Search

You may also like

Méi Park & Ride a Busser?
Neiegkeeten

Méi Park & Ride a Busser?

Wann zu Lëtzebuerg vu Mobilitéit rieds ass, stinn deene meeschte

Trick’Art Festival 2020: Skateboarding, Musek a Workshops zu Diddenuewen
Neiegkeeten

Trick’Art Festival 2020: Skateboarding, Musek a Workshops zu Diddenuewen

Déi 3. Editioun vum Trick’Art Festival, organiséiert vun der Rawdogs

Den Alain Reuter ass neie President vun der CNAP an dem FDC
Neiegkeeten

Den Alain Reuter ass neie President vun der CNAP an dem FDC

Kuerz virun de Feierdeeg krut den Alain Reuter bei enger

Vu béisen Absichten a schappeger Politik

Am Kontext vun der sozialer Rentrée, huet den CGFP-Nationalvirstand mat der Fauscht op den Dësch geschloen

Vu béisen Absichten a schappeger Politik

D‘Pressekonferenze vun der CGFP sinn eng gutt Geleeënheet an Erfarung ze bréngen, wéi sech Affekoten an Immobilienhändler mat politeschem Mandat esou als Patron bewäerten, an et dierf ugemierkt ginn, dat si sech vun hiren amerikanesche Virbiller inspiréiere loossen, bezunn op den Ëmgang mat hire Fonctionnairen.

Wann et der Regierung hir Aufgab ass, fir d‘Wuel vum Land a senge Bierger ze agéieren, esou muss datt och fir déi direkt „administréiert“, also déi beim Staat beschäftegt Mënschen esou zoutreffen. Hei schéngt et awer nach Defiziter ze hunn. Et stellt sech weiderhi mat Erschrecke fest, datt all déi Juriste bannent der Regierung, erhieflech Problemer mat der Definitioun Interessevertriedung hunn.

Esou huet sech um Méindegmueren den Nationalvirstand vun der CGFP (Daachverband vun alle Gewerkschaften am ëffentlechen Déngscht) mat der „Feelinterpretatioun“ säitens der Regierung, am Bezuch op d‘Gehälterofkommes aus dem Mäerz misse beschäftegen. Hei hat d‘CGFP, am Kontext vun der Pandemie an de Problemer déi se matbruecht huet, Verantwortung a Respekt gewisen.

Vun der CGFP war am Accord festgehale ginn: „Dësen Accord wäert keng strukturell finanziell Erhéijung enthalen“ an d‘Regierung huet dat als Fräibréif verstanen, fir den autonom agéierende Verbandsmemberen all sektoriell Verbesserungen auszeschloen, respektiv dësen ze erklären, datt d‘CGFP sektoriell Fuerderunge vu vireran ausgeschloss hätt. Dat ass mat voller Absicht gelunn.

Et hätt ee Besseres ze dinn

De Generalsekretär Steve Heiliger huet dann och véier Beispiller genannt, déi androcksvoll op de Beholl vum Minister vun der Fonction Publique, Marc Hansen (DP) hiweisen. A wann ee sengen Entscheedungen eppes Opmierksamkeet schenkt, da kritt een d‘Gefill, datt de fréiere Journalist nach mat esou munche Fonctionnairen a Beamten eng Rechnung opstoen huet. Dofir ee Rappell.

Fakt ass, datt am Mäerz d‘CGFP an enger ugespaanter Situatioun keng Punktwäerterhéijung wollt an Usproch huelen. „De Verzicht op eng generell Gehaltserhéijung bedeit awer net, dat finanziell Opwäertunge a gewësse Beräicher vum Staatsdéngscht vu vireran ausgeschloss sinn“, esou de Generalsekretär Steve Heiliger. Hien notéiert weider, datt den Accord absichtlech mëssbraucht gëtt.

CGFP© Martine de Lagardère /moien.lu

An de Minister Marc Hansen (et ass och dee mat der Digitaliséierung vun de Senioren) ass net bei sengem éischte Versuch, den Daachverband géint d‘Memberorganisatiounen auszespillen. Do dierf ee sech wonneren, well entweder war de Marc Hansen ee ganz schlechten oder ee „bezuelte“ Mann vu der journalistescher Meenungsbildung. Vläicht ass „Dissens schafen“ awer och just säi Fetisch…

Wann den Dialog „ondäitlech“ Zich kritt, muss ee formell ginn, firwat elo d‘CGFP an déi juristesch Geschirkëscht muss gräifen. Eng Kanzlei ass beoptraagt ginn, eng juristesch Expertise vum am Mäerz ofgeschlossene Gehälterofkommes ze maachen. Dann ass et nees un der Regierung, hir Argumenter dergéint ze halen. Onnëtz Zäitverschwendung fir eis, ee fiichten Dram fir de Minister.

Zäit gëtt net genotzt, aus Grënn

Ee weidere fir d‘Bierger net novollzéibaren Nonsens: wéini gëtt et Reegele fir den Télétravail? De Staat hätt hei eng riseg Chance mam gudde Beispill virzegoen, an hat selwer wärend der Pandemie ob déi immens Virdeeler (jo net an alle Beräicher an och net op all Mënsch uwennbar) vun dëser Aarbechtsweis higewisen. Dat sinn a kierzt zwee Joer hir, an d‘Politiker si kee Meter weider.

Dobäi war den Télétravail och Géigestand vun den Diskussiounen zum Gehälterofkommes an et gouf sech (dat war am Mäerz, just zur Erënnerung) drop verstännegt een neie rechtleche Kader fir de gesamten ëffentlechen Déngscht auszeschaffen. D‘CGFP huet dofir en Aarbechtsgrupp agesat, deen an der tëscht en ëmfangräiche Fuerderungskatalog ausgeschafft a virgeluecht huet.

Hei déi grouss Zich: den Télétravail dierf kengem opgezwongen oder verbuede ginn, et brauch hei dat géigesäitegt Averständnes. D‘Aarbechtslaascht dierf net méi grouss sinn, wéi „um Büro“ an et muss ee Recht op Deconnectioun hunn. Et dierf net zu Nodeeler bei der Besteierung, de Beiträg zur Sozialversécherung an/oder eng Verschlechterung vun den Aarbechtskonditioune kommen!

Firwat et säitens der Regierung bis haut weder eng Propose nach soss Fortschrëtter an dësem Kontext huet, léist sech net novollzéien. Dobäi huet de Wirtschafts- a Sozialrot (CES) schonn am Oktober 2020 vun der Regierung ee legale Kader fir den Télétravail gefuerdert. A jo… et kee behaapt, datt et géif einfach ginn, firwat e vläicht endlech mat der Aarbecht sollt ufänken.

Bewäertungen am ëffentlechen Déngscht

Am Kontext vum Gehälterofkommes, war jo och de Problem vum onméigleche Bewäertungssystem bannent der Fonction Publique nees op de Leescht geholl ginn. Hei gouf sech drop verstännegt, datt bis Juli 2022 dëst drolegt Konzept enger schounungsloser Analys ënnerzu muss ginn. Dat an enger paritéitesch besater Aarbechtsgrupp, déi d‘Schwäche vun dësem System oppen duerzeleeën.

Fir awer eng seriéis Analys maachen ze kënnen, sollt een Zougang zu Daten hunn, wat awer nees entweder dorunner scheitert, datt et dës Donnéeën net huet oder den Aarbechtsgrupp keen Zougang zu dësen huet. D‘Regierung hat hirersäits proposéiert, zesumme mat der CGFP ee Sondage bei de Beamten ze maachen, fir hir Positioun zum Bewäertungssystem ze ermëttelen. Wat seet d‘CGFP?

Am Nationalvirstand ass dës Propos vehement zeréckgewisen, an dat wuel zurecht, well et heescht hei: „Sech Joer no der Aféierung vun der Bewäertung steet elo scho fest, datt dës Schikan esou iwwerflësseg ass, wéi eng Sandkëscht an der Sahara“. An tatsächlech. De ganzen Opwand steet net a Relatioun zu de Resultater déi hei erauskommen. Zudeem kënnt et hei zu „Manipulatiounen“.

Déi Verwaltungscheffe wëlle bei der Evaluatioun, déi vun 1 bis 4 geet, weder ee Kräiz bei der 1, nach bei der véier… Dat wëll béid Bewäertungsnouten hinnen net geleeë kommen. An nach emol eppes Grondsätzleches: de Staat ass kee profitorientéierte Produktiounsbetrib. Dëse System ganz ofschafen ass fir d‘CGFP an hir ugegliddert Gewerkschaften déi eenzeg envisageabel Léisung.

Zäit fir eppes Sozialdialog

Bei der CGFP ass engem net entgaangen, datt sech esouwuel d‘Wirtschaft als Ganzes, wéi och d‘Staatsfinanzen am besonneschen erhuelen. D‘CGFP notéiert an dësem Zesummenhang, datt eng Austeritéitspolitik zu laaschte vun de Menage mindestens Frowierdeg wier. Hei gouf dann och drop bestanen, datt d‘Sëtzung vun der Tripartite keng drëtt Kéier dierf verluecht oder erausgezögert ginn.

Ee weider Problem am Kontext vu Sozialdialog: Ouni grouss mam Sozialpartner geschwat ze hunn, huet d‘Regierung de Service Mediatioun am ëffentlechen Déngscht, dem psychosozialen Déngscht entzunn an dem „Zivillen a Kommerzielle Mediatiounszenter“ iwwerdroen. Dat ass eng Erfindung vun der Handelskummer an der Handwierkerkummer. Passt dat dann zum ëffentlechen Déngscht?

CGFP© Martine de Lagardère /moien.lu

D‘CGFP huet duerchaus Argumenter déi dergéint schwätzen. Eppes wat awer mat béiser Absicht hei „ënnert der Hand“ agefouert gëtt: esou eng Mediatioun/Schlichtung kascht richteg Geld, an esouguer wann de Beamten eng anstänneg Pai huet, esou ass dës Mesure eenzeg zum Zweck agebaut ginn, fir d‘Leit vun enger Schlichtung ofzehalen. Wann ee vum Zäitgeescht ageholl gëtt…

Zu gudder lescht huet sech dann nach den CGFP-President Romain Wolff zur Aféierung vum CovidCheck an den Entreprisen an Administratioune positionéiert. Hie stellt fest, wat eis schonn unhand dem leschte Pressebriefing nom Regierrungsrot opgefall ass: d‘Regierung verlagert seng Verantwortung op déi jeeweileg Cheffen/Direktere vun de Verwaltungen. Eppes einfach oder?

Richteg Bosseg ass dëse Prinzip vun der „Delegatioun vun der Verantwortung“ besonnesch dann, wann dës Cheffen/Direkteren offiziell de CovidCheck „fakultativ“ dierfen duerchféieren, si dann awer nees um direkte Wee ugehale ginn, dës Prozedur gefällegst duerch- an ëmzesetzen. Et geet jo drëms datt een „de richtege Choix“ trëfft. Wéi een androcksvoll mierkt: dës Zopp ass nach gliddeg.

Foto: © Martine de Lagardère /moien.lu

Related topics Bewäertungssystem, CGFP, CovidCheck, Gehälterofkommes, Regierung, Teletravail
Next post Previous post