esou, wéi ee sech dat op all Plaz an allen Evenementer wënscht.

An eiser Foto-Galerie sinn Andréck vum Festival-Weekend festgehalen.

Opmaacherfoto: © Melvin Hatto/moien.lu

Related topics Koll an Aktioun, Koll an Aktioun 2019, Kollibri, Schifermusée, Uewermaarteleng
Next post Previous post