Search

You may also like

Et géif eng nei Pandemie, mengt d‘Bundeskanzlerin
International Neiegkeeten

Et géif eng nei Pandemie, mengt d‘Bundeskanzlerin

Der Bundeskanzlerin Angela „Mutti“ Merkel ass et zanter Ufank vun

Subventioune fir de Logement
International Neiegkeeten

Subventioune fir de Logement

No der Presentatioun vum éischten Tëschebericht zum spezielle Fonds fir

Opgepasst: Saisonsbedingte Wëldwiessel!
International Neiegkeeten

Opgepasst: Saisonsbedingte Wëldwiessel!

De Fall gesat et wier iech entgaangen: wëll Déieren halen

WHO-Chef vu China enttäuscht

Am Kontext vun den Ermëttlungen zum Ursprong vum Coronavirus SARS-CoV2 zu Wuhan, huet den Tedros Adhanom Ghebreyesus weider Ënnersichungen, besonnesch betreffend déi ëmstridde Laboratoire-Hypothees, vun de chineseschen Autoritéite gefuerdert

WHO-Chef vu China enttäuscht

Et kënnt seele genuch vir, fir datt een et ervirhiewe kann: Um Dënschdeg huet den Direkter vun der Weltgesondheetsorganisatioun (WHO) der chinesescher ganz onverblimmt virgeworf, d‘Missioun vun de WHO-Experte behënnert ze hunn. Esou hätten déi zoustänneg Autoritéiten den Enquêteuren net genuch Daten zur Verfügung gestallt. Esou kéint net seriéis no den Urspréng vum Virus sichen.

„Ech erwaarden an Zukunft gemeinschaftlech Etüden, fir zäitno an ëmfaassend all d‘Daten ënnert enaner auszetauschen, fir besser informéieren a gemeinsam Aktioune bestëmmen ze kënnen“, esou den Tedros Adhanom Ghebreyesus beim Briefing vun de WHO-Länner, wou och de ganze Bericht virgestallt ginn ass. Hien huet och nach emol de Verdacht vun engem „Feelversuch“ ugeschwat.

Zwar ginn d‘WHO-Experten och éischter dovunner aus, datt den Ursprong vum Virus bannent der Flantermaus ze sichen ass, mee d‘Thees vum „Accident an engem Laboratoire“ hält sech „wei de Geck un de Bengel“ a muss ofschléissend gekläert ginn. Hei missten déi chinesesch Autoritéiten nach gehéierlech Efforten a punkto Transparenz maachen, a weider Ermëttlungen ënnerstëtzen.

Wollten si d‘Mënschheet ausläschen?

„Méiglech wier et weider Missioune mat Spezialisten ze organiséieren, mee China muss dat dann och wëllen“, esou den Tedros Adhanom Ghebreyesus. D‘Amerikaner, déi den Ament net esou op d‘Chinesen ze sprieche sinn, hunn de Positionnement vum WHO-Chef genotzt, fir dem „Feind“ onbemierkt an d‘Weechdeeler ze trëppelen. China géif absichtlech Informatiounen zeréckhalen…

Gutt elo ass d‘Positioun vun den USA net nei, an et géif hinne ganz geleeë kommen, wann et dann iergendwann sollt méiglech ze beweisen, datt de Virus net nëmmen aus engem chinesesche Labo „accidentellement“ entwëscht ass, mee virun allem, datt de kommunistesche Regimm de Virus als biologesche Kampfstoff entwéckelt huet. Dat gëtt allerdéngs als puer Science-Fiction duergestallt.

Firwat? Ma déi 17 international Experten, déi d‘WHO op Wuhan geschéckt huet fir ze enquêtéieren hu schonn eng zimlech däitlech Virstellung, wat den Ursprong vum SARS-CoV2 ugeet. Als éischte Verdächtege gëtt d‘Flantermaus genannt, mee och Schuppendéier, wéi beispillsweis de Pangolin, hu sech als Kandidat ugebueden. Zudeem kann net mat Sécherheet gesot ginn, datt Wuhan de Start ass.

Et huet eppes vum „Hong an dem Ee“

Aus dem WHO-Bericht ass zimmlech däitlech ze enthuelen, datt de Coronavirus net eréischt am Dezember 2019 zu Wuhan op de Mënsch iwwergaangen ass. Leider feelt et och hei u gudden a verléisslechen Daten, firwat eng weiderféierend Etüd zwéngend ugeroden ass. Eng „Fuite“ aus dem Laboratoire gëllt dogéint weiderhin als „mat den Hoer erbäigezunn, dat gesinn d‘USA anescht.

Den Andy Slavitt, Beroder vum Wäissen Haus a Saache Coronavirus, weist drop hin, datt et keng Enquête zur absichtlecher Fräisetzung vum Covid19 ginn huet, an dat och muss gekläert ginn, well d‘Chinesen esouwuel d‘Moyenen an d‘Méiglechkeeten hunn, wéi se en Interessi dorunner hunn d‘Weltuerdnung nei ze gestalten. Si hätte gutt grënn gehat d‘Missioun méintelaang ze blockéieren.

Richteg ass dann och, datt Peking sech ee ganzt Joer Zäit ginn hat, fir der WHO-Missioun, no den US-Presidentschaftswalen zouzestëmmen. Et dierft och eppes um Virworf dru sinn, datt Afloss op d‘Endversioun vum Rapport geholl huet, nach huet dat Ganzt jo och ee gréissere politesche Volet.

Illustratioun: Wann een et net besser wéisst, misst ee behaapten, datt d‘Politiker ausser enger ganz schlechter Gestioun vun der Kris, nach just hir Hänn an Onschold wäsche wëllen. © Myriam Zilles / unsplash

Related topics Bericht, China, Covid19, Laboratoire, SARS-CoV2, WHO, Wuhan
Next post Previous post