Search

You may also like

D‘Sentinellen, e Vollek, ofgekoppelt vun der Moderner Welt
Sport

D‘Sentinellen, e Vollek, ofgekoppelt vun der Moderner Welt

Den Dout vun engem amerikanesche Missionar ënnert de Feiler vun

Editorial: Akzenter Setzen
Sport

Editorial: Akzenter Setzen

De Rapporter vum Budget kënnt aus de Reie vun der

E Sonndeg gëtt nees un der Auer gedréit
Sport

E Sonndeg gëtt nees un der Auer gedréit

Zäit kënnt an Zäit geet, mee brauch een déi Zäitëmstellung

Volleyball D1: Fenteng motivéiert, Belair gutt opgestallt

Um Samschdeg stoungen sech um Belair déi zwou Equippe géinteniwwer, déi den Usproch op den Titel an der éischter Divisioun vun den Hären am Volleyball stellen. Et huet een dann och erwaart, zemools well de Fentenger hir „éischt“ net gespillt huet, datt sech déi zweet Equippe verstäerkt hätt.

Deem war net esou, an ugesicht dem éischte Saz, war dat och net néideg. Déi Stater hu sech schwéier gedoen an de Match eran ze fannen. Eng helle Wull un individuelle Feeler hunn dem President Fred Grainsson op der Bänk d‘Suergefalen op d‘Stir gedriwwen.

Zum Enn vum éischte Saz hat Belair dann no enger gutt iwwerluechten Auszäit dann erëm kuerzfristeg d‘Heft an der Hand. Mee et huet net solle sinn, véier Matchball „verschenkt“ an en iwwerzeegend Spill vun de Fentenger hunn zu engem verdéngte 24-26 fir d‘Equipp aus dem Réiserbann gefouert.

Och am zweete Saz huet sech Fenteng vun Ufank un staark um Filet gewisen. Offensiv ass eppes riskéiert ginn, wat d‘Spill fir de Public ganz interessant gemaach huet. Säitens der Mannschaft vum Belair hat ee sech dunn awer schnell op d‘Strategie vu Fenteng kënnen astellen. De VC Belair huet d‘Spill méi flësseg gemaach an entscheet de Saz um Enn zu senge Gonschten mat 25-16.

Mat der Scheierpaart gewénkt

Am drëtte Saz hunn dann d‘Fentenger mat villen individuelle Feeler an enger schlechter Receptioun dem Team vu Kapitän Christoph Lazzarin d‘Liewen einfach gemaach. Hei huet Belair dann iwwer wäit Strecken dominéiert an entscheet um Enn fir sech de Saz verdéngt mat 25-15.

D’Fentenger wollten et net op sech sëtze loossen, a sinn op e neits ganz aggressiv an de véierte Saz eragaangen. D‘Motivatioun op béide Säite war grouss, e Kaddo fir keen dran. Esou huet de Service sech bis zum Stand vum 13-11 fir de Belair, bal stänneg ofgewiesselt.

Et war dunn alt nees eng ganz Rei schlecht Receptiounen op der Fentenger Säit, déi et der Stater Equippe liicht gemaach huet hiert engagéiert Spill duerchzebréngen. Wiesentlech besser um Filet an och mat enger gudder Receptioun beim Konter, huet de VC Belair de véierten a leschte Saz mat 25-16 verdéngt fir sech entscheet.

Fotoen: Martine de Lagardère/moien.lu

Related topics VC Belair, VC Fenteng, Volleyball 1. Divisioun
Next post Previous post