Search

You may also like

Fërdert d‘WHO Homosexualitéit bei Kanner?
International Stories

Fërdert d‘WHO Homosexualitéit bei Kanner?

De brasilianeschen Diktaturnostalgiker Jair Bolsonaro, deen och als südamerikaneschen Trump

Wéi déi neoliberal Bildungspolitik d‘Chancëgläichheet ënnergrieft
International Stories

Wéi déi neoliberal Bildungspolitik d‘Chancëgläichheet ënnergrieft

De SEW/OGBL huet schonn oft virun den desastréisen Auswierkungen, déi

BENU Village: Do kënns de aus dem Staunen net méi eraus!
International Stories

BENU Village: Do kënns de aus dem Staunen net méi eraus!

Wat Kreeslafwirtschaft a voller Konsequenz bedeiten, weist de BENU Village

D‘Sentinellen, e Vollek, ofgekoppelt vun der Moderner Welt

En amerikaneschen Evangelist wollt se opklären, hien huet elo Rendez-vous mat sengem Schëpfer

D‘Sentinellen, e Vollek, ofgekoppelt vun der Moderner Welt

Den Dout vun engem amerikanesche Missionar ënnert de Feiler vun de Sentinellen (Wiechter), stellt déi aussergewéinlech Konditioun vun dësem anzestrale Vollek ënner Beweis. E Vollek dat getrennt vun der zäitgenëssescher Welt op enger Insel am indeschen Archipel vun Andaman an Nicobar lieft. Aus gudde Grënn ass den Zougang zu dëser Insel allen „aneren“ verbueden.

Fir den Amerikaner John Chau, 27 Joer jonk, schéngt dat mam „Verbuet“ net esou geklappt ze hunn. Hien hat sech an de Kapp gesat, dëst aalt Vollek vun der „North Sentinel Island“ – dat sech bewosst a mat aller Gewalt géint de Versuch, vu bausse kontaktéiert ze ginn, wiert – ze evangeliséieren. Hie wäert aus senger Erfarung keng Schlëss méi zéien, hien ass de 16. November beim Versuch d‘Wuert vu sengem Gott ze verbreeden ëmkomm.

Eis gëtt et d‘Geleeënheet, e Bléck op dat ze werfen, wat vun de „Wiechter“ bekannt ass. Ëmmerhin eng vun den isoléiertste Communautéiten op dëser Welt. Hei also dat wat ee vun hinne wësse sollt.

Eng al Sippschaft

D‘Insel North Sentinel huet eng Fläch vun 59,67 Quadratkilometer, wat net wierklech vill méi ass wéi d‘Fläch vun eiser Haaptstad (51,47 Km²). Si läit am Mier vun Andaman, gutt 50 Kilometer vu Port Blair, der Haaptstad vum Archipel, ewech. Laut der ONG „Survival International“ déi dës Sippschafte vun Urawunner schützt, entstamen d‘Wiechter vun den éischten Homo Sapiens Populatiounen of, déi sech vun Afrika ofgesat hunn, an zanter 60.000 Joer op dësen Insele liewen.

Aner Anthropologe vertrieden dës Thees net. Si mengen et wier net erwisen, datt hir Presenz an dëser Regioun esouwäit zeréckféiert, mee bestätegen datt et sech ëm Joerdausende muss handelen. Well den Accès zur Insel vun den Autoritéite verbueden ass, kann nëmme geschat gi wéi grouss d‘Communautéit vun de Wiechter – eng vun de leschte vum Typ „Negrito“ – ass. Jee nodeem wéi eng Informatiounsquell ee sech zu Gemitt féiert, wieren et tëscht 100 an 200 Individuen.

Unhand ganz seelene Biller, déi vum Mier aus geholl goufen, kann een Awunner erkennen déi eng schwaarz Hautfaarf hunn. Si hu keng Kleeder, mee benotzen dat Wat d‘Natur hinnen zur Verfügung stellt: Blieder a Ficellen aus planzleche Faseren. Si schéngen och „kokett“ ze sinn, well si sinn mat dekorativen Accessoiren, wéi Halsbänner an anerem Tinnef, gesi ginn.

Jeeër a Sammler

D‘Wiechter sinn e Vollek vu Jeeër a Sammler, liewen am Bësch dee bal déi ganz Insel bedeckt. Bei Geleeënheet gëtt och gefëscht. Laut der Survival International, wier et awer e Feeler unzehuelen, datt dës Communautéit nach wéi an der Steenzäit lieft. „Et gëtt kee Grond unzehuelen, datt si säit dausende Joren onverännert liewen (…) Hir Liewensweis huet sech verännert, entwéckelt, an si hu sech wéi all aner Vëlker ëmmer nees missen upassen“, esou déi britesch ONG.

Den indeschen Anthropolog T.N.Pandit, ass eng vun de ganz wéinege Persounen deen e Fouss op d‘Insel gesat huet (an se och nees verloosse konnt). An engem rezenten Interview huet hien e puer Erënnerungen zum beschte ginn, déi sech op eng wëssenschaftlech Expeditioun aus dem Joer 1967 bezunn hunn. Dem Site „Down To Earth“ sot hien: „Mir sinn 1 Kilometer an d‘Insel virgedrongen. D‘Wiechter hunn sech net gewisen, si hu sech am Bësch verstoppt an eis am A behalen“.

De Grupp, dee vu bewaffente Poliziste begleet gouf, hat e Camp mat 18 Häipe fonnt. „Et huet vill Liewensmëttel ginn, dorënner wëll Friichten a Fësch deen um Feier gereechert ginn ass“, esou den T.N.Pandit. A sengem Tagebuch, huet den amerikaneschen „Missionar vu Gott“, John Chau kuerz viru sengem Dout notéiert, datt déi Mënschen déi hie gesinn huet, 1,65 grouss waren a gielt Polfer am Gesiicht haten. Dofir säi Liewen ze afferen, ass dann awer eppes wéineg…

Et gouf e „Kontakt“

Am der Kolonialzäit, géint Enn vum 19. Joerhonnert, huet eng Expeditioun ënnert der Leedung vun engem briteschen Offizéier eng Koppel „Wiechter“ an e puer Kanner gefaangen. Si hunn dës mat op Port Blair geschleeft, wou d‘Koppel séier u Krankheete gestuerwen ass. Aus net weider definéierte Grënn sinn d‘Kanner zréck op d‘Insel verfracht ginn. E riskant Spill mat Mamma Natur, d‘Kanner hätten déi ganz Bevëlkerung vun der Insel kéinten infizéieren.

An der zweeter Hallschent vum 20. Joerhonnert, huet et e puer Expeditioune mat indeschen Anthropologe ginn, déi versicht hunn, mat de Wiechter Kontakt opzehuelen. Ouni groussen Erfolleg. Eigentlech sinn se stänneg mat Feiler beschoss ginn… Indien huet an de 90er Joren opgehalen d‘Wiechter ze nerven a respektéiert hir „Isolatioun“. D‘Autoritéite versécheren sech geleeëntlech datt se nach do a bei gudder Gesondheet sinn. Allerdéngs aus sécherer Distanz.

Per Gesetz ass et strikt verbueden sech méi no wéi 5 Kilometer un d‘Insel erunzemaachen. Wéi fir all déi aner Vëlker vun den Andaman, ass et strengstens verbueden se ze fotograféieren oder ze filmen. Wien sech net drun hält, muss déif, ganz déif an d‘Täsch gräifen. Déi lescht Interaktioun mat de Wiechter – virum amerikanesche Missionar – war 2006. D‘Schëff vun zwee indesche Fëscher war während si geschlof hunn un de Strand ugespullt ginn. Si sinn net méi erwächt.

E Kontakt mat der Aussewelt kéint dann och fir d‘Wiechter fatal sinn. Si entwéckelen sech Abseits dem Rescht vun der Humanitéit. Hiren Immunsystem ass eisem net gläich, a kann den Infektiounen déi ugeschleeft géifen, näischt entgéint setzen.

mam Alexandre Marchand/AFP

Related topics Archipel vun Andaman an Nicobar, John Chau, Missionar, Sentinellen
Next post Previous post