Amerikanesche Volleksheld muss an de Bing

De „Schaman“ Jacob Chansley aus Arizona ass zu enger Prisongsstrof vun 41 Méint verdonnert ginn

Fir de Mann mam Pelz an den Haaren op der Bëls, dee seng gloriéis Stonn bei der Erstiermung vum Kapitol erlieft huet, ass d‘Urteel gefall. Dem Dabo aus dem US-Bundesstaat Arizona säi Bild war jo dank den neie Kommunikatiounstechnologie ronderëm d‘Welt gaangen. Eng ikonesch „Figur“ vun der Q-Anon Beweegung an e grousse Fan vum gréissten US-President aller Zäiten…


Dat ass de sympathesche Schaman aus Arizona, kuerz nodeems hien um 6. Januar d‘Kapitol nees verlooss hat. An dësem kuerze Clip, gëtt hie seng Versioun vun zu allem wat sech grad zougedroen huet a firwat hien huet missen un dësem Happening deelhuelen.

Mir erënneren eis: nëmme wéineg Deeg nodeems dem Donald Trump seng Unhänger d‘Kapitol erstiermt haten (6. Januar) – dat wëll de Milliardär ëm seng Victoire bei de Presidentschaftswale bedru gouf – war dëst ganz besonnescht Exemplar vu mënschlecher Intelligenz verhaft ginn. Zanterhier sëtzt de Schaman an Untersuchungshaft an ass vu Medezinmänner duerchliicht ginn.

Gleeft een den medezineschen Experten, déi vum Justizministère beoptraagt goufen dem Jacob Chansley an de Kapp ze kucken, esou géif dësen ënnert enger temporärer Schizophrenie leiden. Doriwwer eraus notéieren si: bipolar-Stéierung, Depressioun an Angschtzoustänn. Also eeMentalen Zoustand, dee sech esou fir d‘Majoritéit vun de wäissen Iwwermënschen diagnostizéiere léist.


Nom Urteel ass dem Schaman Jacob Chansley säin Affekot gefrot ginn, ob hie säi Mandant fir en Opstännege géif halen. Interessant Äntwert…

Anersäits hat dësen amerikanesche Volleksheld, egal wéi krank de Kapp ass, no der Attack op d‘Kapitol, de Kolleege vun NBC erkläert: „D‘Tatsaach, datt ee Koup Verréider am Amt sech verbarrikadéiert an d‘Gasmasken opgesat, a sech dann och nach am Bunker verschanzt hunn, halen ech fir eng Victoire“. Dat kann ee gëlle loossen, d‘USA hu jo de Krich géint d‘Taliban gewonnen.

De Beamte vu FBI déi hie sengerzäit verhaft haten, huet de Jacob Chansley gesot, datt hien extra aus Arizona ugereest war, well den US-President all d‘Patrioten opgefuerdert hätt, op Washington ze kommen. Dat allerdéngs gëtt säitens den Affekote vum Donald Trump mat aller schäerft déi sech imposéiert, zeréckgewisen. Anersäits, hat de Bibeltreie Milliardär schonn eppes gestëppelt…

mat indymedia/phx

Illustratioun (Archiv)

Annex: Urteel géint de Q-Anon Schaman aus Arizona, Jacob Chansley

Dernières nouvelles