Search

You may also like

Wéinst der Hëtzt: Déierenexport bis an d’Tierkei gestoppt!
Kultur Neiegkeeten

Wéinst der Hëtzt: Déierenexport bis an d’Tierkei gestoppt!

Fir net géint d’Wuelergoe vun den Déiere bei de laange

Keng Kavalkad zu Schëffleng
Kultur Neiegkeeten

Keng Kavalkad zu Schëffleng

D‘Asbl AAFC Folklorama hat ganz motivéiert am Oktober ugefaangen déi

Polen setzt op d’Kuel fir seng Stroumproduktioun
Kultur Neiegkeeten

Polen setzt op d’Kuel fir seng Stroumproduktioun

De polneschen Energie-Grupp ENEA huet um Dënschdeg am Kuelekraaftwierk vu

Hei leeft d’Realitéit, awer virtuell, an dat am Neimënster

Hei leeft d’Realitéit, awer virtuell, an dat am Neimënster

Nom immense Succès vum VR Pavilion gëtt och 2020 déi aner Aart a Weis Filmer ze erliewen nees mat engem reegelrechte Festival zelebréiert. Dës Kéier ass et den neimënster, deen eng Dosen innovativ Wierker weist, déi an der internationaler Zeen als besonnesch Weeweisend erkläert gi sinn. Impressionnant Filmer – vu Lëtzebuerger Coproduktiounen bis zu faszinéierenden internationalen Installatiounen – gëtt ee räichhaltege Programm gebueden.

Vum 5. bis de 15. Mäerz 2020 kann de Public der interaktiver Erfarung vun der virtueller Realitéit méi no kommen. De VR Pavilion presentéiert dobäi eng Panoplie u spannende Kreatiounen, déi vun Animatiounen an Theater, iwwert Dokumentatiounen an surreal Geschichten, jo souguer duerch d’Bëscher vum Mëllerdall reechen. Fir Kleng a Grouss steet räichlech Offer zur Verfügung.

Wat gëtt gebueden?

  • 7 LIVES vum Jan Kounen
    25 Minutten, FR & EN Ënnertitel

    VR Pavillon

    7 Lives


  • ALGORITHMIC PERFUMERY vum Frederik Duerninck
    22 Minutten, FR & EN


  • COSMOS WITHIN US vum Tupac Martir
    45 Minutten, EN

    VR Pavillon

    Cosmos within us


  • A LINHA vum Ricardo Laganaro
    12 Minutten, EN & PT


  • GYMNASIA vum Chris Lavis & Maciek Szczerbowski
    7 Minutten, ouni Sprooch

    VR Pavillon

    Gymnasia


  • THE KEY vum Céline Tricart
    20 Minutten, EN


  • SUBLIMATION vum Karolina Markiewicz & Pascal Piron
    15 Minutten, ouni Sprooch


  • FOREST LOUNGE vum Benigno Perez
    6 Minutten, ouni Sprooch


  • BATTLESCAR PART I-III vum Nico Casavecchia & Martin Allais
    3 x 10 Minutten, EN


  • EX ANIMA EXPERIENCE vum Bartabas & Pierre Zandrowicz
    12 Minutten, ouni Sprooch


  • GLOOMY EYES CHAPTERS I-III vum Fernando Maldonado & Jorge Tereso
    3 x 8 Minutten, FR & EN & ES

    VR Pavillon

    Gloomy Eyes


  • SPHERES CHAPTER I-III vum Eliza McNitt
    13, 15 an 13 Minutten, EN


  • DAUGHTERS OF CHIBOK vum Joel ‘Kachi Benson
    12 Minutten, EN


  • TRAVELING WHILE BLACK vum Roger Ross Williams & Ayesha Nadarajah
    21 Minutten, EN


  • SUN LADIES vum Christian Stephen & Céline Tricart
    7 Minutten, EN


  • EVEREST VR vum Jonathan Griffith
    10 Minutten, EN


  • CIRQUE DU SOLEIL – DREAM OF „O“ vu Felix & Paul Studios
    12 Minutten, keng Sprooch


  • EX ANIMA EXPERIENCE vum Bartabas & Pierre Zandrovicz
    12 Minutten, keng Sprooch

Am Kader vum Luxembourg City Film Festival a scho fir eng 3. Kéier schenkt de Film Fund der virtueller Realitéit eng ganz besonnesch Plaz. Et ass awer eréischt dës Editioun, bei där een internationale Jury aus 3 Experten – den Toby Coffey, d’Paola Gazzani Marinelli an d’Caroline Monnet – ee Präis vu 4.000 € un dat bescht Wierk an der Selektioun iwwerreechen.

Alles, wat ee soss nach wësse sollt

De VR Pavilion am neimënster (28 rue Münster, Lëtzebuerg) gëtt vum 5. bis de 15. Mäerz 2020 organiséiert an ass vun 10:00 bis 18:00 Auer op. D’Entrée ass gratis, allerdéngs sinn d’Plaze pro Film limitéiert. Reservatioune sinn net méiglech.

D’Notze vun de VR Brëller gëtt bei Kanner ënner 13 Joer ofgeroden. Schwangere Fraen, Senioren a Persoune mat mentale Krankheeten, wéi och Persoune mat Epilepsie, Krankheeten um Häerz an ähnlech schwéier Erkrankunge sollte virun der VR Erfarung een Dokter opsichen.

Related topics Jury, Lux Film Fest, Luxembourg City Film Festival, Virtual Reality, virtuell Realitéit, VR Pavilion
Next post Previous post