Search

You may also like

Nee! Zum Klimakiller EU-Mercosur
Neiegkeeten Stories

Nee! Zum Klimakiller EU-Mercosur

„Datt méi europäesch Ausseminister, dorënner och de Jean Asselborn, d‘Fräihandelsofkommes

dislike
Nom Bluttbad vu Gaza verschäerft sech den Toun tëscht der Tierkei an Israel
Neiegkeeten Stories

Nom Bluttbad vu Gaza verschäerft sech den Toun tëscht der Tierkei an Israel

Um Donneschdeg ass den israeleschen Ambassadeur an der Tierkei gebiede

Tournage vun „Mission Impossible 6“ ënnerbrach
Neiegkeeten Stories

Tournage vun „Mission Impossible 6“ ënnerbrach

Well sech d’Star Tom Cruise beim Tournage vum sechsten Opus

Vu Cider, engem Food-Truck an Eisekuchen

Bur am Kanton Rouspert-Mompech ass d‘Heemecht vun der international renomméierter „Ramborn Cider Co.“. Eng Entreprise déi sech dem Viz an allem wat domatter zesummenhänkt verschriwwen huet. Hei war e Sonndeg e klengt Fest organiséiert ginn, wou ee nieft der Degustatioun och den „Tour vum Proprietär“ huet dierfe matmaachen. Et huet sech deemno gelount emol luussen ze goen.

Enn September 2018 war „Ramborn“ an kader vun der Entwécklung vum Tourismussecteur vum Wirtschaftsministère an sinn an der Kategorie „Zirkular Wirtschaft an nohalteg Entwécklung“ mam „Tourism Innovation Award“ ausgezeechent ginn. 2019 ass et der Entreprise dann och gelongen sech international ervirzedoen. Si ware mat um Start bei den International Brewing a Cider Awards.

A wei et sech fir esou kléngt Land gehéiert, hu si „mir näischt dir näischt“ bei de Briten einfach 5 Medailen (2x Gold, 1x Sëlwer, 2x Bronze) zougesprach kritt. Dat fir emol de Kader ze fixéieren. Et kann ee sech drop behaapten datt en um Enn ëmmer eng Fro vum Goût ass, fir wéi ee Produkt dat eegent Häerz schléit, méi bei der ugebuedener Auswiel sollt fir jiddereen eppes derbäi sinn.

Bei hirem Fest awer hunn se alleguerten d‘Féiss gutt a fest um Buedem gehat, oder anescht zum Ausdrock bruecht: „Si hunn den Houfert net eraushänke gelooss“. Dat mécht si nach eng Grëtz méi sympathesch an d‘Iddi e Food-Truck an en Eisekuchemann am Haff ze installéieren, war genial. Eis huet et gutt gefall, den Deplacement war et wäert, a wien emol an der Géigend ass sollt erakucken.

Foto: © Martine de Lagardère/moien.lu

Related topics Bur, Ramborn Cider Co., Ramorn
Next post Previous post