Search

You may also like

„Dat wäert schonn alles gutt ausgoen“ (Kommentar)
Kultur Neiegkeeten

„Dat wäert schonn alles gutt ausgoen“ (Kommentar)

Firwat Politik am grousse ganzen, an d‘Politiker am besonneschen esou

Enquête: Wéi eng sozio-ekonomesch Impakter huet déi sanitär Kris?
Kultur Neiegkeeten

Enquête: Wéi eng sozio-ekonomesch Impakter huet déi sanitär Kris?

Fir méi iwwert dat Erlieften an d’Erwaardunge vun de Famillen

Liichtmëssdag 2021: D’Freed um Liichte muss ee sech net huele loossen
Kultur Neiegkeeten

Liichtmëssdag 2021: D’Freed um Liichte muss ee sech net huele loossen

„Mir gi liichten“ kënnegt an der Entrée vu muncher Uertschaften

De VR-Pavillon: Ab dem 4. Mäerz och mat „VR to go“

De VR-Pavillon: Ab dem 4. Mäerz och mat „VR to go“

Den Direkter vum Film Fund Luxembourg an d’Ainhoa Achutegui, Direktesch vum neimënster hunn de Programm vum Virtual Reality Pavillon virgestallt. Dëse gëtt vum 4. bis de 14. Mäerz direkt op der Plaz, wéi och bei Iech Doheem organiséiert.

Et ass déi véiert Kéier hannerteneen, datt de Film Fong der Ëffentlechkeet e Pavillon zur Verfügung stellt, deen der virtueller Realitéit gewidmet ass, dëst ass eng Zesummenaarbecht mat PHI Montreal. Si sinn op Produktioun an de Vertrib vun immersive Wierker spezialiséiert. Dobäi ginn si vun Digital Luxembourg ënnerstëtzt.

VR-Pavillon
De Guy Daleiden, Direkter vum Lëtzebuerger Filmfong presentéiert de Programm © Film Fund Luxembourg

Ee Pavillon an hybrider Form

De Publikum kann am neimënster zwee Programmer mat 13 Filmer entdecken. Mat dobäi sinn Dokumentarfilmer, animéiert Geschichten an audiovisuell Showen.

D’Organisateure bidden dës Kéier och en innovatiivt Konzept un: De „VR to Go“ fir doheem. Och hei hat PHI seng Fanger mat am Spill – si waren nämlech fir d’Entwécklung zoustänneg.

VR-PavillonAusschnëtt vu BattleScar – ze gesinn am Pavillon an och fir Doheem © Atlas V

An esou soll dat ausgesinn

VR to Go ass zu Paräis, Montreal an ab dem 4. Mäerz zu Lëtzebuerg méiglech a besteet aus der Locatioun vu VR-Headsets.

Domat kënne Lëtzebuerger Spectateuren doheem all Filmer kucken, déi am Pavillon gewise ginn. D’Headsets ginn esou programméiert, datt si einfach ze benotze sinn. An dat Ganzt gëtt zu engem demokratesche Präis ugebueden. Zu der Hygiène: D’Apparater ginn no all Gebrauch an engem ultraviolettem Desinfektiounsapparat propper gemaach.

Zur Auswiel stinn 360° Filmer – dorënner dräi Lëtzebuergesch Koproduktiounen: „Under the Skin“, „Fucking Human Factory“ a „BattleStar“.

Ab e Méindeg 1. Mäerz kënnen Headsets iwwert vrtogoluxembourg reservéiert ginn. Fir méi iwwert d’Programmatioun sou wéi d’Auerzäite vum VR-Pavillon an d’Locatioun gewuer ze ginn, sollt Dir bei filmfund.lu era luussen.

Related topics Ainhoa Achutegui, BattleScar, Film Fund Luxembourg, Fucking Human Factory, neimënster, Under the Skin, virtuell Realitéit, VR to go, VR-Pavillon
Next post Previous post